Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Embargo, Iran im Würgegriff der USA

Kritik

Embargo, Iran im Würgegriff der USA

Den Iran a seng Embargoe sinn eng komplizéiert a laang Geschicht. Zanter 40 Joer läme Strofmoossnamen d'Land. Mee nach ni war et fir déi iranesch Bevëlkerung esou schwéier mam Embargo ze liewe wéi elo. D'Dokumentatioun: "Embargo: Iran, im Würgegriff der USA" beliicht eng komplex politesch Situatioun. D'Lara Bousch mat engem Filmtipp aus der Arte Mediathéik.

auto_stories

3 min

Foto: arte

Zanter dem Ajatollah Khomeini 1979 liewen d'Iraner ënner Sanktiounen. De Mullah Regimm gëtt beschëllegt den Terrorismus ze finanzéieren duerch hir Revolutiounsgarden. Dës paramilitäresch Organisatioun beliwwert d'Hizbollah am Libanon an déi palästinensesch Widderstandsbeweegungen, déi Israel bedroen an déi gesamt Schiitten am Noen Osten ënnerstëtzen.

Och de Barack Obama, d'UN an d'EU hunn Sanktioune géint den Iran verhaangen an der Hoffnung, datt si hire Programm vum Bau vun Atombommen astellen.

De 14. Juli hunn d'Iraner du gefeiert. Et ass den Dag vum Wiener Ofkommes, andeem den Iran sech d'Accord gewisen huet säin Atomprogramm zum Bau vu Waffen anzestellen.

Ära Donald Trump

Dëst Atomofkommes huet et auslännesche Firmen erlaabt, sech am Iran nidderzeloossen oder mam Iran Geschäfter ze maachen. Esou hu virun allem europäesch Firme wéi Peugeot oder Total vun der Ëffnung profitéiert. Ausgeschloss vum Deal war awer all Transaktioun mat den USA, déi schwéier Strofe géint Firme wéi zum Beispill Banke verhaangen hunn, déi am Iran mat Dollare gehandelt hunn.

Den Donald Trump huet sech aus dem Wiener Ofkommes erausgezunn an international Sanktiounen ausgeschwat fir all Mënsch, dee mam Irak Geschäfter mécht. Véierzeg Joer no den éischte Sanktiounen ass d'Liewen am Iran domadder esou schwéier wéi nach ni.

International Politik ze verstoen ass keng Selbstverständlechkeet, wann ee sech net vill mat dësen Evenementer auserneesetzt. Virun allem Situatiounen am Noen Osten si fir eis westlech Gesellschaft net einfach ze iwwerblécken. Et kritt een ëmmer erëm an den Noriichten eppes mat. Zum Beispill wéi den Donald Trump sech d'lescht Joer aus dem Atomofkommes mam Iran zeréckgezunn huet. An datt dëst anscheinend e grousse Réckschlag war. Mee firwat? A wat bedeit et fir d'Iraner an hirem Alldag?

E gudden Iwwerbléck

D'Dokumentatioun "Embargo: Iran im Würgegriff der USA" versicht a 60 Minutten d'Hannergrënn an d'Bedeitung vum Atomdeal fir den Iran ze erklären.

Fir d'Erzielung bedéngt sech d'Dokumentatioun u verschiddene Perspektiven, wat d'Verhandlungen an d'Konflikter ugeet. Dëst un Hand vun Interviewe mat internationalen Experten, souwéi fréiere Ministeren an Ambassadeure vun Amerika oder Iran. Déi Aussoe maachen et dem Spectateur méiglech nozevollzéien, wéi den internationale politeschen Apparat funktionéiert a wat et bedeit, wann Amerika Sanktioune géint e Land ausschwätzt. Et versteet een op emol, wéi vill Muecht den amerikanesche Finanzministère huet a firwat et net sou einfach ass, deem ze trotzen. Firwat reagéieren Europa oder d'UN net, wann et mol keng Medikamenter méi an den Iran packen? Firwat bidde se den Amerikaner net einfach d'Stier?

D'Dokumentatioun "Iran, im Würgegriff der USA" ass zwar kuerz, mee bitt duerch hir knapp geschnidden Aussoe vun internationalen Acteure verständlech Äntwerten op dës Froen. A se gëtt engem Laien d'Méiglechkeet, wéi an engem Crashcours, en Iwwerbléck ze kréien iwwer ee grousse politesche Konflikt a seng Repercussiounen op d'iranesch Bevëlkerung.