Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hir Kultur hänkt vun Äis a Schnéi of"

D'Inuit an de Klimawandel

"Hir Kultur hänkt vun Äis a Schnéi of"

Am Kader vun der Weltklimakonferenz treffen sech zu Paräis 147 Staats- a Regierungscheffen fir Léisungen ronderëm de weltwäiten Klimawandel ze fannen. D'Arktis ass eng vun de Regiounen wou des Verännerungen am stäerksten ze spiere sinn, a wärt onweigerlech ee vun den Haaptdiskussiounspunkte sinn. Déi kanadesch Regierung ass ënner Zochzwang. Yascha Wecker/ckl

auto_stories

5 min

Ee klengt Inuit-Duerf am Norden vun der Provenz Québec ©Claire Bauler

Zanter enger Woch steet am Zentrum vu Montreal eng riseg Skulptur vun engem Äisbier. Et ass eng Skulptur aus Äis, déi lo – Drëps fir Drëps – virun sech hischmelzt. Den Äisbier soll am Kader vun UN-Klimakonferenz zu Paräis op d'Konsequenze vum Klimawandel an der Arktis opmierksam maachen. D'Ëmweltorganisatioun WWF wëll domat weisen, wat fir Konsequenzen eng méi héich Temperatur an der Arktis kann hunn. "Wann de Niveau vum Waasser klëmmt, da gi verschidde Gemeinschafte méi aarm a musse méi wäit goe fir ze joen", zielt d'Sophie Paradis vu WWF op. Fir si ass d'Äerderwäermung "eng global Fro déi eis all betrëfft".

De Klimawandel an der Arktis ass tatsächlech ee wichtegen Enjeu fir Kanada. Bal d’Halschent vum sengem Territoire läit iwwert dem nërdleche Polarkrees. An et ass an deene Regioune wou d'Konsequenze vum Klimawandel am stäerksten ze spiere sinn. Déi déi am meeschte vun dëse Konsequenze betraff sinn, sinn déi ronn 60.000 Inuit, déi do liewen. "Si sinn am Stäerkste betraff well hir Kultur vun Äis a Schnéi ofhänkt", seet de Reinhard Pienitz, deen zanter méi wéi 20 Joer d’Verännerunge vum Klima an der kanadescher Artkis studéiert.

 "D'Wieder ännert vill méi séier wéi virdrun"

D’Inuit liewen och haut nach staark am Aklang mat der Natur. Fir si sinn d’Verännerungen vum Klima dowéinst eng ganz Rei nei Erausfuerderung. Dat fänkt mat der traditioneller Séihondjuegd un, déi wéinst de fragilen Äismassen an neie Wiederphänomener méi geféierlech ginn ass. "D'Wieder ännert vill méi séier wéi virdrun, de Wand kënnt vum Land, a spléckt d'Äis, de Risiko fir d'Inuit ass reell", erklärt de Klimatolog a Permafrostspezialist Michel Allard.

E groussen Deel vu Kanada läit iwwer dem nërdleche Polarkrees

Mam Schmelze vum Äis an der Arktis klëmmt och den Niveau vum Mier, an di einheimesch Populatioune gi gezwongen ëmmer méi wäit an d’Banneland ze goen. Donieft verännert de Klimawandel och den natierleche Liewensraum fir verschidden Déiere a Planzenzorten, déi ee wichtegen Deel vun der Alimentatioun vun den Inuit sinn. D’Populatioun vum nordamerikanesche Rendéier, dem Caribou, ass beispillsweis schonn drastesch gefall. An am Joer 2013 hat eng Grupp vun internationale Chercheuren virausgesot, datt wann d’C02-Emissiounë stabel bleiwen, d’Caribouen bis 2080 ee Groussdeel vun hirem natierleche Wunnraum kéinte verléieren. Fir d’Inuit sinn all des Verännerunge schwéier anzeschätzen.

Regierung forcéiert ze agéieren

"Virun honnert Joer hunn si nach wéi Nomade gelieft, mat hire Schnéischlitter an den Igluen. Lo hunn si de Problem, datt hiert Ëmfeld sech op ee Coup verännert", seet de Reinhard Pienitz.

Am Virfeld vun der Klimakonferenz zu Paräis huet déi nei kanadesch Regierung elo versprach géint d’Äerderwäermung virzegoen. Deemno wëll d’Regierung iwwert déi nächst 5 Joer 2,6 Milliarde kanadesch Dollar investéieren, fir den Entwécklungslänner beim Kampf géint de Klimawandel ënner d’Aarm ze gräifen. Donieft hu verschidde kanadesch Provënzen isech iwwer déi läscht Wochen engagéiert, fir hier Emissiounen erofzeschrauwen, dorënner d’Prairieprovenz Alberta, déi no laanger Zäit d’Emissioune vun den ëmstriddenen Uelechstänn wëllt limitéieren an eng Tax op den CO2-Ausstouss wëllt aféieren.

Zouversiicht

"Grad well Kanada jo besonnesch betraff ass, duerch d'Arktis, ass et wichteg datt déi kanadesch Delegatioun zu Paräis déi richteg Akzenter setzt", mengt den Reinhard Pienitz.

D’Skulptur vum Äisbier am Zentrum vu Montréal schmëlzt weider, an dat nach bis d'Klimakonferenz zu Paräis eriwwer ass, den 11. Dezember. De Michel Allard ass zouversiichtlech, dass d’Arktis eng grouss Roll an dësen Diskussioune wärt spillen. An och d’Sophie Paradis vum WWF as iwwerzeegt, dass d’Länner op der Klimakonferenz een neien Accord wäerte fanne fir d’Äerderwäermung ze bremsen. Hirer Meenung no kéint een et sech elo ganz einfach net méi erlaben, net optimistesch ze sinn.