Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Drogekonsum a Kannererzéiung passt net"

Drogen a Mënschen

"Drogekonsum a Kannererzéiung passt net"

Drogen, esou wuel legaler wéi och illegaler, si Gëft fir schwanger Fraen an hire Fötus. An awer ginn et Fraen, déi erwaarden a consomméieren. Ongeféier 15 bis 20 vun hinne fannen de Wee an de Service parentalité vun der Jugend- an Drogenhëllef hei zu Lëtzebuerg, well si eppes un hirem Konsum wëllen änneren.

auto_stories

9 min

Drogen an alle Formen si Gëft fir de Fötus (Foto: Bigstock / Idealist)

De Rob Lamborelle ass Diplompsycholog a leet de Service parentalité, deen et zanter 18 Joer gëtt. Hien ass deen eenzege Mann a sengem Team, mee hien huet vill Empathie a Versteesdemech fir déi zukünfteg Mammen. D'Missioun vu sengem Service:

"D'Wuel vun de Kanner, d'Sécherheet vun de Kanner, déi Suchtfamille grouss ginn an doduerch ville Risiken ausgesat ginn. Ech denken, duerch fréizäiteg Interventiounen, scho wärend der Schwangerschaft an dat esou fréi ewéi méiglech, kann een an deene Suchtfamille ganz vill erreechen. Et kann een de Kanner d'Sécherheet ginn an d'Elteren an hirer Kompetenz stäerken an da kann een eppes bewierken, dat ganz wichteg ass: Datt Drogenofhängeger och kënne gutt Eltere ginn."

An der Ëffentlechkeet an esou guer an der professioneller Ëffentlechkeet wier dat net ëmmer esou selbstverständlech, bedauert de Rob Lamborelle.

Vun den Droge fortkommen

D'Jugend- an Drogenhëllef ass bei Drogenofhängegen zu Lëtzebuerg bekannt. Wa Fraen, déi vum Heroin wëlle lasskommen an e Substitutiounmëttel, wéi Methadon kréien, kann et dacks zu ongewollte Schwangerschafte kommen, well d'Fraen duerch dës Substanz nees méi fertile ginn, seet de pensionéierte Pediater vum CHL, den Dr. Roland Seligmann.

D'Fraen an eventuell och hire Partner oder Partnerin gräifen dann dacks de Service parentalité zeréck a ginn op d'Elteresinn präparéiert.

Zesumme mat hinne gëtt gekuckt, wéi een e Sevrage kann organiséieren oder op d'mannst wéi een de Konsum esou niddreg kritt, datt de Risiko fir de Fötus verréngert gëtt, seet de Rob Lamborelle. Dobäi géif et an éischter Hisiicht nach net direkt drëms goen, clean ze ginn, mee datt esou mann ewéi méiglech consomméiert gëtt.

Heroin kéint zum Beispill duerch e Substitutiounsmëttel, wéi Methadon ersat ginn. Ma och dat wiere Substanzen, déi op de Fötus wierken. Dat Neigebuerent kéint och duerch esou Substanzen no der Gebuert e Sevrage weisen.

"Mir nennen dat een neonatalen Abstinenzsevrage. Mat Unzeechen, déi d'nämmlecht sinn, wéi bei engem Erwuessenen, wann en een AF also Entzuchserscheinungen huet."

Problemer fir de Fötus an dat Neigebuerent

Esou Symptomer kënne sinn, datt e Kand ganz rapid ufänkt ze zidderen, seet den Dr. Roland Seeligmann. Neigebuerener kënnen och grouss Problemer hunn, fir roueg ze schlofen, si kënnen dacks an de Schweess geroden

"An dat Ziddere kann esouwäit goen, datt e Kand ufänkt ze krämpen. Dat ass ganz intensiv, dat hunn ech ee Mol erlieft. Dann hunn déi Kanner eng grouss Häerzfrequenz, si hu Schwieregkeete fir ze drénken, se hunn dacks eng Aart a Weis ze kräischen, déi ganz speziell ass."

Nämlech e schrillt Jäizen aus enger Detresse an enger Souffrance eraus. Fir festzestellen op e Sevrage beim Neigebuerenen do ass, gëtt mat engem Score geschafft, Dr. Roland Seligmann. An deem Fall géif all Symptom eng Ziffer kréien: Nuk, wa kee Symptom ze erkennen ass an dräi, wann d'Symptom intensiv ze erkennen ass. Bei Krämp ginn et fënnef Punkten.

"Wann een zesumme méi, ewéi aacht Punkten huet, dann ass ee bei engem Sevrage. Déi meescht Kanner, déi ech an engem Sevrage gesinn hunn, hunn Zifferen, déi tëscht 15 an 20 leien."

Den Dr. Roland Seligmann huet d'Känguru-Method am CHL agefouert

Dobäi dierf net vergiess ginn, datt all Form vun Drogen op de Fötus wierkt, esouwuel illegaler, wéi Kokain, Extasy, Heroin awer och legaler, wéi Medikamenter, ganz geféierlech ass en héije Konsum vu Berouegungsmëttel, Nikotin an Alkohol.

Den Alkohol, esou den Dr. Roland Seeligmann, wier dobäi déi geféierlechst Drog fir de Bëbee. Wann eng Mamm bal all Dag Alkohol consomméiert, kéim et zu engem syndrome d'alcoolisme fœtal.

"Dat bréngt mat sech, datt d'Kand Kleinwuchs huet, datt et e Gehier huet, dat net gutt wiisst, an der Gréisst, mee och wou déi Nervenzellen, déi d'Gehier konstituéieren sech anormal positionéieren. Déi ganz Architektur vum Gehier ass krank. Eng Onmass vu Saachen."

Virum Grënnungsjoer 2003 vum Service parentalité vun der Jugend- an Drogenhëllef ass et zu Lëtzebuerg kee Service ginn, dee sech ëm Drogesuchtfamille gekëmmert huet.

Bis virun 2003 sinn d'Kanner dohier am Prinzip guer net bei hiren Elteren opgewuess, wa bekannt war, datt Drogen am Spill sinn. Och nach haut hätten alleguer d'Fraen, déi bei de Rob Lamborelle a seng Ekipp an de Service parentalité kommen, grouss Angscht, datt hiert Kand géif placéiert ginn.

Och d'Maternitéen an aner Professioneller begéine Frae mat deene Suergen. Dowéinst géif ee probéieren, direkt mat de Schwangeren driwwer ze schwätzen.

"Selbstverständlech ass eis éischt Missioun de Schutz an d'Sécherheet vum Kand a mir vun eisem Service sinn och dofir do, fir d'Kand a Sécherheet ze bréngen, wa mir gesinn, datt et Doheem net klappt. Wann eng schwanger Fra ganz vill um Konsum ass, kucke mir, datt de Bëbee am Bauch an eng Sécherheet kënnt, mat der Mamma, zum Beispill duerch eng Hospitalisatioun oder duerch eng Aweisung an d'Psychiatrie."

Am Idealfall sichen d'Mamme spéitstens am zweeten Trimester, also nom drëtte Schwangerschaftsmount Hëllef bei der Jugend- an Drogenhëllef. Et géif dann och versicht ginn, de Stress an dat eventuellt chaotesch Ëmfeld vun der zukünfteger Mamma ze reduzéiere respektiv ze reegelen.

De Rob Lamborelle hëlleft drogesüchtege Fraen, déi e Kand erwaarden, vum Konsum lasszekommen

"Vill Ënnersichunge weise jo och, datt och e Bëbee am Bauch ganz villes matkritt an och Stress wierkt sech op seng Entwécklung am Bauch aus. Da kucke mir och mat de Maternitéen, hei zu Lëtzebuerg ginn et véier Maternitéen, an déi zwou an der Stad si méi spezialiséiert sinn, wéi déi zu Esch oder zu Ettelbréck fir Soinen ze ginn, wann de Bëbee e Sevrage weist."

D'Maternitéë schaffe mam Service parentalité zesummen. Dat ënnert anerem fir d'Fraen ze gewannen, no der Gebuert vun hirem Baby ze hëllefen, en eventuelle Sevrage ze detektéieren an ze hëllefen, de Bëbee esou gutt et geet a sengem neien Ëmfeld ze empfänken.

An dat mat der sougenannter Känguru-Method, déi vum Dr. Seligmann vum CHL an den 2010er Joren agefouert ginn ass. D'Känguru-Method weist, datt e Bëbee immens u seng Mamm gebonnen ass.

"Wann e Bëbee an enkem Kontakt ass, Haut op Haut, kritt en eng ganz Rei Saache iwwert de Kontakt mat senger Mamm mat, déi maachen, datt e sech berouegt. Gewéinlech, wann de Bëbee e Sevrage mécht, kommen d'Symptomer bannent 48 Stonnen no der Gebuert, maximal no enger Woch."

Wann d'Kanner e Score beim Sevrage vu 15 Punkten oder méi hunn, kann d'Känguru Method hëllefen, dëse Score bannent 24 Stonnen op manner wéi aacht Punkten ze kréien. Duerch den Haut zu Haut Kontakt kann dësen och ganz séier op véier oder null falen, seet den Dr. Roland Seligmann.

Aktiv un der Verbesserung vum Kand matschaffen

D'Fraen hunn esou d'Gefill aktiv un der Verbesserung vun hire Kanner bedeelegt ze sinn. D'Mammen, déi drogenofhängeg sinn oder waren, hunn nämlech dacks mat enger grousser Schimmt a Scholdgefiller ze kämpfen, seet d'Ute Heinz, Chargée de Direction am Centre thérapeutique zu Manternach.

"Kee gesäit gären, datt säi Bëbee krank ass oder datt et ëm schlecht geet. Dat ass och am Liewen vun deene jonke Mammen e ganz wichtege Moment, ze gesinn, datt een elo fir säi Kand responsabel ass. Ech mengen doduerch, datt déi Frae kënnen heihinner kommen, hu si awer eng Chance mat hirem Kand eng Bindung opzebauen, mat hirem Kand kënnen zesummen ze liewen an déi Responsabilitéit einfach kënnen ze iwwerhuelen."

Am Centre thérapeutique zu Manternach ginn et véier Plaze fir Mamme mat hire Kanner, déi no engem Sevrage fir eng Zäit do wunne kënnen an eng Therapie kënne maachen. Et wier awer e grousse Besoin do, eng Therapieplaz speziell fir Mammen an hir Kanner no engem Sevrage ze schafen.

Manternach huet zwar Plazen, ma wéi d'Direktesch Ute Heinz selwer seet, wiere si an déi Aufgaben éischter eragewuess. Hire Service schafft esou gutt et geet mat de Mammen an hire Kanner zesummen, mee eng spezifesch Prise en charge an adaptéiert Raimlechkeete wieren absolut noutwenneg.

Mat Manternach géif een immens gutt zesummeschaffen, seet de Rob Lamborelle vum Service parentalité vun der Jugend- an Drogenhëllef an dat och spéider an der Nobetreiung

"Et ass jo net, datt no néng Méint oder engem Joer Therapie schonn alles gereegelt ass. Mir selwer hunn zënter engem dräivéierel Joer eng 'Maison Kangourou' opgemaach. Mir sinn och personell dofir verstäerkt ginn. Dat ass en Haus, wat sech hei an der Stad befënnt. Do sinn dräi Wunnengen dran, déi erlaben, Schwangerer respektiv eng Fra mat hirem klenge Kand opzehuelen, spréch esou guer zwee."

Dëst ass keng laangfristeg Léisung, d'Wunnengsproblematik ze léisen. Ma an där Zäit, an där d'Mamm an hiert Kand respektiv hir Kanner hei kënne wunnen, soll d'Mamm déi verschidde Gesten a Soine léieren, fir eng gutt Bindung opzebauen an dem Kand e séchert Ëmfeld ze bidden.

"An normalerweis ass geduecht, datt si en hallef oder ee Joer hei kënne wunnen, mam Training zur Eltereschaft. Fir Schwangerer ass et einfach, datt net nëmmen de Konsum e Problem ass, mee de ganze Stress ronderëm ka Problemer ausléisen, et geet also och em Stressreduktioun, wärend der Schwangerschaft fir Chancen ze ginn, datt de Bëbee esou gesond, ewéi méiglech op d'Welt ka kommen. Domat hu mir eis éischt Zil schonn erreecht."

"Fir e Kand ze erzéien, brauch een en Duerf"

Dat zweet Zil wier erauszefannen, ob d'Eltere prett sinn nom Kand ze kucken an och festzestellen, wéi et mam Drogekonsum vun den Elteren ass.

"Et ass kloer, datt Drogekonsum a Kandeserzéiung net passt. Et ass awer och kloer, datt ee präventiv muss schaffen, zum Beispill wat Rechutten ugeet."

Well déi kënnen ëmmer virkommen. Et dierft een donieft net vergiessen, datt drogenofhängeg Persounen dacks selwer aus schwierege Familljeverhältnisser kommen. Vläicht wier ee wichtegen Deel vun hirer Missioun, den Däiwelskrees ze briechen, seet de Rob Lamborelle, datt den Drogekonsum vu Generatioun zu Generatioun weider verierft gëtt.

Eng aner Aufgab vum Service parentalité ass et, d'Ëmfeld vun der Mamm ze mobiliséieren. Persounen, Frënn oder Familljememberen ze erreechen also, déi net professionell sinn an et gutt mat der Famill mengen.

"Fir e Kand ze erzéien, brauch een en Duerf," zitéiert de Rob Lamborelle en afrikanescht Spréchwuert. Fir sech als Professionellen aus enger Situatioun zeréckzezéien, esou nach den Diplompsycholog wier et indispensabel en Netzwierk ronderëm opzebauen.