Radioen

On air

Tockcity  |  Empire of the Sun - Changes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E couragéierten Debat

Medien

E couragéierten Debat

D'Chamber diskutéiert um Dënschdeg iwwer d'Evolutioun an d'Qualitéit vun der Press. Wie Press seet, seet Publicitéit. Et ass deemno och en Debat iwwer de Publicitéitskuch a seng Verdeelung.

auto_stories

4 min

Jean-Paul Hoffmann

"Débat de consultation sur l'évolution des médias et la qualité de la presse". Den Intitulé leet d'Lat héich. E bësse Courage gëtt nämlech scho virausgesat: hei diskutéiere Politiker, déi gemengerhand Objet vun der Press hire Rapporte sinn, selwer iwwer d'Qualitéit vun der Press. Dat ass eng delikat Übung. Mä dat dierft wuel kee gréissere Problem ginn, well Lëtzebuerg huet jo a Saache vu Gouvernance eng zimlech déck Haut.

Fir e klenge Marché vun enger hallwer Millioun Awunner huet Lëtzebuerg eng immens räich Medie-Landschaft mat méi wéi enger Dosen Dages- a Wochenzeitungen, mat Radioen an Televisiounschaînen, a mat enger ganzer Rëtsch vun Informatiouns-Websäiten, Periodiquen a sou weider.

Bal 500 professionell Journalisten tummele sech op deem Marché, a wien d'Impressioun huet, datt et hei méi Presseleit um Meter Carré ginn, wéi am Rescht vun der Welt, läit net richteg: et ass bei eis ongeféier de selwechte Ratio, wéi och an England.

Kommerz an Interêt public

Wie Press seet, seet Publicitéit; dat ass jo de wierklechen "nerf de la guerre". Well d'Press, déi kommerziell, a besonnesch déi geschriwwen, déi ee keeft oder abonnéiert, lieft bei Wäitem net nëmme vun Abonnementer a Venten a vun direkter an indirekter staatlecher Pressehëllef. Ouni Publicitéit leeft net vill.

Dat gëllt och fir d'Gratis-Press, sief se op Pabeier gedréckt, sief se a Form vun engem Internet-Site, oder a Form vu Radio oder Televisioun. Iergendee finanzéiert de Contenu. Do wou et keng Venten oder Abonnenten oder Spende gëtt, finanzéiert den Annonceur de Programm. Ausnam: Dëse Sender, deen integral aus dem Staatsbudget finanzéiert gëtt, am graffe Rhythmus vun 11 Euro pro Awunner pro Joer, an deen och per Gesetz keng Publicitéit senden dierf. Vun 2020 u gëtt dann am Kader vum neie Konzessiounsvertrag och den RTL-Televisiounsprogramm aus Steiergelder matfinanzéiert, an zwar am viraussiichtleche maximale Rhythmus vun 19 Euro pro Awunner a pro Joer eleng fir deen Tëleesprogramm.

Et ass dat Spannungsfeld tëscht Kommerz an Interêt public, déi d'Press zu esou engem kniwwelegen Dossier mécht. D'Press muss sech un d'Annonceure verkafen, fir ze liewen. An dem Notzer muss si immateriell Gidder bidden: Informatioun an Debat an Entertainment an Accès op e breede Meenungsspektrum. An deem Prozess kënnt der Press hir eminent wichteg Roll an enger offener demokratescher Gesellschaft zustanen.

Den Debat iwwer d'Press an der Chamber ass domat zu engem gudden Deel och en Debat iwwer de Publicitéitsmarché.

Dynamik um Publicitéitsmarché

Dee Publicitéitsmarché läit zu Lëtzebuerg zimlech am internationalen Trend. De Marché wiisst: Ronn 156 Milliounen Euro hunn d'Annonceuren 2016 an d'Medien zu Lëtzebuerg investéiert. Dat waren nominal 2,5 Prozent méi, wéi am Joer virdrun.

De Publicitéitskuch wiisst also, mä zanter enger Zäit gëtt en awer anescht verdeelt.

Bei de Print-Medie stagnéieren d'Annoncë-Recetten oder si réckleefeg. Dogéint leet de kommerzielle Radio tendenziell zou. An et huet sech en neien Acteur breet gemaach: Den Internet, als Medium an als Werbeplattform. Zu Lëtzebuerg sinn 2016 bal 12 Milliounen Euro Werbegelder op Internet-Plattformen investéiert ginn. Hei gëtt et och eng extrem dynamesch Croissance.

Wat do op eis duerkënnt, weisen d'USA. Do fléisst mëttlerweil méi Geld an digital Publicitéit, wéi an d'Televisioun. An zwou Gesellschaften, Google a Facebook, kontrolléieren eleng 60 Prozent vun der digitaler Pub. A méi wéi d'Halschent vun der digitaler Pub gëtt do mëttlerweil gemaach an Direktioun vu mobille Geräter, Smartphones an Tablets.

Wat soll subventionéiert ginn?

Dëst verdäitlecht den Defi. Fir déi al etabléiert Print-Medienhaiser ass d'Fro, wéi si de Sprong an den digitale Marché packen, a wéi si weider kënne Geld verdéngen an engem Ekosystem, wou d'Leit vill manner bereet sinn, fir Informatioun ze bezuelen. Fir de Staat ass d'Fro, wat an deem neien Environnement eigentlech soll subventionéiert ginn, a firwat. Et gëtt keen Naturgesetz dat seet, datt Informatioun muss op Pabeier gedréckt a verkaaft ginn. Et gëtt och keen Naturgesetz dat seet, datt d'ëffentlech Hand misst all News outlets subventionéieren, online oder net.

Op e kuerzen Nenner bruecht, ass den Enjeu vum Debat d'orientation deen hei: Wéi e medie-politesche Kader assuréiert an Zukunft, datt d'Press hir gesellschaftlech Roll ka spillen? Datt si also de fräien Zougang zur Informatioun garantéiert (dat heescht net onbedéngt Gratis-Zougang), an och d'Diversitéit vun de Meenungen erëmspigelt? An eng Qualitéit liwwert, déi am internationale Vergläich mathale kann. Well Informatioun kennt haut vill manner Grenzen, wéi virun 20 Joer.

An dës Qualitéit an och d'Diversitéit vun de Meenungen entsteet net automatesch doduerch, datt mat der Strenz subventionéiert gëtt.