Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  RF Shannon - Dublin, Texas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Gespenst geet ëm....

Zäithistoriker

E Gespenst geet ëm....

Eng Geleënheet fir den Zäithistoriker Denis Scuto op den Denker, op d'Revolt an op Zesummenhäng tëscht hinnen anzegoen. Fir den 200. Gebuertsdag vum Karl Marx gëtt den däitsche Philosoph - wéi d'Fransouse géife soen - "mangé à toutes les sauces".

auto_stories

6 min

Denis Scuto

Zäit fir op eng manner spektakulär an originell Aart a Weis fir d'éischt op e puer Elementer hinzeweisen, déi vun sengem Wierk weider relevant sinn. De Karl Marx ass mam Max Weber a mam Joseph Schumpeter ee vun de klasseschen Denker a Kritiker vum Kapitalismus - och wann de Karl Marx d'Wuert "Kapitalismus" nëmme seele benotzt huet. An eng ganz Rei vun Aspekter vu senger Kapitalismusbeschreiwung bleiwen och haut ëmmer nach aktuell.

Een Haaptelement vum System ass weiderhin d'Spannungsverhältnis tëscht Kapitalisten als Produktiounsmëttelbesëtzer engersäits a vertraglech gebonne mee fräie Salariéen ouni Produktiounsmëttel anerersäits.

Kapitalisten

Woubäi een haut ënner Kapitalisten kéint verstoen: grouss Patronen, Direkteren vu groussen Entreprisen, Gestionnaire vu grousse Fongen op der Bourse oder grouss Aktionnären. Also Persounen a Gruppe vu Persounen déi e bedeitenden Afloss op de kapitalistesche Prozess hunn, op d'Praktike vun den Entreprisen an op d'Profitmargen. Persounen och, déi vun der Noutwendegkeet vun engem anere Basisprinzip vum Kapitalismus iwwerzeegt sinn, deen de Karl Marx beschriwwen huet. Dat ass d'Akkumulatioun, dat heescht, d'Bildung an dat andauernd Unheefen vu Kapital, souzesoen als Selbstzweck, duerch Reinvestitioun vun de Gewënner. Woubäi et haut nees éischter a Richtung Ausbezuele vun Dividenden un d'Aktionären geet. De Kapitalist anno 2018 schéngt léiwer ze consomméieren wéi ze reinvestéieren, also am Marxsche Sënn ze accumuléieren.

Salariat

De Kapitaliste géintiwwer steet weiderhin d'Salariat, déi aner Organisatiounsform vun der Aarbecht déi am Zentrum vun der marxistescher Beschreiwung vum Kapitalismus steet. D'Aarbechtsformen hu sech staark verännert. Bliwwen ass datt, d'Salariéen hir Revenue vum Verkaf vun hirer Aarbecht bezéien, datt se, mol méi, mol manner ofhängeg si vun den Decisiounen vun deenen, déi d'Produktiounsmëttel besëtzen a schliisslech, datt se am Kader vun där Lounbezéiung an als Géigeleeschtung fir hir Remuneratioun, all Eegentumsrecht op d'Resultater vun hiren Efforten ofginn un de Patron. Op där anerer Säit ass de Salarié theoretesch fräi ze refuséieren zu deene vum Kapitalist virgeschloene Konditiounen ze schaffen, genee sou wéi de Kapitalist fräi ass dem Lounofhängegen déi Konditiounen ze refuséieren, déi de Salarié sech virstellt. Et kann een hei net vun enger gläichberechtegter Situatioun schwätzen, vu dass de Salarié säi Loun brauch fir ze iwwerliewen. Op där anerer Säit ass dës Organisatiounsform net mat Sklaverei ze vergläichen, vu dass de Salarié sech op d'mannst zum Deel fräiwëlleg ënnerwërft.

De Karl Marx schwätzt an deem Kontext vun Ausbeutung, well d'Aarbechtsverhältnis anengems Tausch- an Herrschaftsverhältnis ass. Ausbeutung dowéinst, well en Deel vum Wäert deen de Salarié duerch seng Aarbecht schaaft, dat wat de Marx Mehrwert nennt, him net zur Verfügung gestallt respektiv ausbezuelt gëtt. Dee Mehrwert ass fir de Patron.

De Marx ass net deen eenzegen deen drop hiweist, datt de Kapitalismus a villen Hisiichten en absurde System ass, fir d'Lounofhängeg wéi fir d'Kapitalisten. D'Salariéë verzichten op de Besëtz vun de Friichten, vun hirer Aarbecht, geneesou wéi op en onofhängegt Liewen. An d'Kapitalisten sinn dozou verdaamt grenzelos z'accumuléieren an op hir Aart a Weis ugekett, un de Prinzip vun der Profitmaximéierung.

Ofhängeg Aarbecht huet déi onofhängeg Aarbecht verdrängt

An trotzdeem ass et de kapitalistesche Geescht deen d'Weltwirtschaft dominéiert. An trotzdeem ass d'Salariat als Aarbechtsverhältnis zanter der Gebuert vum Karl Marx virun 200 Joer, an zwar net nëmmen an Däitschland oder an Europa, mee weltwäit, gewuess. D'ofhängeg Aarbecht huet an der aktiver Bevëlkerung déi onofhängeg Aarbecht, sief dat an der Landwirtschaft oder am Handwierk oder Handel verdrängt, an ass an de leschte Joerzéngten weider staark gewuess duerch d'Salarisatioun vun de Fraen. An der aktiver Bevëlkerung ass den Undeel vun deenen, déi an der Landwirtschaft schaffen vu 60 Prozent am Joer 1871 op 1,5 Prozent am Joer 2011 erofgaangen. Waren 1960 nach 28 Prozent vun der aktiver Bevëlkerung Independant, sou waren et der 2010 nëmmen nach sechs Prozent.

D'Commemoratioun vum Bicentenaire vum Karl Marx fält zesumme mat der Feier vu 50 Joer Mee 68. Dat bréngt mech zu enger zweeter Serie vu Remarken. Dofir hunn ech e Buch aus mengem Regal erausgekroopt, dat sech souwuel mam Marxismus wéi mam historesche Moment Mee 1968 befaasst. D'Buch heescht "Le nouvel esprit du capitalisme", ass 1999 bei Gallimard erauskomm a gouf geschriwwen vun zwee Soziologen, dem Luc Boltanski an dem Eve Chiapello. Mee d'Buch kéint och heeschen: "Ee Gespenst geet ëm: de Kapitalismus."

Wat stellen d'Auteuren an hirer Aleedung fest - an hir Aschätzung huet och zwanzeg Joer dono näischt un Aktualitéit verluer?

Haut eng aner Situtatioun wéi 1968

Mir liewen haut an enger ëmgedréinter Situatioun par rapport zu Mee 1968, schreiwe Boltanski a Chiapello. D'Gesellschaft war deemools gepräägt duerch Vollbeschäftegung, duerch de Glawen un eng besser Zukunft fir seng Kanner. Eng zentral Fuerderung war Chancegläichheet duerch Bildung, also jidderengem de sozialen Opstig ze erméiglechen. Et war anengems d'Zäit vun den Trente Glorieuses, vu wirtschaftlechem Opschwong, mee och vun engem Wuesstem an enger Rentabilitéit déi am gaange war an de 60er Joren zeréckzegoen, mat engersäits engem Ralentissement vun der Produktivitéit an anerersäits enger Hausse vun de Léin, déi d'Konsumgesellschaft gestäipt huet.

De Marx gëtt zwar dëst Joer op déi komeschste Weise commemoréiert, mee wierklech gefeiert gouf en an eise Géigenden fir d'lescht an de 60er a 70er Joren. Am Mee 1968 erreecht d'Kritik vum Kapitalismus hiren Héichpunkt. Eng duebel Kritik conjuguéiert sech. Eng sozial marxistesch Kritik vun der Gesellschaft an eng artistesch Kritik, vu Courante wéi dem Surrealismus inspiréiert mee och vu Klassiker wéi Freud, Nietzsche an eben Marx.

Déi artistesch Kritik setzt der Standardiséierung a Marchandiséierung vun der Welt, dem kapitalistesche Wëlle fir duerch sënnlos Aarbecht Mënschen ze dominéieren an ze entfriemen, dem Drang no materiellem Räichtum, alternativ Wäerter entgéint. Si freet no Kreativitéit, individuell Fräiheet, Autonomie, Imaginatioun, Pleséier. Artisten hunn zanter Baudelaire a Co. dës Kritike formuléiert, mee Mee 68 sinn et net nëmmen eng kleng Elite vu Kënschtler déi et afuerderen, mee Studenten an Diploméierter, dennen hier Zuel massiv eropgaangen ass, mee déi keng Chance op interessant Aarbechtsplaze gesinn. Si iwwerhuelen déi historesch artistesch Kritik vun der Deshumaniséierung duech d'kapitalistesch Produktiounsweis a stelle se an de Mëttelpunkt vun hirem Protest.

Kritik u Restrukturatioun an ongerechter Verdeelung

Déi sozial Kritik déi aus de Reie vun den Aarbechter an hiren Organisatiounen, mee och vu jonke Kaderen an Ingenieure kënnt, wiert sech engersäits géint d'Restrukturatiounen an den traditionelle Wirtschaftssecteure (Minne, Schmelzen, Schëffschantieren) mee och géint déi ongerecht Verdeelung vun de sougenannte "produits de la croissance", apaart a Frankräich.

Gemeinsam kämpfe béid Kritiken géint Paternalismus, Autoritarismus, imposéiert Horairen, tayloristesch Aarbechtsdeelung. Wat se ënnerscheet ass hire Schwéierpunkt. Wärend déi artistesch Kritik no Autonomie verlaangt, freet déi sozial Kritik no Sécherheet (vun der Aarbechtsplaz, vum Loun, vun der Pensioun, vum Avancement).

Reaktioun vum Kapitalismus

Woumat weder de Marx nach d'68er Generatioun gerechent hunn, ass datt de kapitalistesche Geescht sech op seng gréisste Kritiker stäipt fir ze iwwerliewen, si recuperéiert fir sech ze erneieren. Op dem Marx seng Kritik vun der Proletariséierung a seng Prognos vun der Revolutioun reagéiert de Kapitalismus am Ufank vum 20. Joerhonnert mat der Aféierung vum Sozialstaat a wirtschaftlechem Dirigismus. Op den 68er hir Kritik vun de fordisteschen Aarbechtsformen an der autoritärer Gesellschaft reagéiert de Kapitalismus mat der Aféierung vun neien net hierarcheschen, mee vernetzten Aarbechtssystemer, déi op Autonomie, individuell Initiativ, Authentizitéit a Kreativitéit setzen.

Soudass mir haut, 200 Joer no der Gebuert vum Karl Marx, deen dem Proletariat seng Kette wollt sprengen, a 50 Joer no der Beweegung vu Mee 1968, déi déi ganz Bevëlkerung, jonk an al, Männer a Fraen, wollt befreien, an engem kapitalistesche System liewen, deem et weltwäit ganz gutt geet, während d'sozial Lag vu ville Leit sech degradéiert an d'Prekaritéit vun der Aarbecht ëmmer méi zouhëlt. Wat mech un e Spontisproch aus menger Post-68er-Jugend an den 80er Joren erënnert: " De Marx ass dout, a mir ass et och scho ganz schlecht... "