Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Gewier, Schroutkugelen an eng Dauf

Para-Trappschéissen

E Gewier, Schroutkugelen an eng Dauf

Et ware sécher speziell Deeg fir de Lëtzebuerger paralympesche Sportler Steve Nothum. Hie war d'lescht Woch am australesche Sydney bei der Para-Shooting Weltmeeschterschaft am Asaz. De Steve Nothum ass am Para-Trab, dem paralympeschen Trappschéissen un de Depart gaangen. An eraus koum um Enn eng 6. Plaz.

auto_stories

3 min

Zanterdeem den Douanier am Déngscht bei enger Kontroll vun engem Auto ugestouss gouf, huet de Steve Nothum kierperlech Aschränkungen, déi him net méi erlaabt hunn, Dëschtennis ze spillen, wat e bis zu sengem Accident gemaach huet. No laanger Reeducatioun koum de Steve Nothum awer nees zeréck bei de Sport: Trappschéissen. Trappschéisse war fir de Steve Nothum näischt Onbekanntes:

"Ech si bei d'Schéisse komm duerch mäi Bop an duerch mäi Monni. Ech hat 13-14 Joer, wéi ech domadder ugefaangen hunn. Wéi ech nach méi kleng war, sinn ech vläicht een-zweemol de Mount matgaangen, do hunn ech méi Ping-Pong gespillt. Wéi ech 18 Joer hat, sinn ech zweemol d'Woch schéisse gaangen."

No riets, no lénks oder riicht aus

Beim Trappschéissen huet ee fënnef Positiounen, et huet een dräi Maschinne viru sech an do kann d'Dauf no lénks, no riets oder riicht aus fléien; et weess een net, wouhinner se geet. D'Gewier, eng Schroutflënnt mat zwee Schëss huet een op der Schëller.

Et ass awer och den Oflaf vun engem Schoss, dee muss trainéiert ginn, ëmmer d'selwecht an dat ass wichteg. Fir d'éischt mécht ee Kugelen an de Laf, da mécht een d'Gewier zou, et leet een d'Gewier un d'Schëller, et geet een erof op de Punkt a da rifft ee seng Dauf.

"An da weess een net, wou se hi flitt, riets, lénks oder riicht aus. Wann dee virun engem geschoss huet, huet een 13-14 Sekonnen Zäit fir sech ze preparéieren. Et sinn der déi schéisse séier, anerer lues. Wat ee méi laang waart, wat d'Dauf méi wäit fort ass, wat d'Schroutkugelen och méi wäit ausernee sinn, a wat et méi schwéier mécht ze treffen."

E Sport, deen an de Porte-Monni schléit

Mee grad wéi aner Sportler ass och d'Trappschéissen eng Sportaart, mat engem bedeitende finanziellen Engagement. Besonnesch, wann een op engem gewëssen Niveau wëllt mathalen. Een Training kascht ëm déi 60 bis 70 Euro, dat sinn da Schroutpatrounen an d'Ronne vun de Planchen. A wann een zwee- bis dräimol d'Woch trainéiert, ass dat schonn e finanziellen Engagement.

De Steve Nothum war bei der Para-Shooting-Weltmeeschterschaft zu Sydney mat dobäi. Eng sechste Plaz koum eraus, méi wichteg ass awer, datt hien et eng éischte Kéier bei esou enger grousser Competitioun bis an d'Finall gepackt huet.

Dat paralympescht Schéisse gëtt et ewell schonn ëm déi zwanzeg Joer, de Para-Trab ass awer eréischt zwee Joer dobäi. Dofir huet de Steve Nothum och e grousse Wonsch, wat dat paralympescht Trappschéissen ugeet: "Ech wéilt, datt Trappschéissen 2024 op de Paralympics zu Paräis dobäi wier".