Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Broncho - Easy Way Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E geziilt Ofschéissen hëlleft net"

Fuussebandwuerm

"E geziilt Ofschéissen hëlleft net"

E geziilt Ofschéisse vu Fiiss hëlleft net, de Fuussebandwuerm z'eliminéieren. Et soll een awer de Risiko net agoen, d'Unzuel u Fiiss onkontrolléiert klammen ze loossen, mengt de Benoît Combes.

auto_stories

5 min

D'Konklusioun vun enger neier Etude zum Fuussebandwuerm, dem Echinococcus multilocularis, ass déi, datt e geziilt Ofschéisse vun de Fiiss net dozou bäidréit, de Bandwuerm, deen och op de Mënsch kann iwwerdroe ginn, z'eliminéieren. Am Géigendeel, de Prozentsaz vun den infizéierte Fiiss ass iwwert déi véier Joer, vun 2008 bis 2012, an deenen d'Analyse gemaach goufen, esouguer ëm 15 Prozent an d'Luucht gaangen, op 55 Prozent. Dat erklären d'Fuerscher sech domat, datt d'Unzuel u jonke Fiiss geklommen ass. Déi jonk Déiere si méi ufälleg fir de Fuussebandwuerm, a si wandere méi, wéi hir eeler Aartgenossen. Doduerch ginn déi infizéiert Ausscheedungen op méi enger grousser Fläch verdeelt an et kënne méi Déiere sech nei ustiechen.

Fuerscher si sech net eens

Allerdéngs ass d'Populatioun vun de Fiiss, trotz deem geziilten Ofschéisse stabel bliwwen. An do si sech d'Auteure vun der Etude net ganz eens. Wat nämlech géif geschéien, wann d'Unzuel u Fiiss tatsächlech géif reduzéiert ginn, kéint een net virausgesinn, seet de Benoît Combes, Direkter vun der franséischer Eliz, der Entente de lutte interdépartementale contre les oonoses, also de Krankheeten, déi vu wëllen Déieren op de Mënsch kënnen iwwerdroe ginn.

Et ginn net manner Fiess

Et wier engem net gelongen, d'Unzuel vun de Fiiss ze reduzéieren, dat wier kloer an der Etude festgehale ginn. Et wier awer wouer, datt wann een d'Fuussbevëlkerung wéilt ofbauen an een déi jonk Fiess wéilt favoriséieren, et grad déi wieren, déi besonnesch ufälleg fir de Fuussebandwuerm wieren, seet de Benoît Combes.

Dräi Joer no der Etude hätt een iwwerdeems d'Fiiss an der zone expérimentale an an der zone témoin nei gezielt, an et hätt ee festgestallt, datt, wann och de Prozentsaz vun de Fiiss, déi mam Bandwuerm infizéiert sinn, an enger éischter Phas geklomme wier, deen Taux sech no an no nees berouegt hätt. Et hätt een ausserdeem festgestallt, datt genee souvill Fiess um Liewe wieren, wéi dat um Ufank de Fall war. Et wier engem also net gelongen, d'Zuel vun de Fiiss ze verréngeren.

Eng Infektioun kann déidlech sinn

An deem leschte Joerzéngt hu sech a Frankräich nees vill méi Fiiss mam Fuussebandwuerm infizéiert, an d'Infektioun huet sech och op geographeschem Niveau ausgebreet. Firwat dat esou ass, ass bis ewell net gewosst. Doduerch sinn awer och d'Krankheetsfäll beim Mënsch nees geklommen. Wou et an de leschten 20 Joer a Frankräich ronn eng Dose Fäll pro Joer gouf, wou Leit sech mam Bandwuerm infizéiert haten, sinn et der an Tëscht nees bal 30, seet de Benoît Combes. Eng Infektioun ka fir de Mënsch, wann net behandelt, déidlech verlafen an d'Behandlung ass immens deier an opwenneg.

De Prof. Dokter Franz Josef Conrath, Chef vum Zentrum fir Epidemiologie um Friedrich Löffler Institut an Däitschland, gesäit de Risiko fir Mënschen, fir sech mam Fuussebandwuerm z'infizéieren, als immens kleng, esouguer a Gebidder an deenen et vill Infektioune beim Fuuss gëtt. Tatsächlech géifen et an Däitschland op 90 Millioune Mënschen nëmmen 20 bis 30 Nei-Infektioune pro Joer ginn. Tatsaach wier awer, datt d'Fuussepopulatioun a ganz Mëtteleuropa staark geklommen ass.

Ënnerschiddlecht Friessen

Dëst kéint dorunner leien, datt et keng Tollwut méi géif ginn, mä et géif och domadder zesummenhänken, datt d'Fiiss vill aner Saache fir z'iesse fannen. Si géifen och an de Stied Friesse fannen, sou zum Beispill an de Poubellen. Et kéint also sinn, datt d'Zuel vun de Fiiss weiderhi klëmmt, esou den Prof. Dr. Franz Josef Conrath. Et wier awer schwéier virauszegesinn, wéi sech dat op de klenge Fuussebandwuerm auswierkt. Et bräicht och sougenannten Zwischenwirte, also Nagedéieren. Et muss also eng bestëmmten Unzuel vun Nagedéiere ginn, an de Fuuss muss déi och friessen a sech net aus Poubellen ernähren.

Wat Lëtzebuerg ubelaangt, wou et jo zënter 2015 e Juegdverbuet op d'Fiiss gëtt, ass de Benoît Combes net der Meenung, datt ee sollt de Risiko agoen, fir d'Unzuel u Fiiss onkontrolléiert klammen ze loossen. Et kéint een eben net viraussoen, wat dat mat sech bréngt.

Manner Infektioune wéi an der Lorraine

De Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Ëmwelt, de Camille Gira, kann der Meenung vum Benoît Combes allerdéngs nëmme widderspriechen. Et géif ee sech duerch d'Resultater vun der franséischer Etude bestätegt fillen. Et géif zwar nach Fiiss ginn, déi vum Fuussebandwuerm befall wieren, mä et hätt een elo eng wëssenschaftlech Begleedung. Et kéint een elo feststellen, datt zu Lëtzebuerg just tëscht 25 an 30 Prozent vun de Fiiss vum Fuussebandwuerm befall sinn. An der Lorraine, wou nach ëmmer eng relativ intensiv Juegd géif stattfannen, wiere méi wéi 40 Prozent befall.

Effektiv hätt den Taux vum Befall mam Fuussebandwuerm bei de Fiiss zu Lëtzebuerg 2015 bei 25,8 Prozent geleeën, zwee Joer duerno léich e just nach bei 24,6 Prozent. Et hätt een elo e statistesch relevanten Echantillon. Et géif ee beim Befall 10 bis 15 Prozent ënnert der Lorraine leien. Dëst wier eng Bestätegung, datt ee mam Juegdverbuet dozou bäigedroen huet, datt d'Gefor a Punkto Fuussebandwuerm éischter méi kleng géif ginn, wéi méi grouss, sou de Camille Gira.

D'Verlängerung vum Verbuet, fir op Fiiss ze schéisse bis den 1. Abrëll d'nächst Joer, gouf scho viru Chrëschtdag am Regierungsrot gestëmmt, huet de Camille Gira nach wësse gedoen a wäert demnächst am Mémorial publizéiert ginn.