Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Clash - Spanish Bombs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E klenge Bléck op e grousse Visionär

Prisma

E klenge Bléck op e grousse Visionär

Epidemien, Krisenzoustänn sou wéi d'Fragilitéit vun der Demokratie a vun der Moral an esou Ausnamezoustänn. Dëst sinn e puer Haaptsujeten am literaresche Wierk vum portugisesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisträger José Saramago. Ëmmer erëm riicht hie säi Bléck op mënschlech Verhalensweisen, op d'Gesellschaft an op d'Regierung. A sengem 1995 verëffentlechte Roman "Stadt der Blinden" beschreift de Saramago, wéi eng ganz Stad plëtzlech vun enger Epidemie heemgesicht gëtt. D' Konsequenze sinn eng iwwerfuerdert Regierung, den Zesummebroch vun der Demokratie, d'Entstoe vu Gewaltherrschaften a scho bal apokalyptesch Zoustänn. Säin Bléck ass schaarf, an en plus ganz aktuell.

auto_stories

6 min

"Die Regierung bedauert, dass sie gezwungen ist, auf energischste Weise auszuführen, was sie als ihr Recht und ihre Pflicht ansieht, um in der gegenwärtigen Krise mit allen Mitteln die Bevölkerung zu schützen [...] und hofft auf den gesunden Menschenverstand und die Zusammenarbeit all ihrer Bürger, um die Ansteckungsgefahr einzudämmen."

Mir befannen eis hei matten am José Saramago sengem sougenannten "Aufsatz iwwer d'Blannheet". Wat ass geschitt? Urplëtzlech gëtt e Mann, deen a sengem Auto virun enger rouder Luucht sëtz, einfach blann, e gesäit just nach wäiss. Dëst wäisst Iwwel, wéi et ëmmer rëm genannt gëtt, ass héich ustiechend, sou datt ëmmer méi Leit op ee Coup vun dëser Blannheet getraff ginn.

D'Regierung ass komplett iwwerfuerdert an transportéiert déi éischt Infizéiert an eng fräi stoend, al psychiatresch Anstalt, fir se ze isoléieren. Do gëtt dann eng extra Statioun fir déi ageriicht, déi scho blann sinn an eng fir déi, déi a Kontakt mat engem Blanne waren. A fir déi ganz Stad gëllt doheem ze bleiwen a just d'Haus ze verloosse fir essentiell Liewensmëttel sichen ze goen a sech ëm déi méi schwaach Familljememberen ze këmmeren. Séier eskaléiert déi ganz Situatioun, déi ganz Stad ass blann, bis op eng eenzeg Fra.

Keen einfacht Buch

De Roman konzentréiert sech haaptsächlech op déi éischt Personnagen, déi blann goufen an déi sech an der fréierer Anstalt befannen, dobäi och déi eenzeg net-blann Persoun, déi hire Mann wollt begleeden a sech dofir vun Ufank u blann gestallt huet. Am Laf vum Roman kënnt et dann zu komplett onmënschlechen a barbareschen Zeenen: katastrophal hygienesch Zoustänn, Liewensmëttelknappheet, Gewaltherrschaft a brutal Vergewaltegungen.

Sou heescht et ëmmer erëm, datt ee wéinstens soll versichen, net ganz wéi d'Déieren ze liewen, wann ee schonn net ganz wéi Mënsche liewe kann. Mee dëse Versuch ass gescheitert. Schliisslech bréngt d'Fra, déi ëmmer nach gesäit, de Führer vun deem brutale Grupp ëm a féiert hire klengen Trupp aus der Anstalt eraus.

Mee och dobausse fannen d'Personnagen eng Stad am chaoteschen Ausnamezoustand fir, ouni Regierung, ouni Uerdnung, ouni Liewensmëttel an ouni Moral. Et gëllt just nach, sech selwer sou laang et geet um Liewen ze halen.

D'Stadt der Blinden ass kee Buch, dat ee mol sou liest fir e flott Buch ze liesen. Et si schonn hefteg Passagen dran, déi een net ëmmer gutt verdréit. Genee sou krut ech d' Buch viru puer Méint vun engem Kolleeg och beschriwwen, wou mir wärend engem Gespréich iwwer d'Corona-Pandemie op de Saramago ze schwätze komm sinn. Ech gouf virgewarnt. An ech wollt et do grad liesen.

D'Stëmmung ass ganz düster, et kann een den fuerchtbare Gestank quasi richen an et fënnt een eng Mënschheet vir, déi am Fong alles, wat mir als mënschlech bezeechnen, verluer huet, och déi lescht Würd.

D'Blannheet vum Häerz

D'Fro ass elo, wat de José Saramago eis da wollt mat sengem Wierk matdeelen. Wat ass säi Message? D'Blannheet ass natierlech eng Metapher. Hie schwätzt och ëmmer rëm vun enger "Blannheet vum Häerz". Et ass eng schaarf Kritik um Mënsch, dee just sech selwer gesäit a blann ass, wann et ëm seng Matmënsche geet.

Och wann am Buch weder eng Erklärung genannt gëtt, firwat bemol déi ganz Stad blann gëtt, nach firwat dat wäisst Iwwel zum Schluss vum Roman rëm genee sou plëtzlech verschwënnt, sou heescht et um Enn, datt d'Mënsche wuel net blann gi sinn, mee ëmmer scho blann waren. An zwar sinn d'Mënsche Blanner, déi net gesinn, wann se "sehend" sinn.

Interessant ass hei dann och d'Fra, déi net vum wäissen Iwwel getraff gouf, an déi sech vun Ufank u ganz altruistesch verhält. Wat ënnerscheet dës Persoun vun all deenen aneren? Och dëst Rätsel léist de Saramago net op.

An der "Stadt der Blinden" gëtt de Mënsch an eng Ausnamesituatioun versat, déi engersäits seng egoistesch Natur a seng béis Säit verstäerkt zum Virschäi komme léisst, anerersäits awer och weist, wéi ausgeliwwert a schutzbedierfteg de Mënsch ass. Sou gëtt en op eemol selwer zum Déier ouni Moral. An ausserdeem ass en a senger Nout, iwwerwältegt vun Angscht a Péng, och just nach e klengt Déier.

Wat ass d'Wiese vum Mënsch?

D'Iddi ass net nei, och de Philosoph Thomas Hobbes féiert eis 1651 a sengem Leviathan de Mënsch am Naturzoustand, an deem keng staatlech Muecht existéiert, vir. De Mënsch ass dem Mënsch säi Wollef heescht et do, an e befënnt sech an engem permanente Krich géint jiddwereen, an deem d'Recht vum Stäerke gëllt. Esou och am Saramago senger Stad vun de Blannen.

Schnell gëtt siichtbar, wéi zerbriechlech déi bestoend Demokratie, sou wéi déi moralesch Wäerter sinn. Wat bleift dann nach iwwereg vun deem, wat mer gesonde Mënscheverstand, Vernonft a Moral nennen? Hei stellt sech deemno och d'Fro nom Wiese vum Mënsch, an domat verbonnen déi Fro, ob de Mënsch vun Natur aus gutt oder béis ass. An ob all Mënsch d'selwecht veranlaagt ass. A wann nee, wat den Ënnerscheed ausmécht.

Gemeinsam hunn d'Personnagen am Roman awer all, datt se versichen ze iwwerliewen, dat heescht an éischter Linn mol eppes ze drénken an z'iessen hunn. Woubäi déi eng deelen, déi aner éischter probéieren, sou vill wéi méiglech fir sech ze hamsteren. Nach anerer profitéiere vun der Situatioun fir déi komplett Muecht u sech ze räissen an hir Matmënschen ze ënnerwerfen oder se souguer op sadistesch Aart a Weis ze mësshandelen.

Wat dreift d'Mënschen un?

Natierlech dreift de Saramago d'Situatioun op d'Spëtzt. An och si mir, trotz Pandemie, wäit ewech vun esou engem Zoustand, wéi mer en hei am Roman virfannen. Mir hu jo och nach Gesetzer a befannen eis net am Naturzoustand, wéi den Hobbes e beschreift.

An awer. Wéi war dat virun allem am Ufank vun der Corona-Pandemie, wou gefaart gouf, datt bestëmmte Liewensmëttel knapp kéinte ginn? A wéi ass et elo beim Theema Impfen? Och do menge Verschiddener, se misste wuel méi Usproch op den Impfstoff hu wéi anerer. Oder nach besser, se profitéiere vun hirer Positioun an huele sech einfach dat, wat se mengen, dat hinne méi zousteet wéi aneren.

Wat dreift déi Mënschen dann elo un? Reng Solidaritéit? An d'Pharmakonzerner, handelen déi aus renger Nächsteléift? A geet et de Politiker just ëm d'Wuel vun der Bevëlkerung, oder awer och vläicht ëm déi nächst Walen?

A wa mer scho beim Theema Walen ukomm sinn, da befanne mer eis well matten an der "Stadt der Sehenden", dem Saramago senger Suite vun der "Stadt der Blinden". Do befält dann dat wäisst Iwwel a Form vu wäisse Stëmmziedelen eng Stad wärend de Kommunalwalen. Awer dat ass da fir eng aner Kéier.