E Synonym vum Skandal E Lëtzebuerger Managing Director am Watergate Hotel

De Watergate Hotel zu Washington ass weltberühmt. Leider net wéinst de luxuriéisen Zëmmeren, der Schwämm, oder senge Restauranten, mee éischter wéinst dem Skandal, deen dem Richard Nixon 1974 d'Presidence kascht hat. Ee Lëtzebuerger wëllt dat änneren. De Pascal Forotti ass Managing Director an engem Hotel, deen awer och gutt vu senger Vergaangenheet profitéiert.

Philip Crowther / cbi

Pascal Forotti
Zanter e puer Wochen ass de Pascal Forotti Managing Director am Watergate Hotel

Den Hotel stoung e puer Joer laang eidel do. En huet al ausgesinn, de Skandal-Hotel nieft dem Potomac-Floss, mat Vue op Georgetown. Zanter e puer Joer elo leeft de Betrib nees. An zanter a puer Wochen ass de Pascal Forotti, Lëtzebuerger, de Chef hei. Houfreg mécht deen d'Dieren op vum Watergate Hotel.

En Hotel wéi fréier

2016 ass den Hotel frësch opgemaach ginn. Den neie Proprietär wollt alles erëm esou wéi an de 60er a 70er Joren. De Setdesigner vun der US-Serie "Mad Men" huet dofir d'Uniforme vum Personal kreéiert fir de Flair vun där Ära erëm opliewen ze loossen.

De Pacal Forotti ass Managing Director am Watergate Hotel

Den Hotel ass en Deel vun engem Komplex vu sechs markanten ovalen a wäiss ugestrache Gebaier. Am Watergate wunnen och Leit, déi méi räich natierlech, an hei sinn och Büroen.

Eng Touristenattraktioun

Deemools, 1972, hat d'Demokratesch Partei do säi Setz, do wou agebrach gouf, den Ufank vum politesche Skandal vum Joerhonnert an Amerika. Elo ass den Hotel e Magnéit fir Touristen. D'Wuert "Watergate" eleng ass genuch fir d'Leit unzelackelen.

D'Entrée vum Watergate Hotel

Vill vun de Leit kenne "Watergate" wéinst dem Skandal, mee net jiddweree weess, datt et och en Hotel gëtt.

E grousse politesche Skandal

Am Joer 1972 ass de Watergate Hotel lues awer sécher zum Synonym vum politesche Skandal ginn. Membere vum Richard Nixon senger Wahlequipe sinn agebrach an de Büro nieft dem Hotel, de President huet probéiert de Skandal ze verstoppen. Mee de Skandal ass ëmmer méi grouss ginn.

D'Zëmmer 205, dem fréieren Zëmmer 214, ass d'Skandal-Suite, an där een haut och schlofe kann. Vun dësem Zëmmer ass d'Oflauschteraktioun ofgehale ginn.

Op der Dachterrass, do treffen sech déi Räich an déi Schéi vu Washington, mee och Leit vu méi wäit fort. Verschidde Leit kommen och fir hire Kanner en Deel vun der Geschicht ze weisen. Verschiddenes géife si nämlech net an der Schoul léieren, erzielt eng Fra.

De Watergate-Hotel muss sech wéi all aner Luxus-Hotel ëm déi räich a wichteg Leit streiden.

An do ass dann och mol de Lëtzebuerger Fändel. Den Ausseminister war nach virun e puer Wochen ee vun de wichtege Gäscht beim Lëtzebuerger Pascal Forotti am Watergate Hotel. An der Skandal-Suite huet hien net geschlof.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Post vum Guy - Brasilien
Favela Morro São Carlos zu Rio de Janeiro

De Schrëftsteller Guy Helminger ass op Liesrees a Brasilien. Zu Rio de Janeiro war hien an enger vun Drogebande kontrolléierter Favela, wou e Lëtzebuerger e Foyer fir Kanner organiséiert huet.

Laptop a Pass
"Lëtzebuerger am Ausland"

Lëtzebuerger, déi an d'Ausland verreesen, kënnen hiren Deplacement iwwer Internet beim Ausseministère umellen. Esou kéint konsularesch Assistenz méi séier a méi effikass geleescht ginn.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen