Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Liichtbléck fir d'Ekonomie"

US-Waffenindustrie

"E Liichtbléck fir d'Ekonomie"

No der Schéisserei vu Las Vegas gëtt nees iwwer Waffe-Gesetzer diskutéiert. Waffen an den USA, dat ass e Phänomen vun industriellem Ausmooss. Mat grousse wirtschaftlechen Enjeuen. véier vun zéng Stéit an den USA besetze op mannst eng Waff. D'NRA bremst zanter Joren all Usaz vu Waffekontrollgesetzer, an huet dem Donald Trump seng Wahl-Campagne 2016 mat ongeféier 30 Milliounen Dollar ënnerstëtzt.

auto_stories

2 min

Jean-Paul Hoffmann

Las Vegas war déi gréisste Schéisserei mat de meeschten Doudege bis ewell an der Geschicht vun den USA. Bis déi nächste Kéier, wou dëse Rekord gebrach gëtt. An déi nächste Kéier kënnt bestëmmt.

D'Politik um Pouvoir spillt op Zäit. Keen, scho guer net de President Trump, wëllt déi lax amerikanesch Waffegesetzer verschäerfen. Firwat? Second amendment hin oder hier (also deen Zousaz an der amerikanescher Konstitutioun, deen den Amerikaner erlaabt, Waffen ze besëtzen an ze droen) - de Fait ass, in fine geet et hei ëm vill Geld. D'Geschäft mat de Waffen, deene klengen, déi d'Vollek besëtzen an droe kann, ass Big business.

Hei sinn e puer Eckwäerter fir ze verstoen, wéi dës Mécanique dréint.

E grousse wirtschaftlechen Impakt

Iwwer 9 Millioune Waffe goufen 2015 an den USA produzéiert, dobäi koume véier Milliounen Importer. Wéi vill vun der Produktioun effektiv verkaaft gëtt, ass méi schwéier ze soen. Eng Indikatioun ass, datt am leschte Joer 27 Millioune sougenannt Background checks gemaach goufen iwwer Leit déi Waffe wollte kafen. Wäit méi wéi 300 Millioune Waffe sinn am Ëmlaf.

Waffen an Amerika, dat ass also e Phänomen op industrieller Échelle. D'Firearms Industry Trade Association rechent stolz vir, datt 300.000 Aarbechtsplaze vun dëser Industrie ofhänken. De wirtschaftlechen Impakt insgesamt chiffréiert si op ongeféier 51 Milliarden Dollar. De Profit vun der Waffenindustrie gëtt op 1,5 Milliarden Dollar geschat.

D'Waffen-Industrie bretzt sech och gär domat, wéi vill Steiere si generéiert. Wäit iwwer sechs Milliarden Dollar, esou behaapt si, sinn 2016 u Steiere bezuelt ginn.

Iwwer 10.000 Leit stierwen am Duerchschnëtt all Joer an den USA gewaltsam duerch Waffen. Mä d'Investisseure wette weider op d'Waffenindustrie. No der Schéisserei vu Las Vegas sinn d'Aktiëcourse vun de grousse Betriber an dësem Secteur eropgaangen.

Gutt fir de Wuesstem?

Dëst ass kuerzfristeg Spekulatioun, awer mat System. No sou Katastrophe wéi dem leschte Sonndeg geet d'Demande no Waffe präventiv an d'Luucht. D' Angscht, datt d'Waffegesetzer elo géife verschäerft ginn, dreift dann d'Konjunktur nach eng Kéier un. De selwechte Phänomen gouf et an de leschte Jore vun der Obama-Presidence, an och 2016 wou d'Hillary Clinton an de Sondage fir d'Presidentielle vir louch. 2015 an 2016 ware Bommejoer fir d'Industrie.

"De wirtschaftleche Wuesstem vun der Feierwaffen- a Munitiounsindustrie an Amerika ass carrement remarkabel" seet d'Firearms Industry Trade Association an hirem Rapport vun dësem Fréijoer. A weider: "A wirtschaftlech schwéieren Zäite mat héijer Aarbechtslosegkeet ass eis Industrie gewuess. Si huet an de leschten dräi Joer ongeféier 30.000 nei a gutt bezuelten Aarbechtsplaze geschaaft. Mir si stolz drop, ee vun de Liichtblécker an der Ekonomie ze sinn."