Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E positive Bilan bei der Hunneg-Recolte

Natur an Ëmwelt

E positive Bilan bei der Hunneg-Recolte

No den zwee schlechte Joren 2016 an 2017 zéien d'Lëtzebuerger Imker ee méi positive Bilan vum Joer 2018. Et hätt een anescht wéi an der Vergaangenheet keng grouss Verloschter, mee et war en duerchschnëttlech Joer, deelweis och e bësse besser, wéi de President vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht Jean-Paul Beck seet.

auto_stories

2 min

Et géif awer deelweis grouss lokal Ënnerscheeder ginn, genee wéi och schonn déi lescht Joren. Imker sinn immens ofhängeg vun de Wiederconditiounen. D'Beie brauche gutt Wieder fir kënnen erauszefléien, fir kënnen ze bestäuben a fir kënnen Nektar anzesammelen. "Et sinn deelweis Kolleegen, déi haten d'lescht an dëst Joer eng normal Recolte. Anerer haten net vill am Fréijoer an hunn am Summer iwwerhaapt net geschleidert", seet de Jean-Paul Beck.

Dëst Joer géifen et net genuch Bléien zu Lëtzebuerg, op Däitsch nennt een dat Trachtlücken. Während esou Periode géifen d'Beien net genuch Nektar fannen, fir ze iwwerliewen a fir Hunneg ze produzéieren. D'Veraarmung vun der Kulturlandschaft wier dofir responsabel. Privatleit kéinten de Beien hëllefen, andeem si zum Beispill Blummen a Bléie planzen.

"Der Bei hire gréisste Feind"

Der Bei hire "gréisste Feind" ass awer déi sougenannt Varroamilb, déi sech ëmmer méi verbreede géif, sou de Jean-Paul Beck. Se ka ganz Vëlker krank maachen. D'Imker bekämpfen d'Milb direkt no der Recolte. D'Imker schaffen dofir mat Ameiseseier, déi am Stack verdämpt gëtt.

"Mir recoltéieren en Naturprodukt, dat 100 Prozent natierlech soll bleiwen", seet de Jean-Paul Beck. Dat heescht, datt ee während der d'Beienhunneg-Produktioun keng Mëttele géint d'Varroamilb dierf asetzen.

Nationale Projet géint Varroamilb

Et kéint een d'Bei och méi resistent géint d'Varroamilb maachen. Zu Lëtzebuerg leeft momentan de Projet VSH-Bei. VSH steet fir varroasensitiv Hygiène. Dat si Beien, déi mat hiren Antennen an den Zelle Varroamilben opspieren. "Si picken dann déi Zell op, an de Mued mat de Varroamilbe gëtt erausgeraumt". Et wier een nach um Ufank vun dësem Projet, mee e wier fir d'Zukunft immens villverspriechend. "A wa mir dohi kommen, datt mir duerch ziichteresch Moossnamen, virun allem VSH-Beien hunn, da wiere mir am Prinzip de Problem lass, mee dat ass nach e wäite Wee", seet de Jean-Paul Beck, de President vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht.