Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Recht op den Doud?

Prisma

E Recht op den Doud?

Et gëtt an der Geschicht vill Beispiller vu Leit, déi den Doud fräiwëlleg gewielt hunn. De Seneca, d'Lucretia, d'Cleopatra an de Marcus Antonius, de Philosoph Empedokles, deen an e Vulkan gesprongen ass, oder och nach de Kurt Cobain oder de Robin Williams. Dat weist, datt Suicide en Theema ass a schonn ëmmer war, a warscheinlech och wäert bleiwen. Et ass jo och hei am Land legal, ënner bestëmmten Ëmstänn sengem Liewen en Enn ze sëtzen. Mee geet dat wäit genuch? Misst een net, genee esou wéi een e Recht op säin eegent Liewen huet, e Recht op säin eegenen Doud hunn?

auto_stories

7 min

Den Thomas Koenig ass Philosoph a beschäftegt sech mat der Fro vum Suicide. Foto: Archiv

Laut dem Albert Camus ass d'Liewen absurd. Et huet kee Sënn. An déi Sënnlosegkeet stellt eis virun eng fundamental Fro, nämlech déi vum Suicide. Vu datt d'Liewen absurd ass, muss ee sech jo d'Fro stellen, ob ee sech dat wierklech undoe wëll.

D'Äntwert vum Camus war, datt d'Absurditéit vum Liewen ee Grond méi ass, fir ze probéieren, dem Liewen e Sënn ze ginn. Voilà, Problem gereegelt, bis d'nächst Kéier?

Nee, eben net. Deene meeschte Leit wäert et zimmlech egal sinn, ob Philosophe fannen, datt mer en absolutte Sënn am Liewe kënne gesinn oder net. Mee dat, wat hinne manner egal wäert sinn, ass wann Leit sech d'Liewen huele wëllen.

Dir hutt scho vläicht vum Vincent Humbert, vum Vincent Lambert, oder an de leschten Deeg vum Alain Cocq héieren. Dat si Fäll vu Fransousen, déi sech aus diverse medezinesche Grënn d'Liewe wollten huelen. Mee si hunn dat net dierfen, well a Frankräich d'Euthanasie net legal ass.

Zu Lëtzebuerg ass déi Diskussioun zanter 2009 gekläert. Euthanasie an Assistance au suicide si bei eis legal. Mee e Recht op Suicide gëtt et awer net.

Firwat dat Theema?

Den éischte Moment kann d'Fro no engem Recht op den Doud absurd wierken. Brauche mer wierklech esou eppes? Ass et net vläicht méi sënnvoll, déi Leit, déi vu sou Saache schwätzen, bei de Psy ze schécken?

Et gëtt jo och eng ganz Rei vun Argumenter, déi géint de Suicide schwätzen. Déi dann och éischter vu Selbst-Mord schwätzen amplaz vu Fräidoud.

Géigenargumenter

De Klassiker: d'Liewen ass e Cadeau vu Gott. Een ëmzebréngen ass Mord, sech selwer ëmzebréngen ass deementspriechend da Selbstmord.

Gutt, un deem Argument ass esou vill falsch, datt ech mol net weess, wou ufänken. Gëtt et Gott? De Beweis fir seng Existenz ass leider schonn e puer Joerdausenden iwwerfälleg. A wat ass, wann d'Liewen dann e Cadeau wier? Mat engem Cadeau kann ee maachen, wat ee wëll. Wann e Cadeau mat Obligatioune kënnt, dann ass et keen. Dann ass et éischter e Prêt. An da stellt sech och d'Fro, ob ee Selbstmord wierklech equivalent zu Mord ass. Schliisslech si bei Mord den Täter an d'Affer net identesch, beim Suicide awer schonn.

En anere Klassiker: Et ass egoistesch. Wann ee sech d'Liewen hëlt, mécht een aner Leit traureg. Oder si hu Scholdgefiller. Oder si stelle sech Froen. Absolut, mee och dat Argument gëllt nëmme bedéngt. Wat ass, wa keng aner Leit méi do sinn? Oder der ni do waren? Dann ass de Problem zum Beispill kee méi.

An dat kann ee jo och ëmdréien: wann ech mech net ëmbréngen, well aner Leit soss traureg wieren, ass dat dann net egoistesch vun deenen Aneren? Falls d'Gefiller vun den Anere mer egal sinn, ass d'Argument hifälleg. An ech sinn och net verantwortlech fir d'Gefiller vun anere Leit - dat wier soss e bësse wéi wann der engem erkläert, datt e sech net scheeden dierf loossen, well säi Partner dono traureg wier.

Ech wëll elo net soen, datt Gefiller hei guer keng Roll spillen. Mee eben, datt se u sech eleng kee valabelt Argument géint Suicide duerstellen. Am Kontext sécher, mee e Kontext ass ëmmer eppes Partikulares, an näischt Absoluttes.

Dat Argument, wat mech perséinlech am meeschten iwwerzeegt, ass dat, datt Suicide eng permanent Léisung zu engem temporäre Problem ass. Ganz vill Léit, déi versicht hunn, sech d'Liewen ze huelen, beriichten dono, datt se frou sinn nach um Liewen ze sinn, an datt d'Situatioun sech verbessert huet. Dat ass dann déi berüümt Ausso, datt vill Leit net fäeg sinn, sech Hëllef ze froen, an de Versuch, sech d'Liewen ze huelen, am Fong da genee dat ass - en Hilfeschrei.

Dat ass dat eent Argument, an da gëtt et nach een anert, wat ech awer och hei opziele wëll: d'Behaaptung, datt vill méi Leit sech géifen d'Liewen huelen, wann dat op emol legal wier. Dat Argument geet jo quasi Hand an Hand mam Argument, datt vill Iwwerliewender dono frou sinn, iwwerlieft ze hunn. Bei der Euthanasie gëtt et och en änlecht Argument, dat vum Todes-Tourismus: Genau esou wéi ee Land, an deem Ofdreiwe legal ass, vill Leit aus Länner géif unzéien, wou dat illegal wier, géif eng legaliséiert Euthanasie - oder an dësem Fall en Recht op Suicide - genee dat selwecht provozéieren.

Fakten

Dofir kucke mer eis am beschten emol e puer Fakten un. Euthanasie an Assistance au suicide sinn zanter 2009 hei am Land legal. Bon, tëscht 2009 an 2018 sinn hei am Land e bësse méi wei 39.000 Leit gestuerwen. 71 dovun duerch Euthanasie oder Suicide assisté. Dat heescht 0,18 Prozent vun allen Doudesfäll iwwer eng Period vun néng Joer.

Dat gesäit fir mech net dono aus, wéi wa mer zu Lëtzebuerg eng Explosioun vum Todes-Tourismus haten. An ech menge behaapten ze kënnen, datt dat weist, datt déi ganz Saach do och net op déi liicht Schëller geholl gëtt. An ech mengen och, datt dem Mënsch säin Iwwerliewensinstinkt esou staark ass, datt et och net zu enger Suicide-Explosioun wäert kommen, falls dat da sollt legaliséiert ginn.

Haaptargument - d'Fräiheet

Wisou also den Accès zum Doud vereinfache wëllen? Wisou also engem Mënsch, deen net onheelbar krank ass oder deem säi Leiden net onbedéngt als insupportable anzestufen ass, d'Méiglechkeet ginn, dat Irreparabelt ze maachen? Ganz einfach: Wéinst der Fräiheet!

Wa mer eis Verfassung kucken, do steet, datt den Staat eis natierlech Rechter schützt. An an der Universeller Mënscherechtserklärung steet, datt all Mënsch Recht op Liewen an op Fräiheet huet.

An do muss ee sech dann d'Fro stellen: ech hunn en Recht op Liewen, mee heescht dat, dass ech eng Flicht dozou hunn?

Fräiheet ass zwar en wichtegt Argument, mee net dat eenzegt. Fir vill Utilitaristen ass Suicide zum Beispill eng akzeptabel Léisung.

Bei de Stoiker oder dem Konfuzianismus ass Suicide erlaabt, wann et onméiglech ginn ass, säi Liewen tugendhaft ze feieren. Gutt, Tugend ass haut eng Iddi, op déi net vill Wäert geluecht gëtt. Soulaang ech konsuméiere kann, ass jo alles ok, firwat soll ech mech do nach mat Moral ploen, gell?

Fazit

De Bezuch vun eiser Gesellschaft zum Doud ass relativ opschlossräich. Alles muss jonk, gesond an dynamesch wierken, de Wäert vun engem Mënsch gëtt och dacks emol un senger Pai oder u sengem materielle Besëtz gemooss. Dank dem Fortschrëtt gëtt ëmmer méi spéit gestuerwen. An gestuerwe gëtt och net méi doheem. A wie weess, vläicht si mer eng Kéier esou wäit, datt een net méi wierklech stierwe muss. Dat heescht, den Doud, oder dat, wat un den Doud erënnert, ass net grad populär. Et gëtt éischter verdrängt.

Den Nietzsche huet a sengem Buch Menschliches, Allzumenschliches geschriwwen "warum sollte es für einen alt gewordenen Mann, welcher die Abnahme seiner Kräfte spürt, rühmlicher sein, seine langsame Erschöpfung und Auflösung abzuwarten, als sich mit vollem Bewusstsein ein Ziel zu setzen?"

An do hu mer am Fong den Tour gemaach a sinn erëm bei der Fro vum Camus an der Absurditéit vum Liewen. Fir vill Leit stellt sech d'Fro vläicht net, ob d'Liewen am Absolutten en Sënn huet. Mee d'Fro stellt sech vläicht awer op eemol, wann d'Liewe kee Sënn méi huet. Wann d'Liewen zu engem Iwwerliewe mutéiert. Wann een nach um Liewen ass, mee näischt méi dovun huet.

Ech loossen Iech dann hei dofir emol mat enger leschter Fro: ass dat Wichtegst am Liewen einfach d'Tatsaach, dass een um Liewen ass?