Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ecobox soll ausgebaut ginn

Kreeslafwirtschaft

Ecobox soll ausgebaut ginn

A 64 Restauranten am Land kann ee mëttlerweil a sougenannten Ecoboxe seng Moolzechten oder Iessensreschter mat Heem huelen. Duerch d'Boxen, déi fënnef Euro Pfand kaschten a méi dacks kënne benotzt ginn, sollen Ee-Wee-Verpakunge reduzéiert a manner Liewensmëttel ewech geheit ginn.

auto_stories

3 min

D'Ecoboxe goufen d'lescht Joer am Summer a sechs Restaurante lancéiert a wieren zanterdeems gutt ukomm, esou de Robert Schmit, den Direkter vun der Ëmweltverwaltung. De Projet soll weider ausgebaut ginn.

Eng breet Offer

Eng 20.000 Ecoboxe sollen deemnächst am Ganzen am Ëmlaf sinn. Et géife momentan zwee Modeller ginn, gréisser a kleng Këschten, et géif een awer doriwwer nodenken, ob ee beispillsweis am Supermarché en ähnleche System am Frëschrayon kéint offréieren.

Och d'Schoulkantinne sollen d'Ecobox aféieren, esou hirersäits d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Wat den Handel betrëfft, misst eventuell d'Form iwwerschafft ginn, seet den Direkter vun der Ëmweltverwaltung, mee et misst een oppassen, "datt een net fir all spezifeschen Zweck en extra Dëppe mécht, well soss kréie mir herno och eng Panoplie vun Dëppercher, déi dann och nees schwéier ze geréiere sinn".

Eng Alternativ fir den Doggy-Bag

D'Leit kënnen d'Ecobox am Restaurant erëm ofginn an déi fënnef Euro Pfand zeréckkréien. Oder si kënne se ofginn a Moolzechten oder Iessensreschter an enger neier, professionell gespullter Box mathuelen. Futtis Boxe kënnen och am Restaurant ofgi ginn, dee se dann un d'Superdreckskëscht weidergëtt, déi de System geréiert. Hei géifen déi gesammelt Boxen nees zeréck bei de Produzent geschéckt ginn, erkläert de Robert Schmit. Bis ewell wieren awer mol keng Handvoll Boxen zeréckkomm, mee "praktesch alleguer" wiere se am Ëmlaf.

Vill Leit hu selwer Plastiksdëppercher doheem. Dëst géif dem Konzept vun den Ecoboxen awer net widderspriechen, well et wier jo net verbueden, datt e Restaurant de Leit eppes an hiert Dëppche mat dra mécht. Et wier éischter geduecht, datt dat eng spontan Decisioun kéint sinn, wann een am Restaurant seng Portioun net packt, fir se da mat Heem ze huelen.

"Den aneren Avantage ass am Fong, datt d'Leit hir Dëppchen och an engem anere Restaurant oder enger anerer Plaz kënnen ofginn, wou si da vläicht deen Ament wëllen akafe goen. Also datt si net ëmmer nëmmen op déi selwecht Plaz mussen zeréckgoen. Et ass ee System, deen an engem Netzwierk funktionéiert."

Recycléierbare Plastik

Et hätt ee sech laang d'Fro gestallt, aus wéi engem Material een d'Ecoboxe wéilt hierstellen. Plastik wier méi einfach, an u sech och net schlecht, zielt de Robert Schmit. Et géif éischter drop ukommen, wéi ee mat deem Material ëmgeet. "An do ass et am Fong geholl esou, datt mir ee Produzent fonnt hunn, deen hei vir an Däitschland sëtzt, deen déi Dëppercher do produzéiert. Déi Materialie sinn och ganz geziilt als Mono-Materialie gemaach."

Dat heescht, d'Boxe sinn zu honnert Prozent recyclabel. Doduerch wier een an engem "ganz enke geschlossene Kreeslaf", wat och dem Prinzip vun der Economie circulaire entsprieche géif, seet de Robert Schmit.