D'Affär Clearstream gouf am Februar 2001 mat der Publikatioun vum Buch "Révélation$" vun de Co-Auteuren Denis Robert an Ernest Backes lancéiert - ee besonnesch spektakuläre Fall, deen hei am Land héich Welle geschloen hat.
Den Auteuren no hätt d'Clearing-Gesellschaft Clearstream ee System opgebaut, deen d'Wäisswäsche vu Sue géif begënschtegen. Vum President a Generaldirekter vu Clearstream, dem Schwäizer André Lussi, war et ee groussen Dementi.
Den 28. Februar, Dag vun der Verëffentlechung vu "Révélation$", hat Clearstream eng Rei Plainten annoncéiert, géint d'Auteuren an de Verlag, géint de Figaro an ee vu senge Journalisten, géint de Républicain Lorrain a géint Canal Plus, dat den Dag drop een Documentaire vum Denis Robert iwwer Clearstream sollt diffuséieren. Och d'BGL, déi am Buch viséiert war, hat juristesch Poursuitten ugekënnegt.
D'Publikatioun huet zu Lëtzebuerg héich Welle geschloen, an zwar och juristescher: Zwee Méint méi spéit, den 11. Mee, annoncéiert de Parquet, datt en eng Information judiciaire géint eng Partie Responsabeler vu Clearstream wéinst Blanchiment an Abus de biens sociaux opgemaach huet.