Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - L'Orso

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eekel

Prisma

Eekel

Propper ass gutt, knaschteg ass schlecht, esou gesi vill Leit op alle Fall d'Saachen. An dat net aus schlechtem Grond. Mee Eekel spillt net nëmmen eng Roll als Warnsignal, heiansdo seet Eekel eis net just, datt mir eis vu bestëmmte Saache sollen ewech halen. Heiansdo seet Eekel och eppes iwwer eis selwer aus.

auto_stories

7 min

Den Thomas Koenig ass Philosoph.

Zu Hygiène a Propretéit gëtt et vill ze soen. Hygiène kënnt aus dem Griicheschen a bedeit d'Konscht vun der Gesondheet, während Propretéit aus dem Latäi kennt, wou et - jo, eben net Propretéit bedeit. Den Ursprong heescht proprius, wat esouvill wéi partikular oder perséinlech bedeit. Propretéit ass enk verbonne mam Wuert Proprietéit, an et kéint och sinn, datt d'Wuert Propretéit dovu kënnt, datt Leit sech anscheinend vill besser ëm hiren eegene Besëtz, dat heescht hir Proprietéit, këmmere géifen, wéi ëm déi Saachen, déi an der ëffentlecher Hand sinn.

An wa mir schonn dobäi sinn, interessant kleng Fakten ze sammelen, da kommt, mir kucken eis och d'Wuert "clean" am Engleschen un. Dat ass nämlech Famill mam Wuert "to gleam", wat glänze bedeit. Wann ech soen, datt eng Saach clean ass, da mengen ech domat net nëmmen, datt se propper ass, nee, meng Ausso huet och eng moralesch Konnotatioun. Eppes wat clean ass, dat ass eppes, wat och gutt ass. Eppes, wat unclean ass, dat provozéiert jo och beschtefalls Ofleenung, schlëmmstefalls esouguer Eekel, an dat ass jo net gutt, gell?

Wisou eekelt een eppes un?

Eekel ass u sech awer näischt Schlechtes. Eng Saach ass eekeleg, wa se mech uneekelt, souvill ass kloer, mee wisou eekelt eppes een un? Evolutionär gesinn ass dat wahrscheinlech e Schutzmechanismus. Huele mir zum Beispill Kot. Dat richt net gutt, et gesäit net appetitlech aus, an normalerweis géife mir eis och dovun ewechhalen. Mee wisou?

D'Äntwert schéngt esou evident, datt se scho bal naiv wierkt: well et ongesond ass. Iessen, wat ufänkt ze faulen, dat konsuméiere mir net méi. Saachen, déi vu sech aus schonn eekelerreegend sinn, wéi zum Beispill Kot, do ass d'Versuchung och staark, sech dovun ewech ze halen.

Och Iesse kann eekleg sinn

Wat awer eekeleg ass, dat variéiert vu Liewewiesen zu Liewewiesen. Aasfriesser, wéi zum Beispill d'Hyänen, déi si jo dorop spezialiséiert, Läichen ze iessen. Gutt, wann dir e Steak iesst, dann ass dat technesch gesinn och eppes, wat vun enger Läich kennt, mee et ass keen Aas. Mee wann Nekrophagie Iech schonn eekeleg virkënnt, wat haalt der da vu Coprophagie?

Dat Wuert sëtzt sech zesummen aus copros - also Kot - a phagein - dat heescht, dem Verb iessen. De Scarabeus sacer - den hellege Skarabäus - rullt sech esou Kot zu Kugelen zesummen a grueft déi dann a fir se ze verspeisen. Klengt eekeleg? Jo, fir eis Mënschen, mee net fir déi Zort Skarabäus.

Sech viru Mënschen eekelen

Gutt, dat do war elo alles schéin harmlos, komme mir emol bei déi moralesch Problemer, déi sech beim Eekel stellen. Eekel ass e Warnsignal, souvill ass jo kloer, mee wat ass, wann ech mech viru Saachen oder Mënschen eekelen, déi eigentlech guer keng Gefor fir mech sinn?

Eigentlech komme mir Mënsche jo net als Rassisten op d'Welt. Rassismus ass eppes, wat net ugebuer ass, mee wat ugeléiert gëtt. Mee Rassismus kann esou wäit goen, datt ee physesch Eekelsymptomer empfënnt fir déi Leit, géint déi een dann diskriminéiert. Maja, Rassismus, Hygiène ... Rassen-Hygiène! Dat Wuert a seng praktesch Ausleeung kennt ee jo och nach.

An der Serie "Little Britain" gëtt et de Personnage vum Maggie Blackmoore. D'Maggie schéngt eng ganz sympathesch a fein eeler Fra ze sinn, déi mat hirer Frëndin Judy ënnerwee ass. D'Sketcher mam Maggie lafen dacks nom Muster of, datt si Iesse proposéiert kritt, zum Beispill Scones, déi se ganz gutt fënnt, a wou si da freet, wien déi gemaach huet. D'Äntwert ass ëmmer déi, datt eng Persoun mat donkeler Hautfaarf d'Iesse gemaach huet, dat d'Maggie grad giess huet. An d'Resultat ass dann och ëmmer dat selwecht, et sprëtzen dem Maggie literweis Katz an engem mächtege Stral aus dem Mond, an all déi Leit ronderëm et, gi wuertwiertlech voll gekatzt.

Bon, de Sketch hei läit an der iwwerdriwwener Duerstellung vun de Symptomer bei der physescher Reaktioun vun engem Rassist par Rapport zu Mënschen, déi hien uneekelen.

Et ass net ëmmer ganz konsequent

Mee et muss ee mol net wäit siche goen, fir datt Leit sech vun anere Leit ugëeekelt fillen. Datt een nach ëmmer erëm Leit fënnt, déi de Geck mat Homosexuelle maachen, an déi ëmmer esou duerstellen, wéi wa si dreckeg wären, well si Analverkéier mateneen hätten, ass en Zeechen dofir, datt Homosexualitéit als knaschteg duergestallt gëtt. Déi gedanklech Associatioun tëschent "anal", "Kot" a "knaschteg" ass jo séier gemaach.

Sécher, mir hu virdru gesinn, datt Kot eekeleg ass, well et ongesond ass. Mee wann déi Leit, déi esou Saache vu sech ginn, konsequent wieren, da misste si och vläicht genee esou gëeekelt gestikuléieren, wa si am Gaart schaffen oder - virausgesat, si hunn e feline Matbewunner - d'Kazentoilette botzen.

Ech woen et awer emol ze behaapten, datt d'Reaktiounen, wa si enger Katz hir Toilette botzen oder hirem Kand d'Pampers wiesselen, net esou dramatesch ausfalen, wéi wa si de Geck mat Homosexuelle maachen. Bon, dovun ofgesi kann een esou Leit och virwerfen, datt si onéierlech, naiv oder carrement ouni Imaginatioun sinn, wa si net realiséieren, datt bestëmmte sexuell Praktiken net u bestëmmte sexuell Virléifte gebonne sinn.

Et gëtt ee geléiert, wat eekleg ass

De Sënn vun deem Ganzen ass awer, denken ech, kloer. Wann ee sech virun eppes eekelt, da muss de Grond dohannert net ee gudde Grond sinn. Besonnesch net, wann déi Saach, virun där ee sech eekelt, nëmmen als eekeleg empfonnt gëtt, well ee geléiert gouf, datt se eekeleg ass.

Tätowéierter leide jo och gär ënner dem Stigma, datt si dreckeg sinn, well si hir Haut veronrengegen. Leit, déi Piercingen hunn, déi si jo och gär d'Opfer vun ähnleche Viruerteeler. Dobäi, wann een e Mënsch freet, wou de Problem dann ass, da kritt ee gär d'Äntwert, datt et eekeleg ass. Mee wat den Eekel da schlussendlech begrënne soll, déi Fro kritt ee par contre net méi beäntwert. Et handelt sech da gär ëm e Viruerteel.

Bon, wann ech elo klengen, wéi wann ech tätowéiert oder gepierct wär, kann ech Iech awer direkt berouegen, meng moralesch Qualitéite si weder duerch Tënt, nach duerch Metall ënner der Haut behënnert, an deem Beräich ass alles ok.

Sech virun engem Baart eekelen?

Wou awer net alles ok ass, ass am Beräich Pilositeit. Leit, déi e Baart hunn, wëssen, datt ee gären emol onprovozéiert folgende Sproch ze héiere kritt: "Wann ech mat Dir zesumme wier, da misst de Baart awer fort!" Oder "E Baart, jo, dat gesäit ëmmer esou ongefleegt aus!". Oder "E Baart ass onhygienesch!".

Gutt, e Baart kann ee wäschen, genee wéi ee sech d'Hoer wäsche kann. Wann e Baart onbedéngt esou dreckeg sollt sinn, da froen ech mech, firwat Leit, déi dat mengen, sech net eng Glatz raséieren, dat wier jo nëmme konsequent.

Eekel kann een hannerfroen

Soit, also, ass d'Moral vun der Geschicht, datt mir mussen den Ënnerscheed tëschent berechtegtem Eekel an onberechtegtem Eekel maachen? Nee, dat wier e bëssen ze vill einfach. Esouguer berechtegen Eekel kann een hannerfroen. Beim Iessen zum Beispill, do kann ee vu verschiddenen Iesswueren ugëeekelt sinn, zum Beispill vu Fësch - dat kënnt awer net doduerch, datt Fësch ongesond wär, mee duerch d'Erzéiung. Dat kann een anscheinend och oftrainéieren.

Et gëtt e Restaurant zu Kopenhagen, den Noma, dee reegelméisseg als ee vun den zéng beschte vun der Welt klasséiert gëtt, deen experimentéiert mat verfaulten Iesswueren. Do, wou déi eng e Grond gesinn, Iessen ewech ze geheien, gesinn d'Leit aus dem Noma eng Méiglechkeet, nei Geschmaachsrichtungen ze exploréieren.

Eekel kann och onberechtegt sinn

Mee net nëmmen an der Kichen ass Eekel net ëmmer berechtegt. An der Medezin gëtt och doru gefuerscht, bestëmmte Krankheeten ze heelen, an deem Kranker d'Darmflora vu gesonde Mënschen transplantéiert kréien. Am Kloertext, et gëtt Kot transplantéiert. Klengt eekeleg, kann awer Mënsche gesond maachen.

Also: Eekel ass ganz dacks berechtegt, dat ass onbestreitbar. Mee Eekel kann awer och onberechtegt sinn, a Propretéit an Hygiène kënnen och zu diskriminatoreschen Zwecker mëssbraucht ginn. Dofir, wann een Eekel vis-à-vis vun Iergendeppes oder Iergendengem verspiert - vläicht kennt de Problem jo net vu baussen.