Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een archäologeschen Tour duerch Lëtzebuerg

Centre national de recherche archéologique

Een archäologeschen Tour duerch Lëtzebuerg

De Centre National de Recherche Archéologique - kuerz CNRA - gouf 2011 per Règlement Grand-Ducal an d'Liewe geruff fir den archeologesche Partimoine vu Lëtzebuerg ze erfuerschen an ze schützen. Zënter leschtem Joer bréngt den CNRA kuerz Hefter ënner dem Titel "Livret du Patrimoine" eraus fir seng Aarbecht engem breede Public bekannt ze maachen. De Mohamed Hamdi huet sech déi zwou rezent Publikatiounen ugekuckt.

auto_stories

3 min

Dat éischt Heft dréit sech ganz ronderëm der sougenannter Prinzessin vu Schengen, déi 1995 an der Ëmgéigend vu Rëmerschen an enger fréigeschichtlecher Nekropol entdeckt gouf. Nieft der Prinzessin vu Schengen ass och nach een zweete Graf duerch säin aussergewéinleche Contenu opgefall. Iwwer dëse Graf gëtt een am Buch awer leider näischt gewuer.

D'Buch fokusséiert sech ausschliisslech op d'Géigestänn déi d'Prinzessin vu Schengen op hirer Rees an d'Jenseits begleede sollten. Den Archeologe vum CNRA no war d'Prinzessin vu Schengen warscheinlech eng Fra aus dem kelteschen Adel déi viru ronn 2.500 Joer, wärend der sougenannter Eisenzäit, gelieft huet.

Och fir Net-Fachleit verständlech

Unhand vun de Géigestänn, déi zu Schengen am Graf vun der Prinzessin fonnt goufen, adresséiert d'Buch méi allgemeng Froen iwwer d'Gewunnechte vun de Mënschen, déi viru ronn 2.500 Joer an eise Géigende gelieft hunn.

Et ass sécherlech eng Period, déi vergläichsweis éischter seelen a populärwëssenschaftleche Publikatioune behandelt gëtt. Ëmsou méi begréissenswäert ass dës Publikatioun vum CNRA, déi et schafft de Net-Fachmann fir dës Matière ze begeeschteren.

E gesamten Iwwerbléck

Och den zweete Livret du Patrimoine gëtt dësem Zil gerecht. Wéi am éischten Heft sollen och hei archeologesch Entdeckungen aus Lëtzebuerg op eng zougänglech Aart a Weis virgestallt ginn. Dës Kéier dréit sech awer net alles ronderëm een eenzegt Fallbeispill. Villméi offréiert d'Buch ee Gesamtiwwerbléck op déi archeologesch Landschaft vum Groussherzogtum.

Alles an allem gi 44 archeologesch Sitten am Buch kuerz virgestallt. Bei dëse Sitten handelt et sech natierlech just ëm eng Auswiel. De Foni Le Brun Ricalens vum CNRA erkläert, datt et an de leschte 15 Joer méi wéi 200 archeologesch Sitte gouf, mee bei just engem klengen Deel vun dovunner konnt restauréiert ginn an ass erhale bliwwen.

E Guide am wuertwiertleche Sënn

A kuerzen Texter, déi seelen iwwer eng Säit erausginn, kritt de Lieser déi wichtegst Informatiounen zu de verschiddene Sitten zesummegefaasst - dat ganzt begleet mat Fotoen oder Rekonstruktiounen, deelweis och mat Kaarten a Pläng.

D'Buch versteet sech als ee Guide deen - wéi den Titel et scho seet - de Lieser op eng historesch Tour duerch Lëtzebuerg invitéiert. Dobäi ass "Tour" duerchaus wuertwiertlech ze verstoen. Fir all Site fënnt een am Buch Weebeschreiwunge fir d'Plazen op eege Fauscht ze besichen. Souguer Koordinate sinn ugi fir mam Navi de Wee bei d'Ruinen ze fannen.

En Heft mat villen interessanten Detailer

Déi archeologesch Site sinn alphabetesch sortéiert an erstrecke sech vum galloréimesche Relief zu Allënster bis zum ënnerierdesche Waasserkanal, deen ëm 130 no Christus vun de Réimer am haitege Walfer gebaut gouf. De 600 Meter laange Kanal - sou gëtt een am Buch gewuer - gehéiert iwwregens zu den am beschten erhalene réimeschen Tunnelwierker nërdlech vun den Alpen.

Och aner interessant Detailer iwwer d'Lëtzebuergesch Geschicht fënnt een am kuerzen Heft. Wie sech zum Beispill schonn ëmmer gefrot huet, wat et mam sougenannten Dikrecher Däiwelselter oder mam Mierscher Menhir op sech huet, kann dat am Livret du Patrimoine noliesen. Den interesséierte Lieser, dee méi iwwer déi eenzel Plaze gewuer wëllt ginn, fënnt doriwwer eraus an all Kapitel eng kuerz Literaturempfehlung.

Den CNRA gëtt senger Missioun gerecht

Dem CNRA geléngt et soumat a senge Livrets du Partimoine de Lieser op eng liicht verständlech Aart a Weis an den archeologeschen Ierwe vu Lëtzebuerg anzeféieren. Fräi vun techneschem Jargon offréiere béid Bicher ee flotten Iwwerbléck op déi markant Sitten aus der Lëtzebuergescher Fréigeschicht.

Mat dëse kléngen Hefter gëtt den CNRA senger Missioun gerecht den archeologesche Patrimoine zu Lëtzebuerg ze valoriséieren a bei engem breede Public bekannt ze maachen. Et dierf een also gespaant a mat Freed op déi nächst Hefter vum CNRA waarden.