Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En éierleche Bléck op eng mouvementéiert Vergaangenheet

Lëtzebuerger Sachbicher

En éierleche Bléck op eng mouvementéiert Vergaangenheet

Am Joer 1870 entsteet ënner der Opsiicht vum Vatikan en onofhängege Lëtzebuerger Bistum - ee Schlësseldatum an der Geschicht vum Land. Pénktlech zum 150. Joresdag bréngt de Georges Hellinghausen seng "Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs" eraus a werft doran een erfrëschend éierleche Bléck op eng mouvementéiert Vergaangenheet.

auto_stories

5 min

Mat vill Léift zum Detail erkläert den Auteur, wéi et zur Grënnung vum Bistum koum a wat sech zanterhier um kierchepolitesche Plang alles gedoen huet. D'Buch setzt u bei der franséischer Revolutioun an dem Konkordat am Joer 1801 tëschent dem Napoleon an dem Vatikan. Déi nei franséisch Kierchepolitik huet och zu Lëtzebuerg dem Prinzip vun der Staatsrelioun en Enn gesat. Et war deen éischte Schratt an engem laangwierege Prozess, deen zu Lëtzebuerg eréischt an deene leschte Jore mat der endgülteger Trennung tëschent Kierch a Staat ofgeschloss sollt ginn.

Paradoxerweis huet d'Zerstéierung vum Ancien Régime et der Lëtzebuergescher Kierch awer och erméiglecht, sech intern ze stäerken an ze emanzipéieren. War de Lëtzebuerger Territoire bis dohin op verschiddenen Diözesen opgedeelt, esou koum de Grand-Duché elo fir d'éischte Kéier ënner d'Verwaltung vun enger eenzeger Diözes - nämlech dem Bistum Metz. Ee wichtege Schratt also a Richtung eegestännege Bistum. Wéi no der Belscher Revolutioun vun 1839 Lëtzebuerg zum Apostolesche Vikariat erhuewe gouf, huet sech dat kierchlecht Verwaltungsgebitt och endlech mat de politesche Grenze vum Land gedeckt. Een zweete wichtege Schratt a Richtung Lëtzebuerger Bistum.

D'Relatioun tëschent Kierch a Staat

D'Grënnung vun engem eegestännege Bistum an d'Entstoe vun engem onofhängege Staat sinn esou parallel zustane komm an hu sech och géigesäiteg beaflosst. D'Relatioun tëschent Kierch a Staat war vun Ufank un eng spannungsgelueden. Dat beweist schonn eleng de Fait, datt d'Grënnung vum onofhängege Bistum mat dräi Joer Retard vum Staat unerkannt gouf.

Iwwerhaapt war de Gros vum 19 Joerhonnert duerch een ideologesche Kampf tëschent dem Liberalismus an dem Katholizismus gekennzeechent. Mam Opkomme vun der internationaler Aarbechterbeweegung huet den ideologesche Kampf sech op de Sozialismus a spéider op de Kommunismus ausgeweit.

Besonnesch d'Debatt ronderëm d'Plaz vun der Kierch an den ëffentleche Schoule sollt ëmmer erëm fir sozialen a politesche Sprengstoff suergen. Och dëse Sträitpunkt gouf ënner der sougenannter Gambia-Regierung endgülteg ofgeschloss. Am Joer 2016 gouf géint de Wëlle vun der Kierch de Reliounsunterrecht ofgeschaaft. D'Kierch huet sech dëser Entscheedung ouni vill Oppositioun gefüügt - een Zeechen, datt se haut net méi genuch Réckgrat an der Gesellschaft huet.

Gemeinsam Wäerter an Traditioun

Dat war awer net ëmmer esou. Duerch gemeinsam Wäerter an Traditiounen huet d'Relioun ee kulturellt Zesummegehéiregkeetsgefill geschaaft an d'Iddi vun engem nationale Lëtzebuerger Partikularismus ënnerstrach. Erwäänt sief hei zum Beispill d'Iechternacher Sprangpressessioun souwéi d'Oktav an d'Veréierung vun der Consolatrix Afflictorum. D'Bedeelegung vun der Kierch um Widderstand géint d'Nazi-Occupatioun huet nom Zweete Weltkrich déi national-kathoulesch Identitéit vu ville Lëtzebuerger nach verstäerkt a fir een neien Opschwong vun der reliéiser Praxis gesuergt.

Laang Zäit war d'Kierch och eng Zort Staat am Staat. Besonnesch am 19. Joerhonnert, wéi et nach keng staatlech Sozialinfrastrukture gouf, hu kierchlech Institutioune wichteg Servicer assuréiert. Och haut nach spille chrëschtlech Veräiner, Uerden, Kongregatiounen an Hëllefswierker eng wichteg Roll am sanitären, karitativen a pedagogesche Beräich. Iwwerhaapt huet d'Kierch wesentlech zur intellektueller a kultureller Entfalung vu Lëtzebuerg bäigedroen.

De Georges Hellinghausen lëscht eng ganz Partie wichteg Kontributiounen op, déi mir der Kierch ze verdanken hunn - z. B. am Beräich vun der Wëssenschaft, der Architektur, der Konscht an der Musek. Den Auteur widdersprécht esou dem wäitverbreete Klischee, d'Kierch hätt virun allem een negativen Impakt op d'Lëtzebuerger Gesellschaft gehat.

Géigesäiteg Beaflossung

D'Buch weist awer och, datt net just d'Kierch d'Gesellschaft gepräägt huet, mee och datt d'Gesellschaft d'Kierch immens beaflosst huet. Dat ka besonnesch an de leschte Joerzéngten festgestallt ginn. Mam Säkularismus an Individualismus dominéieren zwou Liewensastellungen, déi de Virstellunge vun der Kierch diametral géintiwwerstinn. Et ass eng Kris, déi no der Kultureller Revolutioun vu Mee 68 esou richteg an d'Rulle koum a spéitstens vun 2013 un och politesch Konsequenzen huet.

"Mit der Zäsur von 2013 läuft das napoleonische Staatskirchenrecht, das von Bischof Laurent mächtig ausgebaut worden war, nach gut 200 Jahren aus. Aus einer staatlich getragenen und von öffentlicher Hand finanzierten Kirche in einer christlich geprägten Gesellschaft ist eine auf sich gestellte kirchliche Gemeinschaft in säkulärem Kontext geworden, mit Christen die ihre Kirchenzugehörigkeit bewusst wählen und auch zum guten Teil dafür aufkommen müssen."

Anescht wéi fréier bitt d'Relioun haut kee strukturelle Kader méi fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft. D'Notioun vu Vollekskatholizismus ass mëttlerweil komplett iwwerholl. De Verloscht vum kathoulesche Charakter vun der Gesellschaft erkennt een notamment am Réckgang vu Kommuniounen a Paschtouerweien souwéi den heefege Kierchenaustrëtter.

Traditionell Fester an Aktivitéiten zéien ëmmer manner Leit un a sinn haut souguer deelweis verschwonnen. De Säkulariséierungsprozess huet d'Kierch dozou gezwonge sech nei ze erfannen a méi oppen no baussen ze ginn.

En erstaunlech an erfrëschende Bléck

Datt d'Kierch an der Kris ass, beweist net zulescht och d'Distanzéierung vu chrëschtleche Wäerter, déi souwuel d'CSV wéi och d'Luxemburger Wort an deene leschte Jore manifestéiert hunn. Béid Institutioune passe sech dem Säkulariséierungstrend un - dat och, fir bei der Lieser- a Wielerschaft weiderhin Uklang ze fannen. D'Kierch verléiert doduerch zwee wichteg Pilieren, déi hiren Afloss joerzéngtelaang ënnermauert hunn.

Op knapps 170 Säiten spaant de Georges Hellinghausen esou de Bou vun der franséischer Revolutioun bis zur haiteger Trennung vu Kierch a Staat an der Ernennung vum Bëschof Jean Hollerich zum Kardinol am Joer 2019.

Fir jiddwereen, deen d'historesch Zesummenhäng vun den aktuelle sozio-politeschen Debatte verstoe wëllt, ass d"Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs" ouni Zweiwel eng Flichtlektür. Net just fëllt d'Buch eng wëssenschaftlech Lacune - déi lescht Monographie zum Theema gouf viru 70 Joer publizéiert - mee et handelt sech och ëm eng modern, oppen a virun allem éierlech Beschreiwung vun der Kierch zu Lëtzebuerg.

Manner gloriéis Abschnitter aus der Geschicht gi geneesou thematiséiert wéi déi schonn erwäänte positiv Aspekter - esou z. B. de kathouleschen Antisemitismus virum Zweete Weltkrich oder nach de Problem vun de Kandsmësshandlungen. Et ass een erstaunlech an erfrëschend éierleche Bléck, deen de Georges Hellinghausen op d'Kierch werft - an dat obschonn den Auteur selwer wichteg Funktiounen innerhalb vun der Diözes bekleet. Trotz senge reliéisen Iwwerzeegungen a senger Proximitéit zur Kierch weess de Georges Hellinghausen eng kritesch Distanz zum Sujet ze halen. Dat ass ee vu ville Grënn, wisou een d'Buch a säin Auteur luewe muss.