Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een historeschen Tour de Force

Lëtzebuerger Sachbicher

Een historeschen Tour de Force

D'Grousherzogin Marie Adelheid souz nëmme sechs Joer um Troun, mee hir kuerz Regentschaft huet d'Land déifgräifend verännert. Um Centenaire vun hirer Ofdankung huet d'Chercheuse Josiane Weber ee Buch iwwer dës aussergewéinlech Persoun geschriwwen a raumt mat esou munche Legenden op. D'Biographie krut d'lescht Joer de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Bescht Sachbuch - ee Präis, dee méi wéi verdéngt ass, fënnt de Mohamed Hamdi.

auto_stories

7 min

Wéi den Ënnertitel vum Buch et verréit, handelt et sech bei der Josiane Weber hirem Buch ëm eng politesch Biographie. Zwar gëtt een och munch Interessantes iwwert hiert Privatliewe virun a no der Regentschaft gewuer, mee de Schwéierpunkt vum Buch läit op der Period vun 1912 bis 1918, wéi d'Marie Adelheid um Troun souz. D'Bilanz, déi d'Josiane Weber iwwer dës Period zitt, ass duerch an duerch eng negativ:

"In Zahlen ausgedrückt offenbart die politische Bilanz ihrer sechseinhalb dauernden Herrschaftszeit ein verheerendes Resultat: sechs Staatsminister, sieben Regierungsrücktritte sowie mehrere schwere Regierungs-und Staatskrisen sind nicht nur als Spiegelbild instabiler politischer, gesellschaftlicher und wirtschaftlicher Verhältnisse, sondern sie reflektieren auch die eigenmächtige Handlungsweise einer Großherzogin, die sich nicht auf repräsentative Aufgaben beschränken wollte" - sou d'Josiane Weber.

Staats- a Regierungskrisen

D'Josiane Weber beliicht déi verschidde Staats- a Regierungskrisen, déi dacks duerch der Marie Adelheid hir Amëschung, wann net ausgeléist, dann dach verschlëmmert goufen. Déi éischt Kris, déi de weidere Werdegang vun hirer Regentschaft ugedeit huet, ass kuerz no der Trounbesteigung ronderëm dat neit Schoulgesetz ausgebrach.

Duerch dëst Gesetz sollt den ëffentleche Schoulsystem laiziséiert an de Pouvoir vun der Kierch reduzéiert ginn. Méi ewéi sechs Wochen huet et gedauert, bis datt d'Groussherzogin dat ëmstriddent Gesetz ënnerschriwwen huet - obschonn d'Chamber an enger grousser Majoritéit dofir gestëmmt huet.

"Dass Marie Adelheid stark an Popularität verloren hat ist leider nicht zu leugnen. Den Klerikalen hat sie die Enttäuschung bereitet, das Schulgesetz schließlich doch noch zu unterzeichnen, während wiederum durch ihr Zaudern der demokratische Geist bei der großen Masse der Wähler, die von einem rein parlamentarischen Regime träumt, aufgeheizt ist", sou den däitschen Ambassadeur, de Graf von Schwerin.

Fir nach méi ëffentlech Furor huet d'Affär ronderëm den Direkterposte vun der sougenannter Normalschoul gesuergt - dat war de Numm vum Institut, an deem d'Proffen ausgebilt goufen.

Obschonn den Eduouard Oster all d'Kompetenzen hat an ee klore Favorit fir de Poste war, huet d'Marie Adelheid sech geweigert hien ze bestätegen. Dat, well hie Sonndes net an d'Mass gaangen ass. Si wollt partout ee Geeschtlechen op dësem Posten hunn. D'Affär huet zu enger déiwer politescher Kris gefouert, déi ouni Zweiwel och um Minister Eyschen sengem Doud mat Schold war.

Wéinst dëser am Kär banaler Fro huet d'Marie Adelheid d'Parlament opgeléist - eppes, wat zanter 1856 net geschitt war - an huet eng Regierung un d'Muecht bruecht, déi just aus Membere vun der Rietspartei bestanen huet, obschonn dës am Parlament keng Majoritéit hat.

Och wann et net wierklech ee Putsch war, sou wéi dat dacks duergestallt ginn ass, huet dës Decisioun awer kloer gewisen, datt d'Marie Adelheid ee Staatsverständnis hat, dat net méi zäitgeméiss war.

D'Marie Adelheid wousst, wat si mécht

Vun de Monarchieunhänger gëtt nach ëmmer behaapt, d'Marie Adelheid wier a Wierklechkeet vu sengem Entourage a vu senge politesche Beroder ënner Drock gesat gi fir kontrovers Entscheedungen ze huelen.

Datt d'Kierch Drock op déi jonk Herrscherin ausgeüübt huet steet ausser Zweiwel - dat heescht awer net, datt d'Marie Adelheid just een Instrument vu béisen Hannermänner war. Ganz am Géigendeel: d'Josiane Weber weist op eng iwwerzeegend Manéier, datt d'Marie Adelheid net manipuléiert gouf, mee genau wosst, wat si géif maachen:

"Nach dem Tod des Übervaters Eyschen brauchte sie auf niemanden mehr Rücksicht zu nehmen. Nun konnte sie den Angriff auf die linksliberale, laizistische, parlamentarische Demokratie wagen und ihren Machtanspruch im Sinne eines christlich-autoritären Staates mit Ausschluss jeder Parteipolitik durchsetzen."

D'Marie Adelheid huet sech an hire politeschen Decisiounen haaptsächlech vun hire reliéisen Iwwerzeegunge leeden an inspiréiere gelooss. Ëmmer erëm huet si déi Rietspartei favoriséiert, wou si dach d'Flicht hat, parteipolitesch neutral ze bleiwen. Mat hirer Amëschung an d'Innepolitik huet d'Marie Adelheid dozou bäigedroen d'Land nach méi ze splécken.

Ee problematescht Verhältnis

Och hir enk Relatioune mat Däitschland goufen dacks vu rietser Säit minimiséiert. Dobäi léisst der Josiane Weber hir Analyse keen Doute. Der Marie Adelheid hir Germanophilie soll souguer sou wäit gaange sinn, datt si sech méi mat Däitschland, ewéi mat Lëtzebuerg identifizéiert sollt hunn.

D'Verhältnis mat den däitsche Besatzungstruppe wärend dem Krich ass besonnesch problematesch. E puer Wochen no Krichsausbroch huet de Keeser Wëllem II. säin Haaptquartéier zu Lëtzebuerg opgeschloen. Net manner ewéi sechs Mol huet d'Marie Adelheid sech an dëser Zäit mam Keeser getraff - an dat, obschonn déi däitsch Truppen d'Land illegal besat hunn. Et ass duerchaus plausibel, datt den Haff dee Moment déi däitsch Annexiounspläng géigeniwwer Lëtzebuerg kannt huet.

Den Empfang vum däitsche Keeser matten am éischte Weltkrich ass net op Drock vum Eyschen hi geschitt - wéi dat dacks gesot gëtt fir d'Marie Adelheid ze entlaaschten - mee war eng fräi Entscheedung vum Haff.

Bei der Entente a bei der Lëtzebuergescher Bevëlkerung hunn dës Relatioune mat de Besatzungstruppen hirem Image immens geschuet an hu schlussendlech dozou gefouert, datt si nom Krich huet missen zerécktrieden.

Anescht ewéi dat vu rietser Säit ëmmer nees behaapt gëtt, huet d'Marie Adelheid sech och net geaffert fir d'Onofhängegkeet vum Land ze garantéieren. Unhand vun enger rigouréiser Quellenanalys beweist d'Josiane Weber nämlech, datt si d'Ofdankung ëmmer nees no hanne verluecht huet a sech bis zum Schluss geweigert huet d'Muecht ofzeleeën.

Si ass schlussendlech just wéinst der republikanescher Revolutioun vu Januar 1919 dozou gezwonge ginn - wéi et eigentlech bal schonn ze spéit war.

Am Buch gëtt mat Mythen opgeraumt

D'Josiane Weber raumt awer och mat enger Rei Mythen op, déi vu lénker Säit vehikuléiert ginn. Anescht ewéi vu lénken Historiker behaapt gëtt, war d'Marie Adelheid z.B. net elgn Schold un der Regierungskris vu 1915, wéi si sech geweigert huet dräi liberal Buergermeeschteren, souwéi ee Member vum Staatsrot ze ernennen.

Tatsächlech huet den Inneminister Pierre Braun eng wesentlech Roll an dëser Kris gespillt. Dësen huet nämlech zu Hollerech Neiwale forcéiert, well säi Frënd, de Fräidenker a Sozialist Artur Daubenfeld, net an de Schäfferot gewielt gouf.

Fir dës Neiwalen ze justifiéieren, huet hien d'Marie Adelheid schamlos ugelunn. Wéi den Daubenfeld an der zweeter Wal schlussendlech gewielt ginn ass, hat d'Marie Adelheid iwwer dem Braun seng Lige Wand kritt an sech geweigert den Daubenfeld als Buergermeeschter vun Hollerech ze bestätegen.

Een anere lénke Mythos beseet, datt d'Republikaner am Numm vum Vollek gehandelt hätten an d'Monarchie op demokratesch Aart a Weis stierze wollten. A Wierklechkeet hunn déi lénk Parteien ee Referendum iwwer d'Monarchie mat alle Mëttele wëlle verhënneren, well se wossten, datt d'Ofsetzung vun der Monarchie wuel kaum vun enger Majoritéit vum Vollek gedroe gouf.

Sou hunn déi lénk Deputéiert e puer Mol versicht, d'Ofdankung vun der Marie Adelheid mat engem Iwwerraschungscoup am Parlament ze erzwéngen - sou zum Beispill den 13. November 1918 mat der Motioun iwwer d'Ofsetzung vun der Dynastie, déi just mat enger knapper Majoritéit vun 21 géint 19 Stëmme verworf gouf.

Datt de Vott sou knapp ausgefall war, louch net un engem plëtzleche Sënneswandel an der Chamber, mee éischter dorunner, datt een Deel vun de konservativen Deputéierten d'Chamber scho verlooss haten, wéi d'Sozialisten d'Motioun proposéiert hunn.

Dat bescht Buch iwwer d'Marie-Adelheid

Der Josiane Weber hiert Buch ass net just dat definitiivt Wierk iwwer d'Grande-Duchesse Marie-Adelheid, mee ouni Zweiwel och dat Bescht, wat bis ewell iwwer déi innepolitesch Krise wärend a nom éischte Weltkrich geschriwwe ginn ass.

Duerch säi kloren Opbau bleift d'Buch trotz sengen iwwer 600 DinA4-Säiten iwwersiichtlech a liest sech, dank dem fléissende Stil an den zuelräiche visuellen Elementer, immens gutt. D'Biographie gehéiert zu deene raren historeschen Etüden iwwer Lëtzebuerg, déi d'Vergaangenheet net duerch een ideologesch gefierfte Brëll analyséiere, mee déi versichen ze verstoen, wat deemools wierklech geschitt ass.

Sou Bicher bilde leider haut nach ëmmer eng Ausnam - an dat besonnesch bei Theemen, déi staark emotional geluede sinn. Mat hirem Buch beweist d'Josiane Weber, datt eng historesch Aarbecht detailléiert ka sinn a gläichzäiteg spannend bleiwe kann, datt se verständlech ka sinn, ouni an ee Simplismus ze verfalen a virun allem, datt se kritesch ka sinn, ouni parteiesch ze ginn.