Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een Tattoo muss ee sech verdéngen"

Sot emol

"Een Tattoo muss ee sech verdéngen"

Iwwer 30 Prozent vun der europäescher Bevëlkerung hätt een Tattoo seet de Marion Thill. Fir de Piercer, Museker a Besëtzer vun engem Tattoo-Studio ass sech tätowéiere loossen eng "Muttprouf - an dat ass och gutt esou".

auto_stories

2 min

headphones

48 min

play_arrow

Zanter 27 Joer huet de Marion Thill säi Piercing- an Tattoo-Studio, ee vun den éischten hei am Land. Do dernieft ass hie Vize-President vun der Hair, Beauty and Tattoo Guild zu Lëtzebuerg. Säin éischten Tattoo krut de Marion Thill mat 15 Joer. An Europa hätten iwwer 30 Prozent vun der Bevëlkerung een Tattoo, dofir seet hien "wann s du net tätowéiert bass, da bass du scho bal eppes Extraes."

Den Ament gëtt vill iwwer Tattooen an der Aktualitéit geschwat: vu Januar u sinn nämlech verschidde Faarwen net méi erlaabt. De Marion Thill ass entsaat iwwer déi nei Reglementatioun. Fir hie steet beim Tätowéieren eng ethesch Verantwortung un éischter Platz:

"Een Tattoo ass eng oppe Wonn, natierlech deet dat wéi, et ass eng Muttprouf, dat ass och gutt esou, ech fannen een Tattoo muss ee sech verdéngen, Betäubungscrèmen si souwisou verbueden hei am Land an am groussen Deel vun Europa, fir den Tätowéierer ass dat och net gutt, d'Haut huet dann eng ganz aner Konsistenz, d'Faarf ass net gutt."

Eng zesummegewierfelt Band

Vu Beruff ass de Marion Thill Soundingenieur, a säin Dada war ëmmer nach Musek: hien ass Legastheniker, war kee gudde Schüler a wollt onbedéngt Musek maachen. Mee Rockstar an de 70er zu Lëtzebuerg war kee Beruff. Als live Tountechniker huet hie beim Piratesender RFM geschafft.

1992 dann, wou hien an de Jang Linster Studioe geschafft huet, huet sech de Projet "Surf Cowboys" entwéckelt. De Jang Linster war deemools mam Mario Welter op d'Eurovisioun. De Marion Thill hat de Studio also zu senger Verfügung:

"Dunn hunn ech de Louis Wright, eise Sänger ugeruff, a sot 'Louis, ech hunn e super Studio! Ech muss hei si fir den Telefon opzehiewen, mee de Jang sot ech dierft [ophuelen].' Mir hunn do déi éischt Stécker opgeholl a wéi d'CD fäerdeg war ass alles um Radio gelaf, mee et gouf keng Band. De Robi Schuller huet eis gefrot, um Knuedler ze spillen a mir hunn bannent 2 Méint eng Band zesummegewierfelt."

Hautdesdaags ass de Marion Thill bei der Band Neo Tokyo aktiv.