De Gedanken hanner der Campagne wier et gewiescht, d'Leit hei zu Lëtzebuerg doriwwer opzeklären, datt vill Afrikaner sech vun der Ofhängegkeet léise wéilten. Op länger Siicht wéilt een net méi op Hëllef - aus Europa zum Beispill - ugewise sinn, esou den Thierry Defense, Direkter vun SOS Faim.
D'Mënschen hätte genuch Iddien, Courage a Kreativitéit fir selwer "eens ze ginn". D'Objektiv vun dëser Campagne a vun SOS Faim am Generelle wier et, et dëse Leit ze erméiglechen en autonoomt Liewen an Dignitéit ze féieren.
Vill Reaktiounen
Datt et esouvill Leit ginn hätt, déi op d'Plakater reagéiert hunn, well si geduecht hunn, se hätten e rassisteschen Hannergrond, wier e gutt Zeechen, seet den Thierry Defense. Et wier awer net d'Intentioun gewiescht ze provozéieren, och wann ee mat Reaktiounen aus der Populatioun gerechent hätt.
Et hätt donieft och Kritik ginn, datt déi Persounen, déi een op de Plakater gesäit, net authentesch wieren, seet nach den Thierry Defense, Direkter vun SOS Faim. Hie wéilt awer versécheren, datt ee Leit aus deene Regioune gefrot hätt, déi een ënnerstëtzte wéilt, an déi hätten och gewosst, ëm wat et goe géif.
Elo start SOS Faim déi zweet Phas vun der Campagne, bei där Plakater opgehaange ginn, déi déi ganz Aktioun vun SOS Faim erkläre sollen.