Radioen

On air

Notturno  |  Isaac Hayes - (They Long to Be) Close To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Ondank, deen d'Welt erstaune wäert

Zäithistoriker

En Ondank, deen d'Welt erstaune wäert

Den Donald Trump gëtt allgemeng wéi en onstabille Staatsmann duergestallt. Seng Bemierkungen iwwer d'Kurden hunn erëm schockéiert. Si sinn awer net esou blöd an eidel, wéi een dat mengt, argumentéiert den Historiker Vincent Artuso.

auto_stories

7 min

Den Historiker Vincent Artuso ass der Meenung, datt den Donald Trump sech an eng realpolitesch Approche vun den internationale Relatiounen zeréckzitt. Foto: Archiv

"Si hunn eis am Zweete Weltkrich net gehollef", huet den Donald Trump den 9. Oktober 2019 vun de Kurde behaapt an ergänzt: "Si hunn eis, zum Beispill, net mat der Normandie gehollef ". Den Dag selwer haten d'Tierken hir Militärcampagne géint d'Kurden an Nordsyrie lancéiert. Den tierkesche President Erdogan huet dëst Operatioun zwar befeelt, et ass awer den Trump, dee se erméiglecht huet. Dräi Deeg virdrun hat hie seng Truppen aus Syrien zeréckgezunn an domadder d'lokal Kurden am Stach gelooss. Dat heescht Verbündeter déi den islamesche Staat vun Angesicht zu Angesicht bekämpft haten.

Dat Argument mat deem hie seng Decisiounen du begrënnt huet, huet de gréissten Deel vun de westleche Medie schockéiert. Déi hunn natierlech an de leschte Floskele vum amerikanesche President e weidert Beispill vu senger krasser Ignoranz a sengem schamlosen Zynismus erkannt.

Déi Sätz verdéngen et awer, datt ee se sech méi no ukuckt. Éischtens, well se vum Trump geäussert goufen an dowéinst en enorme Poids hunn. Egal, wat ee vun him denkt, hie bleift de Chef vun der éischter globaler Muecht. Zweetens si seng Äusserunge guer net esou blöd an eidel, wéi een dat duergestallt krut. Si sinn op eng Lektür vun der Vergaangenheet opgebaut, verspriechen en historesche Broch an enthalen eng Visioun fir d'Zukunft.

D'Gebuert vun engem Nationalstaat

Dat scheinbart absurd Argument, no deem d'Kurden den Amerikaner net gehollef hätten an der Normandie ze landen, berout fir d'éischt emol op eng geopolitesch an historesch Tatsaach: d'Kurde konnten als Natioun néierewou intervenéieren, well si keen eegene Staat haten an nach ëmmer keen hunn. Oder, besser gesot, si haten een, kuerz nom Éischte Weltkrich, mee si hunn dee verluer.

Den deemolege Kontext erkläert och, wisou d'Lag haut nach esou ugespaant ass. Während dem Éischte Weltkrich hunn déi meescht Kurden am osmanesche Räich gelieft, dat mat Däitschland alliéiert war. D'Osmanen hunn déi däitsch Ambitiounen nämlech manner gefaart, wéi d'predatoresch Intentioune vun de Fransousen, Englänner a Russen. Wéi de Krich awer fäerdeg war, hu si zu de Verléierer gezielt.

Dee vun de Westmuechte geschriwwenen Traité de Sèvres, deen am Joer 1920 vum Sultan ënnerschriwwe gouf, huet d'Räich zerstéckelt. D'Arabeschsproocheg Provënze kruten hir nominell Onofhängegkeet. Deemools sinn, zum Beispill, Syrien oder den Irak entstanen. Am westlechen Deel vun Anatolie sollten d'Griichen, d'Fransousen an d'Italiener Besatzungszone kréien. Am ëstlechen Deel ware Staate fir d'Armenier a fir d'Kurde virgesinn.

Dozou koum et awer ni, well de Mustafa Kemal, de Papp vun der tierkescher Republik, dat mat senger Arméi verhënnert huet. Déi westlech Muechten hunn d'Kurden net abandonnéiert. Si goufe vun enger net-europäescher Arméi geschloen. Esou ass de modernen, türkesche Nationalstaat entstanen. Deen huet sech da léiwer aus dem Zweete Weltkrich erausgehalen, bis en am Februar 1945 Däitschland dann trotzdem och de Krich erkläert huet. Aus Angscht virun der Sowjetunioun huet d'Tierkei sech dem Weste rapprochéiert. 1952 ass se der NATO bäigetrueden an ass zanterhier e kruzialen Alliéierte vun den USA am Mëttleren Osten.

E pragmateschen Tournant

D'Geschicht vu senger Gebuert erkläert, wisou den tierkesche Staat esou sensibel op separatistesch Projete reagéiert. Besonnesch wann et kurdesch Projete sinn, well d'Kurden 20 Prozent vun der gesamter Bevëlkerung vun der Tierkei representéieren an am Südoste vun der Republik majoritär sinn. Ankara féiert an deene Provënzen zanter Joerzéngten e bluddegen an, am allgemengen, onbeuechte Krich. Dee breet sech elo op d'Nopeschland aus, well d'kurdesch Onofhängegkeetskämpfer bei hire Bridder an Nordsyrien eng Réckzuchsbasis fonnt haten.

D'USA hunn also zanter Joerzéngten eng ambivalent Postur an der Regioun. Si hu sech op d'irakesch Kurde gestäipt fir de Saddam Hussëin ze schwächen, an op d'syresch Kurde fir den islamesche Staat, um Buedem, ze bekämpfen. Domadder hu si awer géint d'Interesse vun hirem tierkeschen Alliéierte gespillt. Den Trump huet déi Zwispältegkeet op eng radikal Aart a Weis op en Enn bruecht.

Wat hien iwwer d'Absence vu Kurden an der Normandie gesot huet, heescht näischt Weideres wéi: mir hunn zesumme géint e gemeinsame Feind gekämpft, elo si mir quitt. Dat gëtt elo bal universell wéi den Akt vun Häerzlosegkeet an Ondankbarkeet, vun engem onstabille Staatsmann gedeit. A Wierklechkeet huet dem Trump seng Entscheedung weder mat Gefiller, nach mat Moral ze dinn. Et ass e Strategiewiessel, deen op purem Pragmatismus a kaler Analys vun de Kräfteverhältnisser baséiert.

Den Trump zitt sech op eng realpolitesch Approche vun den internationale Relatiounen zeréck. Seng Handlungen entspriechen enger Logik, déi den éisträichesche Ministerpresident Felix zu Schwarzenberg, no der Revolutioun vun 1848, fir seng, vun de Russe gerett Regierung, mat deem Saz resuméiert hat: "Wir werden die Welt durch unsern Undank in Erstaune setzen." Dat war esou kuerz a prägnant wéi en Tweet.

D'Period vun de Kräizzich

Dee leschten amerikanesche President, deen esou kalbliddeg a kalhäerzeg geduecht a gehandelt huet, war de Richard Nixon. Deen ass zum Schluss zwar wéinst sengem Zynismus zu Fall bruecht ginn. Duerch dee selwechten Zynismus hat hien awer och zwee extrem positiv Resultater erreecht. Hien huet d'amerikanesch Truppen aus dem Vietnam zeréckgezunn an diplomatesch Bezéiunge mat der Volleksrepublik China opgebaut.

Nom Nixon koum d'Period vun de messianesche Presidenten, Repubikaner oder Demokraten, déi dacks aus de Südstaate koumen, an déi vun enger mystescher Missioun vun de Vereenegte Staate gedriwwe goufen. Encouragéiert vun hirer Victoire géint d'Sowjetunioun hu si un eng rechtschafent, vum Weste senge Wäerter a sengen Interessen dominéiert Welt gegleeft. Fir dat Zil ze erreechen hu si eng Serie vu Kräizzich lancéiert.

A wat ass dobäi erauskomm. Näischt! Op jiddwer Fall näischt, wat d'Kräizzichler sech erwënscht haten. D'Regioun tëschent dem Afghanistan a Libyen, tëschent Bosnien an dem Sudan, ass politesch, ekonomesch a moralesch a Ruinen. D'Islamisten hunn en Zoulaf, vun deem si virun 30 Joer net gedreemt hätten. Méi schlëmm nach fir d'amerikanesch Aussepolitik: traditionell Rivale wéi den Iran a Russland hunn am meeschte vun der Situatioun profitéiert a si mëttlerweil d'onëmgänglech Muechten am Mëttleren Oste ginn.

Den Trump huet also eng laang fälleg Entscheedung getraff. Hien huet op seng brutal a wiertlech beschränkten Aart a Weis annoncéiert, datt Zäit vun den iwwerdeieren, messianeschen an anscheinend moralesche Konflikter, déi säi Land schlussendlech just geschwächt hunn, fäerdeg ass. Hien zitt och, ouni besonnesch Emotioun, d'Conclusioun, datt d'USA am Moment um Wee sinn, hir dominant Positioun op der Weltbühn ze verléieren. Fir dat ze evitéieren, wëllt hie sech sou vill wéi méiglech aus Krisegebidder, déi wäit ewech sinn, eraushalen a sech op déi eigentlech Erausfuerderung konzentréieren, dem Wuesstum vum chineseschen Challenger.

Verdéiwung vum Verhältnes zu de Waffebridder

Den USA geet et haut ähnlech wéi Éisträich an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Seng Haaptinteresse si menacéiert, moralesch an emotionell Consideratiounen hunn do net méi Virrang. Dat ass den explizitte Message vum Trump a sengem Statement vis-à-vis vun de Kurden. Dono ass et awer och interessant ze kucken, wat hien implizit soe wëllt. Déi Sätz weisen nämlech, wéi den Trump sech d'zukünfteg international Relatioune vu sengem Land virstellt.

Hien deelt d'Alliéiert vun den USA an zwou Kategorien an, d'Geleeënheetsalliéierter, zu deenen hien d'Kurden zielt, an d'Waffebridder, déi am Zweete Weltkrich op der Säit vun den USA gekämpft hunn. A wie war dat? Haaptsächlech Länner vun deem, wat een haut d'Anglosphere nennt: Groussbritannien, Kanada, Australien, Neuseeland. Länner mat enger gemeinsamer Sprooch, enger gemeinsamer Rechtstraditioun, mat ähnleche politeschen an ekonomesche Wäerter, an déi zesummen eng hallef Milliard Awunner hunn.

De Brexit weist, datt déi Tendenz net nëmme mam Trump ze dinn huet, mee datt sech do éischter en historesche Phenomen ofspillt. Wa Groussbritannien d'EU verléisst, da wäert et seng ëmmerhi scho ganz enk Relatioun zu den USA nach verdéiwen. D'Europäer solle sech elo wahrscheinlech froen, wou si do hir Plaz wäerte fannen. Geleeënheetsalliéierter oder Waffebridder?