Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Winter's Theme

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Tabu ënner villen

Zäithistoriker

En Tabu ënner villen

Virun engem Joer war am Resistenzmusée zu Esch eng vun de leschte gréisseren, vun de Medie verfollegten, historeschen Debatte virum Lockdown.

auto_stories

6 min

Viru genee engem Joer huet am Resistenzmusée zu Esch eng vun de leschte gréissere vun de Medie verfollegten historeschen Debatte virum Lockdown de 15. Mäerz 2020 stattfonnt. Dës Table ronde hat iwwer 70 Leit an de Konferenzraum vum Musée gezunn.

Vun den Intervenanten, fënnef Historiker an ee Publizist, gouf versicht Kloerheet iwwer e noutwennege Sujet ze ginn. Rieds ass vun der Matschold oder Täterschaft vun de 14 Lëtzebuerger am Reserve-Polizeibatailloun 101, kuerz RPB 101, um Holocaust.

Lieserbréiwer vum Jean Heinen

Et ass awer net esou, datt dëst Thema eppes Neies war. Dofir maache mir e Sprong zeréck an d'Zäit, ugefaange mat de Lieserbréiwer vun engem gewëssene Jean Heinen am Lëtzebuerger Wort am Joer 1996.

Den Heinen war eemolege Reservist am RPB 101. Wou hien 1996 zu der Fieder gegraff huet wollt hie wuel zum engen säi Gewëssen entlaaschten a gläichzäiteg dem Spuk ëm d'Matschold vun de Lëtzebuerger Reservisten an dësem Batailloun um Holocaust en Enn maachen. Waren dës Lieserbréiwer en Tabubroch no joerzéngtelaangem Schweigen?

Den Heinen huet an dësen zumindest zouginn, datt hie wärend senger Déngschtzäit a Polen als "stiller Beobachter" bei sougenannte "Judenaktiounen" present war. Hie betount awer och, datt d'Lëtzebuerger net aktiv un den Ermuerdunge vu Judde bedeelegt waren. Et war e Versuch sech a seng eemoleg Komerode reng ze wäschen. Et sollt definitiv e Schlussstréch ënner dëse schwieregen Debat gezu ginn.

De Géigendeel war awer de Fall. Säi kuerzen Zäitzeiebericht am Wort huet zu heftege Reaktiounen ënner anerem vum Holocaustiwwerliewende Gerd Klestadt gefouert, op déi den Heinen mat enger Dreeung reagéiert huet, de Klestadt wéinst Verleumdung ze verkloen.

Dem Heinen seng Reaktioun war de Lëtzebuerger Ausleefer vun der sougenannter Goldhagen-Debatte, déi 1996 an Däitschland am gaange war. De renomméierten US-Historiker Christopher Browning huet mam Beispill vun de 14 Lëtzebuerger am RPB 101, dem Daniel Goldhagen seng Thees vun engem "eliminatorëschen Antisemistimus", den an all den Däitsche verankert wier, paréiert.

De Sujet polariséiert

Zu Lëtzebuerg huet dësen Historikersträit - ënner anerem wéinst de Berichter am Spiegel an an die Zeit - héisch Welle geschloen. Am Juni 1996 verëffentlecht den Historiker Lucien Blau am Tageblatt den Artikel "Ein Beispiel unbewältigter Geschichte", an dem hien déi Problematik nach eng Kéier resuméiert an déi 1986 am Buch "Fräiwëllegekompanie" publizéierten Zäitzeienaussoe vun eemolege Reservisten aus dem RPB 101, dem Roger Wietor an dem Jean Heinen, analyséiert.

D'Kontrovers huet den Heinen, wéi schonns ernimmt, dozou gedriwwe bei RTL an dem Lëtzebuerger Wort eng "Richtegstellung" ze formuléieren. Och de fréieren Zwangsrekrutéierte Jean Altmann stellt an enger Interventioun mam Titel "Täter aus freien Stücken" d'Kompetenze vum Christopher Browning a Fro an ënnersträicht nach eng Kéier d'Spezifitéit vu Lëtzebuerg als "Afferland". Dem US-Historiker seng Feststellunge gi vum Altmann als "pauschal [und] ohne jegliche Beweise" ofgewisen.

Och de Lëtzebuerger Justizministère fänkt u sech fir de Sujet ze interesséieren a kënnegt Enquêtë géint déi nach liewend Reservisten un. De Journalist Paul Cerf begréisst dës Initiative an attackéiert Ufanks 1998 an der Zeitung d'Lëtzebuerger Land den Heinen a seng Komerode bewosst Falschaussoen nom Krich an der Presse an am Buch iwwer d'Fräiwëllegekompanie gemaach ze hunn. Och d'Éierung vun hiren Doudegen als Mort pour la Patrie stellt de Journalist a Fro.

Säi Versuch Asiicht an d'Hamburger Prozessakten ze kréien, déi och de Browning an de Goldhagen benotzt haten, scheiteren.

D'Recherche vum Paul Dostert

De Justizministère vu senger Säit aus engagéiert den Historiker Paul Dostert mat Recherchen no enger perséinlecher Matschold vun de 14 Reservisten un de Morden unzefänken. Seng Resultater ginn 2000 an der Zäitschrëft Hémecht verëffentlecht. De Paul Dostert beweist zweiwellos, dass "auch die Luxemburger (in)direkt [an den Morden] beteiligt waren." Obwuel seng Resultater, den nationalen Affer- an Heldendiskurs a Fro stellen, stéisst seng Aarbecht op wéineg Resonanz. Déi ugestriefte strofrechtlech Enquêtë scheiteren, well d'Doten no Lëtzebuerger Recht verjäert waren.

De Sujet bleift weider explosiv. En Tabubroch konnt an deene Joren awer net erreecht ginn. Dat erkennt een e.a. och am Kontext vun der Expositioun "Verbrechen der Wehrmacht", déi 2002 zu Lëtzebuerg ze gesi war. Dobäi hunn d'Historiker Marie-Paule Jungblut, Denis Scuto a Lucien Blau et bei engem RTL-Interview gewot dat bestoend Heroenbild zu Lëtzebuerg unzezweiwelen an dorop ze verweisen, dass och Lëtzebuerger an de Reie vum RPB 101 an an der Wehrmacht un der Ermuerdung vu Judde bedeelegt waren. Si goufen doropshi vun eenzele Vertrieder vun den Enrôles de Force ëffentlech ugegraff, esouwuel verbal wéi och physesch.

Dono gëtt et zu Lëtzebuerg laang erëm roueg ëm de Sujet RPB 101. Eréischt Enn 2017 fänkt d'Ëffentlechkeet un sech erëm fir déi 14 Reservisten ze interesséieren. An dem Joer verëffentlecht de Publizist Mil Lorang am Tageblatt säin Artikel "Wie Luxemburger Soldaten in Osteuropa zu Teilnehmern am Judenmord wurden". An dësem kritiséiert hie ënner anerem déi posthume Éierung vun de gestuerwe Reservisten als Mort pour la Patrie sou wéi och d'Tatsaach, dass déijéineg aus dem Mordbatailloun, déi de Krich iwwerlieft hunn an der Nokrichszäit onbehellegt Carriaire am Staatsdéngscht maachen konnte.

Inspiréiert vum Lorang senge Recherchë kritiséiert den Denis Scuto am gläiche Joer am Tageblatt ënnert dem Titel "Des hommes ordinaires" - e Verweis op dem Browning säi Buch - um Beispill vun der Polemik ëm den RPB 101 déi undauernd Politik vum ënnert den Teppech kieren zu Lëtzebuerg.

2018 schlussfolgert de Marc Trossen an Ein Luxemburger im Polizei-Bataillon 101 am véierte Band vu Verluere Joëren, dass "eine Beteiligung der Luxemburger an der Erschießung von Juden nicht bewiesen ist und auch unwahrscheinlich scheint".

De "verspéiten" Täterdebat

Mee Enn 2019 gouf den Dossier RPB 101 nees nei opgeschloen mat neien Erkenntnisser. Dës Kéier vum Mil Lorang an dem Musée national de la Résistance. Am Buch "Luxemburg im Schatten der Shoah" liwwert de Mil Lorang, mat, bis elo onbekannte Memoirë vun engem Lëtzebuerger Reservist am RPB 101, nei Detailer iwwer de Grad vun der Participatioun an dem Kenntnisstand vun de Lëtzebuerger bei "Juddenaktiounen".

De Resistenzmusée vu senger Säit aus konnt unhand vun eenzele Fotoen d'Participatioun vu gläich e puer Lëtzebuerger Reserviste bei sougenannte "Juddejuegden" noweisen. De Beitrag gouf an der Woxx verëffentlecht a bestätegt schlussendlech, wat scho méi laang eigentlech net méi ze bestreide war.

D'Resultater hunn eng grouss Resonanz an de Medie, wéi z.B. RTL, Radio 100,7 a verschiddene Printmedie gehat. E "verspéiten" Täterdebat gouf ugestouss. Als Reaktioun ass den Auteuren ëffentlecht Mëssverständnes a Roserei entgéint geschloe ginn. Verbal Attacken, haaptsächlech op de soziale Medien, waren d'Folleg. Wéi schonns vis-à-vis vum Browing gouf hinne virun allem feelend Sachkenntnisser a Kompetenzen ënnerstallt. Donieft goufe Virwërf erhuewen, déi vun "Nestbeschmotzung" bis hin zu der absurden Ënnerstellung vun enger Kollektivschold géint d'Zwangsrekrutéiert gereecht hunn.

Den Héichpunkt vum Debat koum schliisslech mat der Table Ronde "D'Lëtzebuerger am Reserve-Policebatallioun 101" am Resistenzmusée de 5. Mäerz 2020. Si huet nach eng kéier ënnerstrach, dass sech déi 14 Reservisten ouni Zweiwel un allen "Aktiounen" vum RPB 101 bedeelegt hunn. Am Publikum ass déi Schlussfolgerung op allgemeng Zoustëmmung gestouss.

D'Fro déi sech awer elo stellt ass, ob d'Fuerschungsresultater vun deene leschte Joerzéngten no dësem Debat endlech hire Wee an d'kollektiv Erënnerung vu Lëtzebuerg fannen an zu engem Tabubroch bäidroen kënnen. Eng Äntwert dorop wäerte mir eréischt an Zukunft kënne ginn.