Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Eddie Chacon - Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng adequat konsularesch Hëllef ubidden

"Lëtzebuerger am Ausland"

Eng adequat konsularesch Hëllef ubidden

Lëtzebuerger, déi an d'Ausland verreesen - sief et fir Vakanz ze maachen oder fir do ze wunnen - kënnen hiren Deplacement iwwer Internet umellen. Lëtzebuerger am Ausland, heescht dësen neie Service vum Ausseministère, mat deem déi konsularesch Assistenz, beispillsweis am Fall vun enger Kris, méi séier a méi effikass ka geleescht ginn.

auto_stories

3 min

Um Internet-Portal Myguichet.lu oder um Site vum Ausseministère kann een de Service Lëtzebuerger am Ausland uklicken a sech virun engem Deplacement an d'Ausland - EU oder Drëttland - aschreiwen: Sech selwer an och déi Persounen, ob Lëtzebuerger oder net, déi ee begleeden.

De Christophe Schoentgen vum Ausseministère erkläert, datt een eng Rei vun Donnéeë gefrot gëtt, déi den Ausseministère géif brauche fir eng adequat Hëllef ze leeschten. Nom Ausfëlle vum Formulaire géif een eng E-Mail geschéckt kréie wou dropsteet, wien ee beim Ausseministère kéint kontaktéieren, falls nach weider Froen opstinn.

D'Leit direkt kontaktéieren

Dee Service ass gratis a fonctionnéiert op fräiwëlleger Basis, präziséiert de Christophe Schoentgen. D'Donnéeë géife vum Ausseministère gesammelt a geréiert ginn. Wann et am Ausland e Problem oder eng Kris sollt ginn, dann hätt den Ausseministère direkt d'Donnéeë bei Hand fir d'Leit ze kontaktéieren. Esou kéint ee sech vergewësseren, datt et de Leit gutt geet an nofroen, ob si Hëllef brauchen.

Fir den Online-Service Lëtzebuerger am Ausland hätt ee sech un ähnlechen Offeren a Frankräich oder och an der Belsch inspiréiert. Zanter der Fussballweltmeeschterschaft a Russland wier en aktiv a bei de rezenten Äerdbiewen an Indonesien wier verstäerkt drop zeréckgegraff ginn. Eng 70 Lëtzebuerger hätten dat bis elo scho gemaach, esou de Christophe Schoentgen:

"Wann dann zum Beispill eng Evakuatioun misst stattfannen, dann hätte mir alleguerten d'Donnéeë beieneen, fir kënne mat eisen Nopeschlänner, mat eise Kolleegen d'Informatioun eventuell ze echangéieren, datt déi wëssen: Sou vill Lëtzebuerger sinn do sur place. Dann hu mir si direkt beieneen. Dat ass u sech fir d'Saach méi einfach ze maachen, wéi elo op eemol unzefänken, datt d'Leit eis hei uruffen a soen: 'Wësst Dir, meng Duechter ass do an do', an dann hu mir erëm eng Nummer. Dat muss jo alles relativ schëtzeg goen, wa wierklech eng Kris sollt ufalen."

Fir Dateschutz ass gesuergt

Fir de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ass gesuergt, verséchert de Christophe Schoentgen. Zwou Wochen nodeems d'Persoun erëm ass, géifen d'Donnéeë geläscht ginn. Dat wier ganz en Règle mam neien Dateschutz vun der Dateschutzkommissioun. Et géif kee Mëssbrauch vun den Date ginn, an et hätten och nëmmen zwou Persounen am Ausseministère Accès op déi Donnéeën.

Et kann ee sech parallel ëmmer nach bei enger lëtzebuergescher Ambassade am Ausland mellen, mee de Christophe Schoentgen erkläert, datt d'Ambassadë spéiderhin och Accès op dee Service solle kréien, fir datt se wëssen, datt Lëtzebuerger an deem Land an der Vakanz sinn oder do wunnen.

De Christophe Schoentgen verséchert, datt d'Ambassaden alles géife maache fir de Lëtzebuerger am Ausland ze hëllefen, esou gutt et geet. Dofir hätt ee Leit dohannen, an d'Ambassaden hätten och eng Permanence. De Service Lëtzebuerger am Ausland wier heifir en immens hëllefräicht Mëttel mat ville Méiglechkeeten.