D'Apdikte musse keng Adaptatioune maachen, well d'Medikamenter hinne géifen ausgoen. Den Approvisionnement wier geséchert, do wier guer kee Problem, heescht et.
Mee och d'Apdikte musse Virkéierungen treffen, fir datt hir Clienten an hir Mataarbechter engem méiglechst klengen Infektiounsrisiko ausgesat ginn.
De Maurice Molitor war op Kiele fir ze kucken, wéi eng verhältnisméisseg kleng Apdikt um Land sech op déi aussergewéinlech Ëmstänn agestallt huet.