Radioen

On air

De Moien  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng kleng riseg Verännerung am Liewen

Schwangerschaft an Eltere sinn

Eng kleng riseg Verännerung am Liewen

D'Initiativ Liewensufank ass eng Organisatioun, déi Informatiounen a Course ronderëm d'Schwangerschaft, d'Gebuert, d'Nieren an d'Eltere sinn ubitt.

auto_stories

8 min

D'Eliane Streitz schafft zanter ronn 20 Joer fir d'Initiativ Liewensufank a grad esou laang och schonn an der Berodung fir schwanger Fraen an hir Partnerinnen a Partner. Virun allem hunn d'Leit, déi uruffen, vill Froe ronderëm d'Stëllen, d'Beikost an d'Schlofen.

"An an der leschter Zäit och ganz vill d'Gebuertserliefnesser. Dat heescht, datt d'Fraen d'Gebuert net gutt erlieft hunn, an datt si doriwwer wëlle schwätzen."

D'Leit kënnen op der Baby-Hotline uruffen oder d'Mataarbechter vun der Initiativ Liewensufank iwwer Email respektiv hir Internetsäit erreechen.

Den éischte Kontakt mat den Elteren

D'Baby-Hotline ass anonym. D'Leit kënnen hiren Numm soen, si mussen awer net. Dëse gratis Service ass a ville Fäll den éischte Kontakt tëschent den Elteren an der Initiativ Liewensufank.

"D'Leit hunn och Froe ronderëm de Congé parental."

D'Baby Hotline gëtt dacks an akute Fäll gebraucht. Et gëtt och eng Krisebegleedung, zum Beispill wann e Puppelchen immens vill kräischt an d'Elteren iergendwann um Enn sinn an net méi weider wëssen, seet d'Eliane Streitz.

"Déi Elteren hunn dacks d'Tendenz doheem ze bleiwen an net an d'Ëffentlechkeet ze goen, well si kréie ganz vill gutt Rotschléi a ganz vill Kritik. Et wier gutt, wann d'Eltere wéissten, datt si net eleng sinn."

Et wier wichteg, datt d'Elteren et fäerdeg bréngen an esou Stresssituatiounen zum Beispill duerch Otemübungen erofzekommen a roueg ze bleiwen.

Net seelen hätt et Ursaachen, wat wärend der Schwangerschaft oder bei der Gebuert geschitt ass, wisou de Bëbee elo esou vill kräischt.

Mat enger neutraler Persoun schwätzen

D'Berodungen dogéint si meeschtens perséinlech, well dann och kéint e Suivi gemaach ginn.

Eliane Streitz

D'Verännerung am Liewe vun de jonken Eltere wier zemools beim éischte Kand ganz grouss. Dacks géifen d'Eltere sech vill stressen, seet d'Eliane Streitz, mee och déi Zäit geet eriwwer an do géif et vill hëllefen, heiansdo mat enger neutraler Persoun iwwer sech a seng perséinlech Problemer ze schwätzen an dat ouni, datt ee jugéiert gëtt.

D'Initiativ Liewensufank huet Konventioune mam Staat, verschidde Servicer ginn also iwwerholl respektiv zum Deel iwwerholl.

Méi finanziell Hëllef?

D'Eliane Streitz géif sech wënschen, datt d'Organisatioun méi finanziell géif ënner d'Äerm gegraff kréien, fir méi Leit kënnen anzestellen an nach méi Servicer respektiv Course fir manner Sue kënnen unzebidden.

Fraen, déi e Kand erwaarden, sinn dacks déi éischt dräi Méint vun hirer Schwangerschaft méi midd a manner aktiv. Beweegung ass allerdéngs wichteg, fir selwer a Form ze bleiwen.

Bäitrag iwwer d'Baby-Hotline an d'Berodung lauschterenplay_arrow

Schwangerschaftsyoga fir a Form ze bleiwen

Virun allem nom éischten Trimester spiere vill Fraen eng nei Energie. Schwangerschaftsyoga ass eng Méiglechkeet fir fit ze bleiwen.

Wie wéini mam Schwangerschaftyoga ufänkt, wier eng ganz perséinlech an individuell Decisioun, seet d'Patricia Sanctuari vun der Initiativ Liewensufank. Si bitt zanter bal fënnef Joer dës Form vu Yoga an ass Yogatherapeutin an och selwer Mamm vun dräi Kanner.

D'Yogaübunge si fir Fraen, déi erwaarden, ugepasst. Dobäi kënnt, datt d'Participanten am Yogascours net all am nämmlechte Mount schwanger sinn, seet d'Patricia Sanctuari. Déi meescht Fraen, déi kommen, hätten och keng Yogaerfarungen, wat awer net schlëmm wier.

"Duerch d'Hormonverännerungen am Kierper hëlt d'Elastizitéit zou an dovu kann ee profitéieren, ouni ze iwwerdreiwen."

Beim Schwangerschaftsyoga géif et dorëms goen, sech duerch Otemtechniken ze entspanen an de Fokus op bestëmmten Deeler am Kierper ze guidéieren.

Zäit fir sech selwer hunn

Och speziell Réckenübunge ginn am Schwangerschaftsyoga gemaach, fir d'Muskelen aktiv ze halen. Dacks wieren d'Frae veronséchert, wéi eng Beweegungen si am Alldag nach dierfe maachen a wéi eng net méi. Duerch d'Konzentratioun an d'Ootmung sollen d'Fraen och fir sech selwer erausfannen, wéi wäit si kënnen a wëlle goen.

"Ech hat esouguer eng Damm, déi huet nach iwwer hiren Delai vun der Gebuert e Rendez-vous geholl an déi ass esouguer nach komm bis zum Schluss. Do mécht een einfach, dat, wat geet. De Kader vun enger Yogastonn ass immens agreabel, well een do emol Zäit fir sech selwer huet."

Patricia Sanctuari

Déi meescht Frae kommen nom drëtte Schwangerschaftsmount bei d'Patricia Sanctuari an de Cours. Si selwer ass Yogatherapeutin. Net seele kënnt et vir, datt eng Yogastonn och genotzt gëtt, fir Froe ronderëm d'Schwangerschaft ze beäntwerten. Heiansdo géif si dann hir eege Schwangerschaft nach emol mat duerchliewen.

Bäitrag iwwer de Schwangerschaftsyoga lauschterenplay_arrow

Traumatesch Erliefnesser a schwiereg Gebuerten?

Wann een e Puppelchen erwaart, kritt een dacks vun anere Leit iwwer schwiereg Gebuerten erzielt. Vill Fraen hunn dowéinst Angscht virun deem, wat si erwaart. D'Gwendy Dondelinger wëllt de Fraen d'Angscht duerch d'Technike vum Hypnobirthing huelen.

Si selwer ass Mamm vu fënnef Kanner. Zwee vun hinnen huet si mat der Method vum Hypnobirthing kritt. Hypnobirthing wier eng Aart Meditatioun, eng "ganzheetlech Gebuertsvirbereedung, bei där d'Eltere souwuel informativ, wéi och praktesch op d'Gebuert vun hirem Kand virbereet ginn."

Beim Hypnobirthing géif ee léieren, sech op d'Geburtswellen (wéi hei d'Wéien genannt ginn) anzeloossen an net géint si unzekämpfen. Wien dogéint ukämpft géif verkrampfen, esou d'Gwendy Dondelinger. Dat géif de Wéi verstäerken.

Et geet een zesummen an d'Gebuert eran

Zanter ronn aacht Joer bitt d'Gwendy Dondelinger Coursen am Hypnobirthing un. Beim Hypnobirthing spillt och de Partner oder d'Partnerin virun a während der Gebuert eng aktiv, ënnerstëtzend a wichteg Roll.

"Et geet een zesummen, als Team an déi Gebuert eran. Éischt Zil ass eng natierlech Gebuert."

Dat wier awer net ëmmer méiglech. An deem Fall misst een op d'Dokteren an dat medezinescht Personal lauschteren. Si kéinten am Beschten aschätzen, wéi schwiereg d'Situatioun wierklech ass a wat an deene bestëmmte Fäll misst gemaach ginn, seet d'Gwendy Dondelinger.

"Et geet schliisslech ëm d'Gesondheet vun der Mamm a vum Kand."

Vill Fraendokteren an Hiewanne wiere mëttlerweil ganz oppen dem Hypnobirthing géigeniwwer.

"Obwuel et ëmmer nach Leit ginn, déi deem Ganze méi skeptesch géigeniwwer stinn. Mee vill Fraendokteren an Hiewannen hunn erkannt, datt eng Fra duerch d'Technike vum Hypnobirthing gutt accouchéieren."

Generell géif d'Zesummenaarbecht tëschent de Leit, déi Hypnobirthing Coursen ubidden an dem Personal an de Klinike gutt funktionéieren.

Bäitrag iwwer den Hypnobirthing lauschterenplay_arrow

Gwendy Dondelinger

Doulae begleede Fraen duerch d'Schwangerschaft

Eng Doula begleet Fraen, virun, während an no der Gebuert vun hirem Kand. Allerdéngs an am Géigesaz zu Hiewannen, iwwerhuele si keng psychotherapeutesch oder medezinesch Aufgaben.

An der Schwangerschaft selwer géifen Doulaen net esou dacks an Usproch geholl ginn. De Service Doula wier awer ëmmer nëmmen eng Hëllefsstellung.

"Bei Problemer, déi a Richtung psychologesch Berodunge ginn, ginn d'Fraen u Psychologe weidergeleet."

Eng Doula kann d'Fra masséieren, fir Entspanung suergen, weisen, wéi ee sech ka berouegen a beroden, wann et ëm d'Stëlle geet.

Eng Ergänzung zu Hiewannen?

D'Eliane Streitz gesäit eng Doula als Ergänzung zu der Aarbecht, déi Hiewanne maachen.

"Hei zu Lëtzebuerg kann eng Fra während der Schwangerschaft Hiewannebetreiung hunn. Allerdéngs op Ordonnance vum Dokter. D'nämmlecht ass et no der Gebuert vum éischte Kand. Do kann eng Fra bis zum 21. Dag op eng Hiewannebetreiung hunn an dat och op Ordonnance vun engem Dokter. Soss kënnt d'Hiewan bis de 15. Dag."

Verschidde Frae bräichten awer vläicht méi Ënnerstëtzung während der Schwangerschaft an och no der Gebuert.

"Ech mengen, datt den éischte Puppelche kréien, d'Liewe komplett verännert. Dat ass fir déi jonk Elteren eventuell am schwieregsten."

D'Initiativ Liewensufank rechent 15 Euro d'Stonn fir d'Betreiung duerch eng Doula. Doulae kënnen also, souwäit ee sech de Service och privat leeschte kann, komplementar zu der Hiewan sinn. Vun Hiewanne selwer heescht et, datt si d'Frae gäre méi géifen ënnerstëtzen, si awer ënnerbesat wieren an hinnen dowéinst dacks d'Zäit feelt. Hei kéint eng Doula hëllefen, esou d'Eliane Streitz.

Keng unerkannte Beruffsgrupp

Doulae sinn allerdéngs zu Lëtzebuerg keng unerkannte Beruffsgrupp, obwuel d'Nofro ëmmer méi grouss gëtt. Hiewannen dogéint maachen eng dräi Joer laang medezinesch Ausbildung an hire Beruff ass zu Lëtzebuerg unerkannt.

Eng Hiewan kontrolléiert zum Beispill den Nuebel vum Puppelchen, d'Réckbildung vun der Gebärmutter oder d'Narb, wou d'Mamm eventuell huet misse gebitzt ginn.

Eng Doula kéint zum Beispill och Gebuertsbegleedung maachen, esou d'Eliane Streitz. An de Spideeler zu Lëtzebuerg ass et allerdéngs esou, datt bei der Gebuert e Gynekolog, eng Hiewan an eben eng Begleetpersoun dobäi ass.

"Wann de Partner dobäi ass, dee jo och seng Plaz do huet, ka keng Doula dobäi sinn. Oder déi zwee musse sech ofwiesselen, wat och ongënschteg ass. De Partner ass jo och e wichtegen Halt fir d'Mamm. Doulabegleedung fënnt also net méi statt."

Bei de Gebuertsvirbereedungscourse géifen dowéinst d'Partner vun der Fra mat agebonne ginn.

Ënnerstëtzung fir schwanger Fraen a Partner

Eng Doula kann also während der Schwangerschaft an Usproch geholl ginn, zum Beispill wann een d'Schwangerschaft schwiereg erlieft an een Ënnerstëtzung bei Froe brauch.

Sou wéi och no der Gebuert, wann et Problemer beim Stëlle ginn, de Bëbee vill kräischt, ee sech e bëssen iwwerfuerdert fillt awer och, wann een e Puppelche verluer huet.

Bäitrag iwwer de Service Doula lauschterenplay_arrow