Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Léier fir d'Mënschheet?

Corona-Kris

Eng Léier fir d'Mënschheet?

Eng Léier, déi d'Mënschen aus der Coronavirus-Kris gezunn hunn, ass et "virsiichteg" ze sinn. Där Meenung ass de Prof. Dr. Mouez Khalfaoui, dee sech op der Uni Tübingen ënner anerem mat der Roll vun de Minoritéiten an Europa an dem interreliéisen Dialog ausenanersetzt.

auto_stories

3 min

Foto: Uni Tübingen

D'Reliounsgemeinschafte wiere beispillsweis iwwerfuerdert gewiescht mat der Kris, seet de Mouez Khalfoui. Vun engem Dag op deen anere wieren déi gemeinschaftlech Feieren net méi méiglech gewiescht.

"Die Religion wird ausgelebt in einem Ort wie Moschee, Kirche oder Synagoge. Und da hat man plötzlich, in einer Zeit, wo wir gedacht haben, wir leben in Sicherheit, wo die Gesellschaft und die Moderne uns alles gibt, plötzlich konnten wir diese Freiheit nicht mehr genießen."

Positiv an negativ Säiten

An der Corona-Kris hätte sech net nëmmen déi negativ, mee och déi positiv Säiten erausgeschielt, zielt de Mouez Khalfaoui. Positiv wier et beispillsweis, datt d'Leit sech mat sech selwer oder méi mat der Famill beschäftegt hunn an net mat der Gemeinschaft.

Eng Gemeinschaft ass dem Mouez Khalfaoui no net nëmme positiv, ëmmer vun der Grupp ze profitéieren, kéint zu enger Herdenmentalitéit féieren. D'Kris wier e Moment gewiescht, an där ee sech mat der Relioun, mat Gott auserneesetzt a Léisunge fir sech fënnt, esou de Mouez Khalfaoui.

D'Zesummeliewe vu verschiddene Gemeinschaften

D'Corona-Kris kéint fir de Professer eng Stäerkung vun der Reflexioun sinn, net onbedéngt vum Glawen. D'Leit hätte sech iwwerluecht, wat de Sënn vum Liewe wier, si hätte sech iwwer den Doud a Krankheete Gedanke gemaach a festgestallt, datt de Mënsch eigentlech schwaach wier.

"Wir sind alle schwach, es ist eine Lehre und ein Beweis für die Menschheit."

De Mouez Khalfaoui wier och frou gewiescht, datt d'Reliounsgemeinschafte sech gutt ënnertenee verstanen a sech géigesäiteg gehollef hätten. Hien ass selwer Moslem an hätt sech gefreet, datt déi chrëschtlech Kierch de Moslem ugebueden hätt hiert Freidesgebiet a Kierchen ze maachen, well do Plaz wier.

Och bei anere Saachen hätte jonk Moslemen hiren Noperen, déi eng aner Konfessioun hunn, gehollef.

"Das gemeinsame Leben und die Probleme der Gesellschaft werden nur durch Zusammenhalten gelöst."

Ongerechtegkeeten an Diskriminéierungen

Mee trotzdeem huet d'Corona-Kris och Ongerechtegkeeten an Diskriminéierungen ervirgehuewen. Zum Beispill zu Göttingen, wou d'Roma Famillen aus engem Héichhauskomplex zu engem groussen Deel responsabel gemaach goufe fir den Ausbroch vun neie Corona-Infektiounen an duerno rassistesch an diskriminéierend Kommentaren duerch d'Medien an déi sozial Netzwierker gezu sinn.

Fir den Mouez Khalifaoui géif dat weisen, datt d'Mënsche gutt sinn, mee et och Ausname gëtt. Déi Leit géifen awer net déi ganz Bevëlkerung representéieren, ënnersträicht de Muez Khalifaoui.

Ongläichheeten an den USA

Eng weider Realitéit ass, datt Minoritéite wéi zum Beispill Schwaarzer a Latinoen an den USA iwwerproportional um Virus stierwen. Mee fir de Mouez Khalifaoui géif déi ganz Gesellschaft ënner dësen Ongläichheete leiden.

"Die Probleme liegen auch bei den anderen, denjenigen die glauben sie wären geschützt, denn durch Armut und Krankheit steig die Kriminalität. Das zeigt, dass die Arbeitslosigkeit zu gesellschaftlichen Problemen führt. Arbeitslosigkeit führt auch zu Gewalt, Kinderarbeit usw. Und selbst die, die denken, dass sie geschützt sind, sind betroffen davon. Ich bin stolz, dass wir das in Europa alles anders gehandhabt haben als in Amerika."

D'Prägung vun dëser Kris wäert d'Mënschen op der ganzer Welt nach jorelaang begleeden, esou de Mouez Khalifaoui. D'Mënsche wäerten an der Zukunft onsécher bleiwen a virsiichteg sinn. An och an Europa géif et nach vill ze verbessere ginn.