Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng méi efficace Behandlung vu Parkinson?

DNA-Fuerschung

Eng méi efficace Behandlung vu Parkinson?

auto_stories

1 min

D'System-Bio-Medezin wëllt tëscht der Biologie an der Medezin eng Bréck schloen, seet de Rudi Balling vum Luxembourg Centre for Systems Biomedecine vun der Uni Lëtzebuerg. Am interdisziplären Zentrum fuersche Wëssenschaftler mat verschiddene Qualifikatiounen haaptsächlech un der Parkinson-Krankheet.

Wann een eng Krankheete verstoe wéilt, da wier et wichteg, d'Biologie hannert der Krankheet ze kennen. D'System-Biomedezin probéiert ze verstoen, wéi verschiddenen Organer matenee fonctionnéieren. Si probéiert dat Grousst a Ganzt ze betruechten an net nëmmen de Fonctionnement vun enger eenzeler isoléierter Zell ze verstoen. Fir déi gesamtsystemesch Vue iwwerhaapt kënnen hierzestellen, misste vill Leit, mat ënnerschiddleche Qualifikatiounen, zesummeschaffen. Duerch d'Aarbecht vum Luxembourg Centre for Systems Biomedecine kéint een nei Preventiounsmedikamenter- a Methoden entwéckelen.

Déi si noutwenneg, well d'Standardverfahren a Medikamenter, déi et haut géint Krankheet wéi Parkinson gëtt, net géifen duergoen, seet de Rudi Balling. E gudden Dokter kéint zwar schonn immens vill aus Ënnersichungen a Gespréicher erausfannen. Mä d'Aarbecht vum LCSB am Beräich DNA-Sequencing kéint an Zukunft vill dozou bäidroen, fir nach méi Informatiounen iwwert Krankheete wéi Parkinson erauszefannen, fir se nach besser kënnen ze behandelen.


Lauschterenplay_arrow