Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden

ZäithistorikerIn

Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden

Am Joer 1949 hunn zu Lëtzebuerg e puer Dausend hereditär Pariae gelieft. Fréier Kollaborateuren an hir Familljememberen, déi nom Krich d'Lëtzebuerger Nationalitéit verluer haten.

auto_stories

6 min

1949 huet de Léon Welter e Requisitoire géint d'Epuration pénale publizéiert. A sengem Buch, "Mélanges de Droit luxembourgeois", huet hien d'Aart a Weis, wéi d'Collaborateure vun der Justiz behandelt goufen, wéi eng rechtlech a moralesch Regressioun condamnéiert. Den Affekot a fréiere sozialisteschen Deputéierten huet souwuel d'legal Basis kritiséiert, wéi och d'Stëmmung vu "vengeance nationale", déi d'Aarbecht vun de Geriichter beaflosst hat.

De Welter huet awer och nach en anere Punkt ënnerstrach. Déi fréier Gielemännercher, déi zu méi wéi dräi Joer Prisong veruerteelt gi waren, haten d'Lëtzebuerger Nationalitéit verluer. Déi Situatioun war net mat der Deklaratioun vun de Mënscherechter vun der UNO kompatibel. An deem Text, deen am Joer virdru vun der Lëtzebuerger Regierung ratifizéiert gi war, zielt d'Nationalitéit zu de Grondrechter. D'Existenz vun enger Minoritéit vun ausgegrenzte Staateloser war och geféierlech fir d'Stabilitéit an d'Sécherheet vun der Natioun - besonnesch am Kontext vum Ufank vum Kale Krich.

Eng essentiell Roll am Nazi-Apparat

Wéi vill Lëtzebuerger hate sech iwwerhaapt fir dat Drëtt Räich engagéiert? Et kann ee just versichen eng Gréisstenuerdnung unzeginn. Bis ufanks Oktober 1940 sinn 9.000 Lëtzebuerger fräiwëlleg der Volksdeutsche Bewegung bäigetratt. Den Historiker Claude Wey huet erausfonnt, datt d'Ortsgruppe vun der NSDAP fir Lëtzebuerger 4.000 Memberen hat. De Paul Dostert huet sengersäits estiméiert, datt 10.000 Lëtzebuerger am September 1944 an Däitschland geflücht waren.

Mat hire Familljen hunn déi pro-däitsch Lëtzebuerger also eng bedeitend Minoritéit ausgemaach. Si hunn och eng essentiell Roll fir den Naziregime gespillt. Déi däitsch Zivilverwaltung vum Gauleiter Gustav Simon war nämlech keen tentakelaartegen Apparat gewiescht. Däitsch Beamten hunn zwar d'Administratiounen dirigéiert. Si waren awer just eng Handvoll a si hate wéineg Kontakt zu der lokaler Bevëlkerung - wat fir en totalitäre Regime natierlech e groussen Handicap ass.

D'Lëtzebuerger Collaborateuren hunn d'Nazi-Propaganda no ënnen, an Informatiounen iwwer d'Stëmmung an iwwer d'Haltung vun hire Matbierger no uewen diffuséiert. No 1943 hu si d'Famillen ausgesënnert déi ëmgesidelt goufen, a vun 1944 u goufen si progressiv bewaffnet. Et waren net genuch däitsch Polizisten an Zaldoten am Land fir d'Resistenz a Schach ze halen.

Épuration sauvage

An de leschte Méint vun der Besatzungszäit hu Lëtzebuerger op Lëtzebuerger geschoss. Am September 1944 huet d'Kräfteverhältnis natierlech zu Gonschte vun der Resistenz ëmgeschloen. Vill Gielemännercher hunn d'Liewe verluer, entweder an der Phas vun der "Épuration sauvage" oder an de Méint dono, an de Lageren, déi vun der Resistenz organiséiert goufen.

D'Resistenzorganisatiounen hate sech am Mäerz an d'Unioun zesummegedoen. No der Befreiung huet déi Eenheetsorganisatioun mat senger Miliz kuerzweileg d'Kontroll am Land iwwerholl. Bis Mëtt Oktober huet d'Unioun ongeféier 3.500 verdächteg Kollaborateure festgeholl an internéiert. Wéi d'Exilregierung zeréckkoum, huet se versicht d'Epuratioun erëm ënner seng Kontroll ze bréngen. Déi schrecklech Liewensbedingunge vun de Gefaangener hu sech dono awer net direkt verbessert.

An engem Rapport vum Administrateur des Établissements pénitentiaires vum 25. Oktober 1944 kann een zum Beispill liesen, wat fir eng Noléissegkeet an de Lagere geherrscht huet:

"Par ouï-dire [les miliciens] savent qu'il y a environ quatre à cinq semaines il a été tiré, pendant la promenade des détenus au préau, par des miliciens dont les noms ne sont plus à établir et qui ne sont plus de service ici, sur les curieux se trouvant à la "Schlassbréck", endroit où pendant l'occupation allemande les membres de familles des détenus politiques cherchaient à apercevoir leurs malheureux parents. Ce tir aurait cependant été effectué avec des cartouches à blanc pour effrayer et chasser ces spectateurs. Je tiens à relever que j'avais strictement défendu, dès le premier jour, de tirer dans l'enceinte de la prison."

Verletzung vun de Grondreegele vum Rechtsstaat

D'Regierung hat scho während sengem Exil, op Basis vun de Vollmuechte vun 1938, eng Serie vun Arrêté grand-ducalen erlooss fir d'Collaborateuren ze jugéieren. D'legal Basis vun der Épuration pénale war den "Arrêté grand-ducal du 14 juillet 1943 modifiant les dispositions du Code pénal concernant les crimes et délits contre la sûreté extérieure de l'État". Deen Text huet all déi cibléiert, déi fir Nazi-Däitschland spionéiert, sech fräiwëlleg an der däitscher Arméi engagéiert oder sech aktiv fir d'Annexioun un Däitschland engagéiert haten.

D'Wierkung vun deem Arrêté gouf duerch dee vum 14. Dezember 1944 op den 10. Mee 1940, Dag vun der Invasioun, retroaktiv gemaach. Dat heescht, datt Dausende vu Leit opgrond vun engem Gesetz poursuivéiert goufen, dat et net gouf, zu deem Zäitpunkt, wou si hir vermeintlecht Verbrieche begaangen haten. Esou eng Mesure huet, wéi de Léon Metzler et ënnerstrach huet, eng Grondreegel vum Rechtsstaat verletzt.

Den Arrêté grand-ducal vum 2. Mäerz 1945 huet d'Oferkennung vun der Lëtzebuerger Nationalitéit agefouert fir all déi, déi am Kader vun der Epuratioun zu méi wéi zwee Joer Prisong veruerteelt géife ginn. D'Gesetz huet kloergestallt, dat gebierteg Lëtzebuerger och vun dëser Dispositioun betraff waren.

Ofschloss vum zéngjärege Biergerkrich

Déi Inflatioun vu Sanktiounen huet an enger Biergerkrichsatmosphär stattfonnt. Am Kampf géint d'Unioun huet d'Exilregierung, duerch eng affichéiert Häert, och versicht seng Legitimitéit erëm opzebauen. Wahrscheinlech huet och d'Iddi eng Roll gespillt, datt een déi Leit kéint ausweisen. D'Membere vun der Nazipartei an d'Krichsfräiwëlleger haten 1942 déi däitsch Nationalitéit kritt. Mee e Rapport aus dem Justizministère, vum 24. Juli 1945, huet déi Hoffnung zerstéiert:

"L'adhésion à l'NSDAP n'entraîne pas de plein droit la perte de la nationalité luxembourgeoise. En effet, l'acquisition de la nationalité allemande par les activistes pro-allemands n'ayant pas eu lieu par la suite d'une manifestation volontaire tendant à acquérir cette nationalité, mais plutôt [...] par l'effet d'une loi, l'art. 25 de la loi du 9 mars 1940 concernant la perte de la qualité de Luxembourgeois ne leur est pas applicable. D'autre part comme l'ordonnance du CDZ du 30 août 1942 est nulle et de nul effet conformément à l'art. 1, al. 2 de l'arrêté grand-ducal du 13.7.44, les Luxembourgeois membres de l'NSDAP sont à considérer comme n'ayant jamais acquis de nationalité étrangère. La question du retrait de la nationalité luxembourgeoise par voie judiciaire ou administrative pose le problème épineux de l'apatridie, alors qu'il est à prévoir qu'aucun État, pas même l'Allemagne, ne consentira à recevoir sur son territoire les anciens collaborateurs."

D'Regierung wousst also Bescheed, huet awer näischt geännert. De Rapport gouf klasséiert. E Student vun der Uni Lëtzebuerg, den Hippolyte Weiland, huet 2015 erausfonnt, datt 1.335 Condamnéierter d'Lëtzebuerger Nationalitéit oferkannt kruten. 986 vun hinne ware Lëtzebuerger vu Gebuert. Nom deemolegen Nationalitéitegesetz huet déi Mesure och Ehepartner an d'Kanner vun deene Leit betraff. Déi hunn automatesch och hir Lëtzebuerger Nationalitéit verluer.

Am Joer 1949 hunn zu Lëtzebuerg also e puer Dausend hereditär Pariae gelieft - oder "morts civils", wéi de Léon Welter si genannt huet. Leit, déi souwuel am Ausland, wéi och doheem onerwënscht waren. Dat war op laang Dauer net haltbar, besonnesch am internationale Kontext vun deemools.

Dës Tatsaach huet eng ganz wichteg Roll am Vott vum Amnestiegesetz vum 31. Mäerz 1951. D'gebierteg Lëtzebuerger Apatridë kruten hir Nationalitéit erëm zréck. Well een déi Leit net konnt lassgi war et erfuerderlech ginn, hir Attitüd ze vergiessen. Si selwer hunn näischt aneres gefrot. D'Amnesie huet den zéngjäerege Biergerkrich ofgeschloss. Dono konnt behaapt ginn, datt d'Lëtzebuerger all resistéiert haten.