Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Plaz fir Exoten

Mediterrane Gaart

Eng Plaz fir Exoten

Duerch dat mëllt Klima an der Muselregioun kënnen hei Planzen a Blumme wuessen, deenen et soss op anere Plazen am Land ze kal ass. Eng Féierung duerch de Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng.

auto_stories

6 min

"Wéi d'Jongfra zum Kand", esou wier d'Stëftung natur an ëmwelt an d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur zum Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng komm. Dat seet de Landschaftsingenieur Georges Moes, deen hei zu Schwéidsbeng am Gaart schafft.

37 Joer ass et hier, datt déi fréier Besëtzer, den Dieter Lingener an de Charles Roovers, ugefaangen hunn, de Gaart op der Musel ze beplanzen.

E Gaart, dee weider wiisst

Si wiere fréier dacks an de Süde gefuer a wieren ëmmer mat Wallisse voll Stecklingen, Planzen a Som zeréckkomm wieren, erzielt de Georges Moes. Wéi de Charles Roovers an den Dieter Lingener d'Geleeënheet gehat hätten, fir d'Haus op der Musel 1981 ze kafen, wier dat "natierlech ideal" gewiescht. Zanterhier wier hire Gaart gewuess, an en hätt als Kollektioun ëmmer nees eppes bäikritt.

De Georges Moes an d'Elena Granda Alonso, ausgebilte Gäertnerin an Agraringenieurin, këmmere sech mëttlerweil ëm d'Erhalen an och ëm d'Visiteure vum Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng.

De Georges Moes, Landwirtschaftsingenieur  vun Natur an Ëmwelt.

No 30 Joer intensiver Aarbecht a Fleeg hunn déi fréier Besëtzer der Naturschutzstëftung hire Gaart 2009 geschenkt. Den Dieter Lingener wunnt ëmmer nach hei - an huet och nach e klengt Wiertche matzeschwätzen.

Fréi plange fir e schéine Gaart

Hannenaus am Pavillon hänken déi vill Kiwien, déi nach net grad zeideg sinn. Schonn am Fréijoer muss geplangt ginn, wéi d'Bild vum Gaart spéider soll ausgesinn, esou de Georges Moes.

Scho bei de jonke Planze misst een den Tri maachen, soss hätt een ze vill dra stoen, an déi eenzel Planze kéint een dann och net wierklech eraushiewen, erzielt hien.

E Gaart am Wiessel

Iwwerhaapt wier iwwer d'Saison am Gaart en immense Changement festzestellen. De Gaart bestécht am Fréijoer zum Beispill mat Strauchpäischtrousen. Elo am Summer spille si eng manner grouss Roll. Et kéint een doduerch de Gaart ëmmer etappeweis, oder méintweis nei entdecken. Da géifen ëmmer aner, nei Planzen d'Virherrschaft iwwerhuelen. Esouguer Korkäichen, déi ee soss aus Portugal kennt oder e Figebam wuessen hei am Gaart.

De Georges Moes bei engem Figebam. Foto: Tessy Steffen Koenig.

Net nëmme während der Saison verännert sech d'Gaardebild respektiv den Doft, mee och während dem Dag selwer. De Georges Moes seet, datt et "eigentlechen de spéiden Nomëtteg, de fréien Owend" ass, wou de Gaart "d'Nues am meeschte begeeschtert".

Dacks wieren d'Planzen net wierklech spektakulär, mee hätten e staarke Geroch, wéi beispillsweis d'Yamsknoll. De Georges Moes hätt scho fënnef Joer am Gaart geschafft, ouni d'Planz ze kennen, erzielt hien. Bis hien enges Daags laanscht gaange wier a festgestallt hätt, datt et immens intensiv no Kanéil géif richen. Hie wier awer eréischt méi spéit drop komm, datt et e puer kleng, bal onscheinbar Bléie wieren, vun deenen dësen intensive Geroch géif kommen.

Fuchsia: Eng Beräicherung fir de Gaart

Riche kann een och déi grouss Magnolie, déi sou just nach Bléien huet. Eng Planz, déi de Mediterrane Gaart, zemools am Summer, immens beräichert ass de Fuchsia, seet de Georges Moes, Landwirtschaftsingenieur vun Natur an Ëmwelt. A vun deenen huet den Dieter Lingener, de fréiere Besëtzer vum Gaart, der vill gesammelt - ënner hinnen och e puer Raritéiten.

D'Fuchsiaplanzen tauchen eréischt ganz spéit an der Gaardegeschicht op, erkläert de Georges Moes. Nämlech ëm Ufank bis Mëtt vum 19. Joerhonnert. Deemools hätte grouss englesch Ziichter domadder ugefaangen, awer och e puer Leit hei an der Géigend.

Biologesch düngen

Et géif een och drop oppassen, al Zorten am Gaart unzeplanzen, esou nach de Georges Moes vun natur an ëmwelt. Vill modern Zorten hätten zwar "imposant Bléien", mee et hätt een dacks d'Gefill, "déi géifen sou grad aus dem Fitnessstudio kommen, déi wieren e bëssen opgepompelt". Déi al Zorte wieren dacks "méi bescheiden" a géife vum Charakter hir besser zum Gaart passen.

Am Mediterrane Gaart kann een och eng Passiounsblumm fannen. Foto: Tessy Steffen Koenig.

Als Naturschutzstëftung wier et natur an ëmwelt och wichteg, de Gaart no Kritäre vun enger biologescher Wirtschaft ze féieren. Am Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng hu Sprëtzmëttel also keng Plaz. Och den Dünger gouf ëmgestallt op en organeschen Dünger, well dat ville Planze géif gutt doen.

Heemesch oder net-heemesch Planzen?

Am Ufank wier et e bësse Kritik ginn, seet de Georges Moes. Am Gaart stinn nämlech eng gutt Parti Planzen, déi ee soss seelen zu Lëtzebuerg gesäit: Net-heemesch Planzen. Wat soll eng Lëtzebuerger Naturschutzstëftung mat engem mediterrane Gaart maachen? Mat Blummen a Planzen, déi net heemesch sinn? Froen, op déi een als Naturschutzstëftung huet missen eng Äntwert sichen.

Et misst ee sech ëmmer virun Ae féieren, datt een hei a Mëtteleuropa wier, wou eng Bëschlandschaft wier. Vill Planzen, déi een hei ronderëm fënnt, wieren ouni de Mënsch net heihi komm, seet de Georges Moes.

D'Experte géife sech drëm streiden, ob elo heemesch Plaze besser fir déi heemesch Insekte sinn, wéi Zierplanzen aus anere Regiounen. Eng Äntwert ob dës Fro wier net esou einfach ze fannen, seet de Georges Moes. Et misst een d'Diskussioun differenzéiert kucken. Vill Insekte wiere grad am Larvestadium a géifen hir Eeër op spezifesch Planzen ofleeën. Aner Insekte géifen awer och un aner Planze goen. De Georges Moes zitt de Verglach, datt déi Insekten "och gären eng Kéier italienesch oder chinesesch oder soss iessen" ginn. Vill erwuessen Insekte wieren net esou speziell ob bestëmmte Bléieplanze fixéiert.

E Gaart fir vill verschidde Gäscht

Net nëmmen d'Insekten, mee och Fliedermais profitéiere vun de Planzen a Blummen aus anere Klimagebidder am Mediterrane Gaart. Eng ganz Partie vun hinne bléien an der Nuecht a sinn attraktiv fir Nachtfalter. Just e puer Kilometer vum Mediterrane Gaart ewech - zu Bech Klengmaacher wunnt an engem Schapp eng vun de bedeitendste Fliedermausaarten zu Lëtzebuerg: Déi grouss Houfeisennues. Och si ass regelméissege Gaascht am Mediterrane Gaart, well owes hei e vollgedeckten Dësch op si waart.

Am Ganze streckt sech de Mediterrane Gaart iwwer 15 Ar mat enger 900 verschiddene Planzenaarten- a Zorten. Nieft den Insekten a Villercher, déi d'Elena Granda Alonso, den Dieter Lingener an de Georges Moes regelméisseg besiche kommen, kommen och aner mënschlech Visiteuren: 500 bis 1.000 Leit kommen all Joer op Besuch an de Mediterrane Gaart op Schwéidsbenger an d'Wäistrooss Nummer 89.