Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Prioritéit fir déi nei Regierung

Integratiounspolitik

Eng Prioritéit fir déi nei Regierung

Déi nei blo-rout-gréng Regierung misst op d'mannst déi Inklusiounspolitik weiderféieren, déi déi viregt ugefaangen huet. Dat fuerdert de President vun Info Handicap, Olivier Grüneisen, haut um Weltdag vu Mënsche mat enger Behënnerung. Hien ënnersträicht ënner anerem, datt den neien nationalen Aktiounsplang fir Inclusioun an dëser Legislaturperiod misst ëmgesat ginn, an datt d'Tutelles- a Curatellesgesetz reforméiert soll ginn.

auto_stories

3 min

D'Reform vum Tutelles- a Curatellesgesetz hätt misste fir 2017 fäerdeg sinn. Genf huet Lëtzebuerg nach ee Joer Zäit gi fir op deem Terrain weiderzekommen. Mir sinn elo 2018 an do muss déi nei Regierung sech wierklech als Prioritéit setzen, datt als éischt d'Tutellen an d'Curatelle reforméiert ginn. Momentan ass dat eng katastrophal Situatioun, well ee momentan entweder ganz an der Tutelle dran ass oder net, an dann huet een och keng Rechter méi. Bei de Chamberwahlen am Oktober, ware vill Wieler, déi ënner Tutelle stinn, mee déi duerch d'Gesetz vum 1982 net hunn dierfe wiele goen. Si dierfe sech och net bestueden, an do musse mir wierklech dru schaffen, fir dat ze änneren.

Lëtzebuerg huet jo och d'UN-Konventioun fir Leit mat enger Behënnerung ratifizéiert, wéi wäit gëtt Lëtzebuerg senger Verantwortung gerecht?

Dofir ass de Plan d'action à l'intégration do, fir déi UN-Konventioun ëmzesetzen. Do sinn an der leschter Regierung scho Saache geschitt, wéi zum Beispill d'Unerkenne vun der Gebäerdesprooch, mee do sinn awer nach e puer Punkten, wou et net séier genuch geet, oder wou d'Erwaardunge vun de behënnerte Leit grouss ass. Ee Beispill: An der Bildung hu mir elo e Centre de compétence. Deen hale mir am A a mir hunn do vill Erwaardungen. Déi Leit, déi eng Behënnerung hunn, d'Associatiounen an d'Eltere wënsche sech do haaptsächlech eng inklusiv Approche, datt effektiv déi jonk Leit, déi eng Behënnerung hunn, op den Aarbechtsmaart kommen an de selwechten Diplom kréie wéi an der normaler Scolarisatioun.

D'Gesetz zu de Kompetenzzenteren ass am Juni gestëmmt ginn an ass fir dës Rentrée schonn a Kraaft getrueden. Et ass vläicht e bësse fréi fir do schonn e Bilan ze zéien, mee hutt Dir scho Feedback héieren, wéi dat bis ewell fonctionnéiert? Ass dat effektiv eng inklusiv Schoul?

Mir hoffe ganz staark, datt et eng inklusiv Schoul ass, mee mir hunn awer eis Bedenken. Et gi scho Kanner, déi an der Scolarisatioun sinn an déi net direkt woussten, wou se sollten higoen no der grousser Vakanz. Et ass eppes Neies, mir loossen der Regierung eng Chance, mee mir bleiwen op jiddwer Fall hannendru mat all den Associatiounen, fir datt dat op jiddwer Fall gerecht wäert oflafen.

Elo ass jo och den Accès zum Aarbechtsmaart e wichtegt Thema fir Leit mat Behënnerung, wéi eng Efforte sinn do gemaach ginn, oder ginn et nach Chantieren, déi nach missten ugaange ginn?

Et ginn nach Chantieren, déi missten ugepaakt ginn. D'Regierung huet grouss Efforte gemaach am ëffentleche Beräich: Do ginn effektiv vill Leit mat enger Behënnerung op Plaze gesat. D'ADEM huet och eng grouss Aarbecht. Mee am Privatberäich sinn d'Patronen nach e bësse schei, well se vläicht nach net genuch Informatiounen hunn. Mir probéieren d'Leit do ze sensibiliséieren. Et sinn och Ängschten do, déi och mat Käschten ze dinn hunn, obwuel en Deel vun de Käschte vum Staat iwwerholl ginn. Do muss effektiv nach Sensibilisatioun gemaach ginn. Wichteg fir eis sinn och Quoten. Am Gesetz si Quote festgehalen, mee déi ginn nach net agehalen. Dat géif awer op jiddwer Fall hëllefen, datt déi Leit mat mat Behënnerung op den Aarbechtsmarché kommen.

Haut ass de Weltdag fir Leit mat enger Behënnerung, dir hutt do als Info Handicap en Event organiséiert?

Mir si present op der Place d'Armes wou mir e Flashmob organiséiert hunn. Ënner der Regie vum Sylvia Camarda gouf eng Choreographie astudéiert mat Leit, déi eng Behënnerung hunn a mat Leit, déi keng hunn. Da sinn och nach Majorette present, déi fir Opmierksamkeet suergen. Duerno gëtt e Film gewisen, dee mir am Kader vun eisem 25. Gebuertsdag op d'Been gestallt hunn. De Film heescht "25 Portraite fir 25 Joer", an do sinn zwou Seancen organiséiert ginn am Cercle.