Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng reng West?

Prisma

Eng reng West?

Et schéngt einfach ze sinn, aner Mënsche fir hiert Handelen ze jugéieren, mam Fanger op si ze weisen oder si blouss ze stellen a souguer ze diffaméieren. Déi, déi net follegen, sech net u Reegelen halen oder einfach op iergend eng Manéier anescht wéi ee selwer sinn. Natierlech muss ee sech u Gesetzer a Reegelen halen. A jiddweree fält och emol ee moralescht Urteel iwwer anerer. Mee wou läit d'Grenz a wéini geet et an eng Aart Moraliséierung iwwer, déi selwer als moralesch bedenklech ka bezeechent ginn?

auto_stories

5 min

D'Chrëschtzäit ass nees eriwwer a mir sinn an en neit Joer gestart. Et ass d'Zäit vun der Léift, der Nächsteléift genee gesot, an et soll eis eigentlech u bestëmmte Wäerter erënneren.

De moraleschen Zeigefanger weisen

Dozou gehéieren ënner aneren Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Solidaritéit - e Schlësselwuert an der chrëschtlecher Sozialléier. Mee och an der Corona-Pandemie.

Seelen ass d'Gesellschaft sou dacks dozou opgeruff gi solidaresch ze sinn, wéi am vergaangene Joer. A gläichzäiteg kann een awer och feststellen, datt seelen esou vill de moraleschen Zeigefanger gewise gouf, souwuel vun der Regierung, an der Press, mee virun allem ënner de Leit selwer.

Quasi en neie Vocabulaire ass entstanen, fir all déi Egoisten ze benennen, déi sech einfach net fügen an net solidaresch sinn.

An etleche Commentairen esou wéi an de soziale Medie kënnt een dann an de volle Genoss vun deenen Diskussiounen: Esou waren et alt erëm déi Jonk, déi just Party am Kapp hunn, d'Frontalieren, déi eis de Virus iwwer d'Grenz bréngen oder och vläicht déi auslännesch Groussfamillen, déi erëm eng Gebuertsdagsfeier haten, warscheinlech am Minett.

Zwou Säiten

Et kann ee sech d'Fro stellen, ob d'Gesellschaft net um Wee ass, sech ëmmer méi ze splécken: Op där enger Säit hu mer déi Solidaresch, déi follegen, déi sech un alles halen a sech wäerten impfe loossen. An op där anerer Säit d'Egoisten, d'Corona-Leugner an d'Impfgéigner. Vereinfacht ausgedréckt: déi Gutt an déi Béis.

Hei fale mir gläich puer Punkten an, op déi ech an dësem Zesummenhang wëll agoen. Sollte Solidaritéit, Matgefill, Hëllefsbereetschaft net eigentlech och onofhängeg vu Corona erstriewenswäert sinn a méi wäit goe wéi déi eegen Nues an déi eegen Hausdier?

Ass esou eng Aart vu Moraliséierung, Stigmatiséierung a moralescher Verurteelung net souguer de Contraire vun engem empathesche Behuelen? An handelen déi, déi de moraleschen Zeigefanger esou héichhalen, och wierklech aus egoismusfräie Motiven an hu selwer eng reng West?

Et ass net einfach, dës Froe komplett wäertneutral ze diskutéieren, ouni selwer erëm an e moraliséierenden Toun ze verfalen a mam Fanger op bestëmmte Leit ze weisen.

De Prinzip bleift iergendwéi dee selwechten, well esou bréngt een zum Ausdrock, datt ee mat engem gewësse Verhalen net averstanen ass, an datt een et moralesch net richteg fënnt. D'Fro, wouranner den Ënnerscheed besteet, ass also net ëmmer evident.

Solidaritéit och ouni Pandemie

Wesentlech ass awer heibäi den Ëmgang mat an de Respekt virun anere Meenungen a Verhalensweisen. Heimat mengen ech, sech an aner Mënschen eranzeversetzen, probéiere si ze verstoen an nozefroen, am Plaz vun engem blanne Verurteelen, dëst och a Form vun ëffentlechem Bloussstellen oder souguer vun denunzéieren.

A genee do froen ech mech, a wéi wäit esou en Handelen op Solidaritéit, Matgefill, Respekt a Versteesdemech berout. Ass dat net eng Form vun Hypokrisie a Schäinhellegkeet?

A wéi stoung et da virun der Corona-Pandemie ëm dës, elo sou héichgehale Wäerter?

Och dës Fro kann net pauschal beäntwert ginn, well och dat wier en net nuancéiert Jugéieren. Mee ech wëll de Bléck méi generell op de Liewensstil an d'Verhalen an eiser globaliséierter Welt riichten, déi et zumindest engem privilegéierten Deel erlaabt, zu all Moment ze konsuméieren, sech ze deplacéieren a sech selwer ze entfalen. Ganz egal, ob dat op Käschte vun der Natur, der Déierewelt oder anere Mënschen a Bevëlkerunge geet.

Esou sinn zum Beispill de Klimaschutz, den Déiereschutz, d'sozial Gerechtegkeet oder d'Flüchtlingsthematik Theemen, déi et och scho viru Corona goufen an déi bei Wäitem keen esou e leidenschaftlechen Debat an der Gesellschaft iwwer Moral ausgeléist hunn, wéi elo de Virus hei. Et kéint ee jo elo soen, datt et wäit ewech ass an eis net esou direkt betrëfft. Mee dat stëmmt net wierklech.

Och hei am Land gëtt et Aarmut, Honger. An och eis Bëscher gi verknascht, leider zanter der Pandemie nach méi. Doriwwer eraus läit et och an eiser Hand, wéi vill mir wat konsuméieren a wat fir eng Aart vu Produktioun a Wirtschaft mir mat eisem Konsumverhalen ënnerstëtzen. Mee do heescht et dann dacks, datt mir jo souwisou näischt un deem ganzen System ännere kënnen. Do si mir wuel net Deel vun der Léisung.

Si mir esou erzu ginn?

Eng aner Fro ass, a wéi wäit mir vu Klengem un dozou verleet ginn, genee esou e Liewensstil ze féieren. Dat heescht eis selwer ze verwierklechen, eis ze amuséieren, ëmmer deen neisten Trend um Marché kënnen ze hunn oder onbegrenzt ze reesen.

Wéi wäit kann een do op eemol einfach zeréck rudderen, esouwuel als e ganzen Gesellschaftssystem wéi och als Eenzelpersoun? Et ass schonn e speziellt Bild, wann een da Schlaange vu Mënschen an Akafszenteren a Markebutteker gesäit, natierlech mat Mask an Desinfectant, oder wann an de Supermarchéë bestëmmte Rayonen komplett zougepecht sinn a Caddien awer gutt mat Foie Gras gefëllt sinn.

Wou fänken da Solidaritéit, Matgefill a Respekt virun der Natur, den Déieren a senge Matmënschen un? Wann d'Bedroung bis virun der eegener Hausdier ass an een d'Konsequenze selwer ze spiere kritt? A wat steet dann tatsächlech am Mëttelpunkt?

Fir et elo erëm op d'Corona-Pandemie ze bezéien: De Schutz vun deenen, déi de Virus am stäerkste kann treffen? Oder awer déi eege Gesondheet, Fräiheet a Méiglechkeet, weiderzeliewe wéi virdrun? Mee ass dat streng geholl net och eng Form vun Egoismus?

Sech ëmt Leit suergen, mee net Moralapostel spillen

Dat soll elo och net als moralesch schlecht a verwerflech duergestallt ginn, wéi gesot, esou e Moraliséieren ass net meng Absicht.

Datt ee sech ëm säin eegent Wuel a seng Existenz suergt a sech e Liewen ouni Aschränkungen zeréckwënscht, dat ass selbstverständlech a schléisst en empatheschen, solidareschen Ëmgang mat senger Ëmwelt jo och guer net aus. Et geet mir hei eleng ëm déi Aart a Weis, wéi Mënsche jugéiert, verurteelt a stigmatiséiert ginn, an dat virun allem och ëffentlech an de Medien.

An do fält et mir effektiv schwéier, déi Wäerter, an deenen hirem Numm ee jo de moraleschen Zeigefanger hieft, erëmzefannen. Wou waren déi Moralapostel da virdrun? Dozou wëll ech dann, no der Chrëschtzäit, och mat engem Zitat aus der Bibel ofschléissen, dat dës Thematik ganz gutt resuméiert: "Wer unter euch ohne Sünde ist, werfe den ersten Stein".