Am Fong Eng Schoul, déi baussen de véier Wänn erlieft gëtt
"Eng dräidimensional Schoul" - dat heescht mat alle Sënner ze léieren. Doriwwer hu mir eis mam Naturpedagog, fréieren Enseignant a Papp Pit Mischo ënnerhalen. Hien huet viru bal véier Joerzéngten d'Naturschoul, déi éischt kommunal a regional Ëmweltschoul zu Déifferdeng gegrënnt an ass Verfechter vun enger dräidimensionaler Schoul.

Just zweedimensional, also op Pabeier, Tablett oder Tafel ze léieren a bäibruecht ze kréien, dat hëlleft de Schoulkanner net, d'Material ze verstoen an uwennen ze kënnen. Dat seet de fréieren Enseignant an Naturpedagog Pit Mischo.
Hien huet viru bal véier Joerzéngten d'Naturschoul, déi éischt kommunal a regional Ëmweltschoul zu Déifferdeng gegrënnt an ass Verfechter vun enger dräidimensionaler Schoul. Dat ass eng Schoul, déi baussen de véier Wänn kann erlieft ginn.
D'Schoulbänk gesäit de Pit Mischo als Sënnbild vun eisem aktuellen, rigide Schoulsystem. Dat lescht Joer huet hie säi Buch "Kanner virun d'Dier" verëffentlecht, an deem hien e Plädoyer fir eng Schoul an der Natur mécht.
De Plädoyer, grad esou wéi d'Buch fënnt een op dëser Internetsäit.