Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerwee am Mëllerdall

Lëtzebuerg entdecken

Ënnerwee am Mëllerdall

Den Nordoste vum Land bitt vill Wander- a Vëlosweeër. De Mëllerdall ass och bekannt als Petite Suisse Luxembourgeoise an op iwwer 112 Kilometer bitt de Mëllerdall-Trail Wanderweeër fir Grouss a Kleng.

auto_stories

3 min

Foto: ORT MPSL – Th. Bichler

De Bäinumm La Petite Suisse Luxembourgeois verréit eigentlech schonn, datt de Mëllerdall predestinéiert dofir ass fir wanderen ze goen. An dat gëtt och schonn zanter 200 Jore gemaach, seet d'Marianne Origer vum ORT Mëllerdall.

Dofir ass d'Offer, déi een huet, och grouss: vill Rondweeër, mol méi laang, mol méi kuerz ronderëm déi verschidden Uertschaften. An da gëtt et nach de Mëllerdall-Trail, e Wee vun am Ganzen 112 Kilometer, deen an dräi Etappen agedeelt ass:

"Bei der Route 1 kann een zu Iechternach fortgoen, déi geet laanscht d'Ënnersauer an et kënnt een duerch den Hieberbësch zeréck. Dat sinn am Ganzen 38 Kilometer. Route 2, dat si 37 Kilometer a Route 3 kann een zu Beefort oder an der Fiels ufänken. Dat ass dee westlechen Deel an dat sinn och 37 Kilometer."

Ganz maache muss een deen Tour net, et kann ee sech op eng oder zwee Etappe beschränken. Dofir gëtt et e Pocket-Guide, deen déi jeeweileg Streck beschreift an och d'Méiglechkeete weist, wou ee schlofe kéint.

Mam Vëlo oder mat der Päerdskutsch

Wann een net esou gäre wandert, kann ee sech am Mëllerdall och mam Vëlo op de Wee maachen, et ginn Toure fir de Stroosse-Vëlo, awer och fir de Mountainbike. A wann ee Loscht huet, da kann ee sech beim ORT Mëllerdall esouguer e Guide ufroen, dee mat engem fiert.

Et ginn och speziell Visitten, seet d'Marianne Origer, déi de ganze Summer iwwer an der Rei "Discover" vu Mëtt Juli bis Enn August ugebuede ginn. Ugebuede ginn Tier mat der Päerdskutsch a kulturell Visitten, wéi zum Beispill d'Schlass aus der Fiels, eng Basilika oder den Tour "Abbey Top Secret", bei deem ee Raimlechkeete besiche kann, wou ee soss net erakënnt.

An de Mëllerdall ass net nëmmen en Naturpark, mee och e Geo-Park, an och zu deem Thema ginn et Visitten. All Samschdeg gëtt et hei eng geologesch Wanderung an den Noumerleeën, bei där de Guide ganz spezifesch op d'Geologie ageet.

Fir déi Grouss a Kleng

Net jiddwereen ass gären zu Fouss oder mam Vëlo ënnerwee, mee och da kann een de Mëllerdall mat senge schéinen Ecken entdecken. Den ORT Mëllerdall huet nämlech sechs Touren ausgeschafft, déi ee mam Auto, dem Moto oder mam Bus maache kann.

Och fir Kanner gëtt et nach eppes ganz Spezielles: den "Hits for Kids". Freides mëttes geet en Tour zu Rouspert lass, wou eng animéiert Geschicht op verschiddene Statioune virgespillt gëtt. De Guide erlieft dann zesumme mat de Kanner dës Geschicht, an zum Schluss gëtt et natierlech en Happy End.