Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass eng Beräicherung fir eis all"

Flüchtlingen en neit Doheem ginn

"Et ass eng Beräicherung fir eis all"

Zënter leschten Oktober wunnt d'Zewdy zu Käl. Dat 23 Joer aalt Meedchen aus Eritrea ass aus sengem Heemechtsland geflücht - virum autoritäre Regime an der Ënnerdréckung vum Vollek. Et huet eng laang Rees hannert sech - mä elo ass et ukomm an huet bei der Famill Rassel en neit Doheem fonnt.

auto_stories

6 min

D'Zewdy mam Christiane a Georges Rassel

D'Zewdy ass aus Eritrea geflücht, virun allem aus Angscht virum Militärdéngscht, deen déi jonk Fra hätt misse maachen. All d'Fraen an d'Männer tëscht 18 an 59 Joer si verflicht an d'Arméi ze goen. Dat an engem Land, wou zënter 25 Joer den Isayas Afewerki de Staats- a Regierungschef ass. D'Regierung gëtt als autoritär a repressiv beschriwwen. Zënter 17 Joer sinn hei all déi privat Medie verbueden, déi ëffentlech ënnerstinn enger strenger Kontroll duerch d'Regierung - Zënter aacht Joer sinn och keng auslännesch Korrespondente méi am Land, déi iwwer d'Mëssstänn rapportéieren, esou steet et op der Internetsäit vu Reporter ohne Grenzen. Am Ranking ëm d'Pressefräiheet ass d'Land op der Plaz 179 vun 180 - also ganz um hënneschte Wupp.

Iwwert Libyen an Italien koum d'Meedchen virun ronn annerhallwe Joer zu Lëtzebuerg un. Déi jonk Fra huet fir d'éischt an der Luxexpo um Kierchbierg gelieft. Mä dat war eng schwiereg Zäit, seet d'Zewdy, et hätt een zu vill openee gewunnt an net vill Zäit fir sech eleng gehat.

Eng laang Rees vun Eritrea op Lëtzebuerg

Duerno koum hatt a verschidde Foyeren, wou déi jonk Fra mat aacht respektiv mat véier aner Demandeurs de Protection Internationale, kuerz DPI, an engem Zëmmer geschlof huet. Vun Oktober d'lescht Joer u wunnt d'Zewdy zu Käl. D'Christiane an de Georges Rassel hunn him hiert Doheem opgemaacht an déi jonk Fra aus Eritrea bei sech opgeholl.

Mat senger Famill an Eritrea huet d'Zewdy kee Kontakt méi. Et ginn am Land net déi Infrastrukturen, déi een hei huet, seet d'Zewdy. Mä et ass och ze geféierlech. D'Meedche fäert, et géif senger Famill eppes zoustoussen.

Fir d'Christiane Rassel och ee Grond e Refugié aus Eritrea bei sech doheem opzehuelen. D'Mamm vun dräi Kanner hätt sech an d'Lag vum Zewdy sengen Elteren eraversat.

"Wann eis Kanner misste flüchten, wier ech iwwerglécklech, wann ech wéisst, datt si iergendwou an enger Famill opgeholl ginn. Wou d'Kanner wéinstens e bëssen encadréiert sinn an e bësse Wäermt kréien. Dat wier fir mech immens wichteg an et ass ee Gedanken, dee mech ëmmer begleet huet."

Jidderee muss averstane sinn

Zënter déi dräi Kanner aus dem Haus sinn, hätte sech d'Christiane an de Georges Rassel schonn e puer mol Gedanke gemaacht, eng weider Persoun bei sech wunnen ze loossen. Ufanks hätt een un e Student geduecht. Wéi dunn ëmmer méi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg en neit Doheem iwwer d'Initiativ Oppent Haus - Open Home gesicht hunn, huet sech d'Koppel iwwerluecht, hir Diere fir si opzemaachen.

"Mir hunn och mat eise Kanner geschwat, well si sollten och hir Meenung zu der Iddi soen."

Fir datt esou eppes klappt, misst nämlech jiddereen an der Famill averstane sinn. "Et lieft een awer e bemol en anert Liewen", seet d'Christiane Rassel. Obwuel sech awer net esou vill changéiert hätt. D'Christiane an de Georges wéilten awer net d'Roll vun den Ersatzelteren iwwerhuelen. Ma si géifen e bëssen wéi an enger Wunngemeinschaft wunnen.

"Mir waren e bëssen erschreckt"

Iwwert d'Initiativ Oppent Haus wier de Kontakt mam Zewdy zustane komm, erënnere sech d'Christiane an de Georges. Kuerz nom Kenneléieren hu si sech decidéiert, dat 23 Joer aalt Meedche bei sech opzehuelen.

"Dat war och ganz emouvant. Mir sinn d'Zewdy op Réiden an de Foyer siche gaangen, wou et net esou flott war. Si hunn zu fënnef an engem Zëmmer geschlof. Mir waren e bëssen erschreckt, wéi mir dat gesinn hunn. Ech wëll et elo net esou erofmaachen, mä awer war et fir eis duerno kloer, datt mir d'Zewdy do eraushuelen," esou d'Christiane Rassel.

Vun der Initiativ aus hätt een awer och gesot kritt, datt wann d'Zesummeliewen net géif klappen, de Foyer nach opstéing, seet de Georges Rassel. "Et weess ee jo ni et kéint jo awer sinn, duerch déi grouss kulturell Ënnerscheeder, datt et net géif goen."

An dat vu béide Säiten aus. Et ass eng Sécherheet, déi souwuel déi Leit kréien, déi hir Hëllef ubidden, wéi och déi Leit, déi en Doheem sichen. Dat confirméiert och d'Marianne Donven, d'Coordinatrice vun der Initiativ Oppent Haus.

"D'Beweeggrënn si ganz ënnerschiddlech"

Jiddereen deen an engem Foyer wunnt, dierf fënnef Deeg de Mount net am Foyer sinn, ouni seng Schlofplaz hei ze verléieren. Eng Zäit, déi verschidde Famillen an Demandeurs de Protection internationale notzen, fir sech besser kennen ze léieren an ze kucken, ob si beienee passen, esou d'Marianne Donven.

"Et sinn effektiv Famillen, déi sech zwee, dräi Méint Zäit gelooss hunn, fir da sécher ze sinn, datt dat och géif klappen. Dat fannen ech och ganz an der Rei. De Familljeministère huet eis et erlaabt, fir eng Proufzäit ze maachen, zemools bei jonke Meedercher."

Zënter dem Ufank vun der Initiativ viru bësse manner wéi annerhallwe Joer konnte bis ewell 66 Refugiéë bei Privatleit en neit Doheem fannen. D'Beweeggrënn vun de Leit, déi d'Hëllef ubidden si ganz ënnerschiddlech, seet d'Marianne Donven vun Oppent Haus.

"Et gi wierklech déi, déi et aus Solidaritéit maachen, fir ze hëllefen. Anerer maachen et fir hire Kanner ze weisen, datt et och Leit op der Welt ginn, deenen et net esou gutt geet. Verschidde Leit gesinn och hiren eegenen Interêt dobäi, fir een am Haus ze hunn. Dat sinn alles gutt Grënn, fir een opzehuelen."

Op d'Pabeiere waarden

D'Formalitéiten d'Zewdy bei sech opzehuelen ware minimal, seet de Georges Rassel. "Wéi et fäerdeg war, hate mir zwee Ziedelen ausgefëllt." Ob een donieft dann nach e Kontrakt wéilt schléissen, wier jidderengem selwer iwwerlooss, seet dozou nach d'Marianne Donven. Dacks géifen d'Leit zesummen e puer Hausregelen opstellen, fir datt d'Zesummeliewen esou gutt wéi méiglech klappt, mä méi awer och net.

D'Famill Rassel versicht dem Zewdy esou gutt et geet ze hëllefen. De Moment waarden déi dräi drop, datt d'Meedchen de Statut als Flüchtling unerkannt kritt. Da kann d'Zewdy nämlech hei bleiwen, schaffe goen an och emol an d'Ausland goen. Dat dierf d'Meedchen den Ament nach net. "Et ass all Mount nervös, wann et op de Ministère muss. Entweder et kritt dann erëm e Stempel oder déi richteg Pabeieren," esou de Georges Rassel.

"Ech géif et ëmmer erëm maachen"

D'Zil vum Zewdy ass et, iergendwann eng Aarbecht ze fannen. Am Léifsten als Verkeeferin an engem Kleederbuttek an dann och eng Kéier en eegent klengt Doheem ze hunn. Bis dohinner hëlleft d'Famill Rassel him virun allem bei administrativen Aufgaben an och beim Léiere vun de Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn. Zënter d'Zewdy zu Käl wunnt geet hatt och an eng Spezialklass an den Escher Meedercherslycée.

Enn Mäerz sollen d'Schüler aus dem Zewdy senger Klass e Stage vun enger Woch maachen. Si mussen elo eng Lettre de Motivation schreiwen an eng Plaz fir ze schaffe fannen. "Wichteg ass, datt Entreprisen oder Butteker do sinn, déi gewëllt sinn, e Schnupperstage unzebidde fir eng Woch Enn Mäerz. An enger jonker Persoun d'Chance ginn, an de Betrib eranzekucken." De Georges Rassel begréisst d'Initiativ vun der Schoul.

D'Christiane an de Georges bereien et net e Meedchen aus Eritrea bei sech opgeholl ze hunn. "Et ass fir eis eng Beräicherung. Ech géif et ëmmer erëm maachen."