Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Underneath My Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et feele Strukture fir verhalensopfälleg Kanner

Educatioun

Et feele Strukture fir verhalensopfälleg Kanner

Zënter véier Joer gëtt et op der Itzegerstee en Haus fir besonnesch verhalensopfälleg Kanner. De Pilotprojet bitt de ganzen Dag iwwer schoulesch Coursen an en intensiven Encadrement. D'Zil ass et, fir déi Jonk nees an d'Schoul z'integréieren. Bis zu 14 Kanner kënne mateneen an der Struktur betreit ginn. De Projet verleeft gutt, mä et feele weider esou Strukturen am Land. Do si sech den Educatiounsministère an déi Responsabel vum Projet eens.

auto_stories

3 min

Foto: Bigtock / Smolaw

"Izigerstee VTT" heescht d'Struktur, déi zënter véiert Joer existéiert. VTT steet fir "Verhalen testen an trainéieren". D'Verhale vun de Kanner ass awer net dat eenzegt, wat am Mëttelpunkt steet. Et wier een nämlech keng reng therapeutesch Struktur, seet Pia Burelbach, Enseignante a Responsabel fir de Projet. D'Schoulesch Leeschtung wier grad sou wichteg. Et wéilt ee virun allem deene Kanner eng Struktur bidden, déi sech um Schoulesche kéinte festhalen.

D'Struktur ass fir Jonker tëscht 11 a 15 Joer, déi an hirer Schoulcarrière scho méi heefeg opgefall sinn, a riskéieren d'Schoul ofzebriechen. All d'Versich, fir hinnen am Schoulalldag ze hëllefen, wiere gescheitert, erkläert d'Dany Barthel, Pädagogin an och Responsabel fir de Projet.

Bis zu zwee Joer kënnen d'Kanner op der Itzegerstee bleiwen. Si solle léieren, datt Schoul flott ka sinn. A kréien erkläert, wéi ee sech an enger Schoul verhale soll, seet d'Pia Burelbach.

Et ass déi éischt Struktur zu Lëtzebuerg, déi keng reng therapeutesch Struktur ass, mee och vill Wäert op d'schoulesch Aktivitéit leet. Virdrun hunn déi concernéiert Kanner missen an d'Ausland goen, wa se Hëllef gebraucht hunn. D'Situatioun wier besser ginn, seet d'Dany Barthel. Trotzdem missten nach ëmmer vill Kanner am Ausland gehollef kréien, well d'Plazen am Pilotprojet "Izigerstee" limitéiert sinn. Et géif un anere Strukture feelen, wou d'Schoul a pädagogesch an therapeutesch Ënnerstëtzung enk matenee kombinéiert wieren.

Openthalter am Ausland reduzéieren

Och den Educatiounsminister Claude Meisch seet, datt nach ze vill Kanner an d'Ausland geschéckt ginn. Et wieren an de leschte Joren zwar vill Efforte gemaach ginn, et géif awer nach net duer goen. Fir d'Entwécklung vun de Kanner wär et nämlech am beschten, wa si kéinten am Land bleiwen.

D'Zil vun all Moossnam misst sinn, datt déi Jonk spéider an hiert Ëmfeld kéinten zréckkommen, ee reguläre Schoulofschloss kéinte maachen an an d'Beruffsliewe kéinte wiesselen. "Dat kréie mir net hin, wann si wäit ewech sinn." Openthalter am Ausland kéinte just temporär interessant sinn.

132 verhalensopfälleg Kanner goufen d'lescht Joer an d'Ausland geschéckt. Fir dës Zuel ze reduzéieren, soll nach virun Ouschteren e Gesetzprojet fir d'Reform vun der Education différenciée op den Instanzewee goen. Een Aspekt sinn och do Kanner mat spezifesche Besoinen. D'Reform gesäit en nationale Kompetenz-Zentrum vir, seet den Educatiounsminister. Hei géif et virun allem drëms goen, Kompetenzen opzebauen, Fachpersonal ze rekrutéieren a Methoden a Prozesser ze definéieren.

Strukturen déi feelen

Wat hei am Land feelt, ass eng Struktur, an där Kanner mat Verhalens-Problemer och méi laang wéi zwee Joer bleiwe kennen, seet d'Pia Burelbach. Och an deene Strukture misst de Fokus op d'schoulesch Leeschtung geluecht ginn. "Fir déi, déi méi déif betraff sinn, bräichte mir eppes, wou d'Schoul mat enger Openthaltsméiglechkeet kombinéiert wier." An et bräicht een eng Struktur fir Kanner, déi an engem klengen, strukturéierte Kader gutt eens ginn.

Donieft misst gekuckt ginn, datt Kanner mat Problemer schonn éischter kennen Hëllef kréien, seet d'Dany Barthel. Et wier heiansdo schwiereg bei Jugendlechen, déi schonn an der Pubertéit sinn, eppes ze änneren. Dofir misst eigentlech scho méi fréi Hëllef ugebuede ginn.

Dofir géif de Ministère och iwwer déi nächst véier Joer 150 Enseignanten astellen, déi sech an de Schoulen ëm Kanner mat spezielle Besoine këmmere sollen, sou de Claude Meisch.

Zu Wëlwerwolz, soll eng Struktur nom Virbild vun där op der Itzegerstee entstoen, seet de Claude Meisch. De Pilotprojet leeft gutt, soen och déi zwou Responsabel. An de leschte véier Joer wieren am Ganzen 38 Kanner a Jugendlecher betreit ginn. Et wieren der dobäi gewiescht, déi ofgebrach hunn oder déi een awer hätt missten an d'Ausland schécken. Bei deenen, déi di zwee Joer do waren, wier d'Re-Integratioun an d'Schoul an der Regel gutt verlaf, esou d'Pia Burelbach.