Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt ee magescht Wuert an dat ass Opklärung"

Drogen a Mënschen

"Et gëtt ee magescht Wuert an dat ass Opklärung"

Wéi gesäit den Drogekonsum hei zu Lëtzebuerg aus? Déi meescht vun eis si sech bewosst: Alkohol an Nikotin sinn zwar Drogen, mee legal. Kokain, Heroin a Cannabis sinn illegal an dofir och vill méi geféierlech. Stëmmt dat? En Iwwerbléck.

auto_stories

8 min

D'Drogen an hir Konsumenten hu sech iwwer d'Joere verännert, seet den Alain Origer

Esou verallgemengere kann een dat net direkt, seet de Robert Feustel. Den däitsche Politikwëssenschaftler huet virun aacht Joer seng Dokterthees iwwer "Kulturgeschichte des Rauschs" ofgeschloss. Et kéint ee sougenannt douce Drogen, wéi Alkohol, ganz haart consomméieren. Et kéint een awer genee esou gutt haart Drogen, wéi Kokain, ganz douce consomméieren. Et géif ëmmer ofhänke vun der Heefegkeet vum Konsum, an och vun der Doséierung, spréch vun der Konsumform, esou nach wëssenschaftleche Mataarbechter op der Friedrich-Schiller-Universität Jena.

Wéi geféierlech sinn Drogen?

Et ginn awer kloer Variabelen, respektiv Facteuren, mat deenen d'Wëssenschaft d'Geféierlechkeet vun enger Drog definéiert, seet de Carlos Paulos vun der Lëtzebuerger Initiative Pipapo. Dozou gehéiert och d'Potenz vun enger Drog a wéi staark hir Wierkung ass, wann ee se consomméiert.

"Et kann een och vun den Aart a Weise schwätzen, wéi ee consomméiert: ob een dat elo oral zou sech hëlt, nasal oder iwwer d'Haut. All déi Saache spillen eng Roll an déi muss een definéieren."

Aus dësem Bléckwénkel eraus kéint een da feststellen, ob eng Drog geféierlech ass oder net, a mat wéi enge Risiken de Konsum verbonnen ass. De Carlos Paulos leed déi Lëtzebuerger Initiativ Pipapo, e Projet vun der 4motion asbl. D'Membere vum Projet sinn op diverse Festivallen a Partyen unzetreffen. Do verdeele si Kondomer, Ouerestëpp a ginn Informatiounen zum Drogekonsum.

Sex, Drugs and Rock'n'Roll

Ëmmer mam Fokus, d'Leit ze informéieren an hinne bei hiren Entscheedungen ze hëllefen an net mam béise Fanger op si ze weisen. D'Initiativ Pipapo huet rezent hir Etüd presentéiert, déi den Drogekonsum an der Lëtzebuerger Partyzeen analyséiert huet.

"Dës Ëmfro gëtt bei der Populatioun gemaach, déi feiert, an déi mir op de Festivallen oder an de Clubben untreffen. Dat heescht, et kann een elo net soen, datt déi Etüd representativ fir ganz Lëtzebuerg ass."

Trotzdeem spigele sech d'Resultater mam Nationalen Droge Rapport 2019 erëm. Op Plaz eent vun de meescht consomméierten Drogen ass den Alkohol. An der Etüd vun der Initiativ Pipapo wier erauskomm, datt néng vun zéng Leit rezent Alkohol consomméiert hunn, esou de Carlos Paulos.

"Beim Nikotin si mer ongeféier bei der Hallschent vun der Populatioun. De Cannabis ass ëmmer un drëtter Plaz komm an déi Zuelen hunn ëmmer tëscht 25 an 30 Prozent variéiert. Dat war och schonn héich. Dat wat elo an der Ëmfro vum leschte Joer déi éischte Kéier inverséiert ginn. De Cannabis koum do direkt op zweeter Plaz komm, direkt hanner dem Alkohol."

Déi meescht benotzen illegal Drog zu Lëtzebuerg ass also der Etüd vun der Initiativ Pipapo no de Cannabis, deen d'Regierung jo nach an dëser Legislaturperiod wëllt legaliséieren. Dëst Resultat confirméiert och den nationalen Drogerapport vun der Lëtzebuerger Regierung. Bal fënnef Prozent vun der Populatioun benotzen eemol d'Joer Cannabis. Bei de Jonken tëscht 15 an 18 Joer leit deen Taux bei eelef Prozent.

D'Drogekonsumente si verschidden

D'Zuel vun de Jonken, déi méi dacks Cannabis benotzen, geet och an d'Luucht. Sou hu bei der Enquête 2018 no 13 Prozent vun de 15 bis 18-Järege matgedeelt, si hätte bannen dem leschte Mount Cannabis consomméiert, wärend et der 2006 nach eelef Prozent waren.

De Carlos Paulos ass de Leeder vun der Initiativ Pipapo

Wat d'Zuel vun de problemateschen Drogekonsumenten zu Lëtzebuerg ugeet, wier d'Zuel réckleefeg, seet den Alain Origer. Dem Drogebeoptraagte vun der Lëtzebuerger Regierung no ginn et den Ament hei am Land eng 2.200 Persounen, déi ee mat engem problemateschen Drogekonsum a Verbindung setzt. D'Grënn an d'Persounen, déi d'Droge consomméieren, sinn ënnerschiddlech.

"Et gëtt deen, deen Droge funktionell asetzt, dat heescht dee se einfach brauch, well e sech méi ënner Drock wëllt setzen oder ze vill ënner Drock ass. Mir schwätzen elo vu professionellen Exigenzen, datt d'Leit mengen, si missten eppes huelen, fir sech opzeputschen. Et ginn awer och déi, déi d'Drog geholl hunn am Ufank, well se dat emol probéiere wollten an dunn drop hänke bliwwe sinn. Et muss een natierlech soen, datt e Minimum vun de Leit a vun der ganzer Mënschheet am Fong, wa se eng Kéier Droge probéieren, drop hänke bleiwen. Mir schwätzen hei wierklech vu problemateschen Drogekonsumenten, mee dat ass u sech eng Minoritéit, wann een et esou wëllt soen."

Och d'Substanzen hu sech iwwer de Laf vun de Jore verännert, esou den Alain Origer. An den 80er Jore goufen et grosso modo véier grouss Substanzen. Dat ware Kokain, Heroin, Cannabis an LSD.

"Mëttlerweil hu mer der, wann een déi synthetesch Drogen dobäi zielt, honnerten an honnerten. Ech menge mir si bei 600 verschiddenen neie syntheteschen Drogen. D'Offer ass méi grouss ginn, de Choix ass méi grouss ginn an deen, deen dat och wierklech funktionell wëllt asetzen, fënnt eng Substanz, wou e stimuléiert gëtt. Wann en dann ze vill Stimulanz huet, hëlt en eppes anescht fir nees erofzekommen. Do kann ee praktesch à la carte eng Emotioun kreéieren. An den 80er Jore war dat net do. Déi Jugend, déi haut eropwiisst, huet eng vill méi grouss Palett, wa si dann interesséiert dru sinn an och natierlech eng vill méi grouss Tentatioun, well en dat vill méi funktionell kann asetzen."

Den Iwwerbléck ze behale wier hei e risege Challenge, esou nach den Drogebeoptraagte vun der Regierung, deen zanter engem véierels Joerhonnert an deem Domaine schafft.

Entwécklung an Ausbreedung vu syntheteschen Drogen

Enn den 80er ass dunn den MDMA oder Extasy dobäi komm an an der Partyzeen grouss ginn, seet den Alain Origer. Hien erënnert sech, datt 1996 déi éischt Saisie vun Extasy gemaach gi sinn.

"En anere grousse Meilestee war d'Ausbreedung vun de syntheteschen Drogen an de Joren 2000 bis 2008. Dat sinn nei synthetesch Drogen. Drogen, déi am Fong erfonnt gi sinn, nei synthetiséiert gi sinn oder Substanzen, déi et scho laang gi sinn an déi dunn hire Wee an de rekreativen Drogekonsum fonnt hunn."

Dat huet ugefaange mat Spice, enger Kraidermëschung, an där synthetesch Cannabinoiden dra waren. En zweete Schratt dee sech entwéckelt huet, sinn déi synthetesch Opioiden, esou den Alain Origer.

"Dat sinn u sech alleguer déi Substanzen, déi eng Struktur vun Opiater hunn oder bei deenen Opiater dobäi sinn, Fentanylen zum Beispill oder och Morphin, déi bis zu 100 méi staark sinn. Dat si ganz geféierlech Produiten, déi awer och zirkuléieren, déi um Darknet zirkuléieren. Dat war u sech déi Zäit vun den 2000er. Dee leschte Meilestee war elo 2014, wou mir e bëssen eng Inondatioun vu Kokain um Marché hunn, zu Lëtzebuerg awer och a ganz Europa."

De Wee op de Stroossemarché?

Den Drogebeoptraagte vun der Lëtzebuerger Regierung mécht sech Suergen, datt déi synthetesch Opioiden de Wee op de Stroossemarché fannen. E Phänomeen, deen ee schonn an anere Länner observéiere kéint. Dat heescht, datt Fentanylen bei Substanzen, déi op der Strooss verkaf ginn, zum Beispill dem Heroin, bäigemëscht ginn, well et méi ekonomesch ass.

"Dat heescht, et ass méi liicht ze beschafen, et ass vill méi potent, mee et ass natierlech och vill méi geféierlech. Wann ee sech do mat enger Dosis e bëssen iert, kann dat ganz séier déidlech Folgen hunn.

Hie schafft zënter engem véierels Joerhonnert am Drogeberäich: Den Alain Origer

Och d'Qualitéit vun de Substanzen hätt sech am Laf vun de Jore verännert. Haut wier et esou, datt, wa mer d'Beispill Heroin huelen, nach 17 Prozent Heroin effektiv enthale sinn, de Rescht si Streck- respektiv Schneidmëttelen esou nach den Alain Origer.

D'Potenz vun den Drogen huet sech verännert

En aneren Trend ass och, datt d'Konzentratioun, zum Beispill beim MDMA oder Extasy, an d'Luucht gaangen ass, seet de Carlos Paulos vun der Initiative Pipapo.

"Virun 20 Joer konnt ee soen, datt eng Pëll eng Dose war. Dat ass definitiv hautdesdaags net méi de Fall. Mir hunn heiansdo Pëllen, dat sinn zwou bis véier Dosen. Dat heescht ganz kloer, datt mir de Konsumente reegelméisseg mat op de Wee ginn, datt een d'Dosen muss fragmentéieren a kucke fir do net an den Iwwerdosage kommen."

Heibäi kann den Drug Checking, oder kuerz Duck, vun der Initiativ Pipapo hëllefen, op deen d'Konsumente kënnen zeréck gräifen, fir hir Substanzen op déi genee Inhaltsstoffer kontrolléieren ze loossen. D'Strategie dohannert: Harm Reduction oder: réduction des risques et des dommages.

Et gëtt dovunner ausgaangen, datt d'Leit souwisou consomméieren. Wa se da consomméieren, solle se och wëssen, wat se consomméieren. Fir den Alain Origer, Drogebeoptraagte vun der Lëtzebuerger Regierung, gëtt et ee magescht Wuert. "Opklärung, Opklärung, Opklärung." A fir de Carlos Paulos vun der Lëtzebuerger Initiative Pipapo ass et kloer, datt "dee gréisste Risiko, egal vu wat ee schwätzt ass, net driwwer ze schwätzen."