Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kann een dat net vun haut op muer maachen"

Relioun a Glaawen

"Et kann een dat net vun haut op muer maachen"

De Ramadan ass den hellege Mount am Islam, bannent deem Mosleme faaschte sollen. Hei am Land wunnen der Shura, der Assemblée vun der muslemescher Gemeinschaft no, geschaten 20.000 Moslemen - e puer Dausend dovunner géifen de Ramadan maachen. Wéi erliewe si de Ramadan zu Lëtzebuerg? A wéi verleeft hiren Alldag?

auto_stories

6 min

"Deen éischte Grond, firwat mir de Ramadan maachen, ass, well Gott eis gefrot huet, fir et ze maachen. Dat ass den Haaptgrond. Dono ginn et Wäisheeten hannendrun, déi ee Schrëtt fir Schrëtt entdeckt. Wa Gott eis gefrot huet, dann ass et zu eise Gonschten. An duerch d'Wëssenschaft fënnt een eraus, datt Faaschte gutt fir de Kierper ass."

seet de Mondher Labidi. De Papp vu véier Kanner huet ee Geschäft zu Esch. Hien erzielt, datt d'Faaschten - also de Verzicht op Iessen an Drénken - et géif erméiglechen, datt de Kierper op Reserven zeréck géif gräifen a sech doduerch rengege géif.

D'Moslemen hätte viru méi wéi dausend Joer ugefaangen ze faaschten. Deemools hätt een nach keng Kenntnisser iwwer d'gesondheetlech Virdeeler gehat. De Mondher Labidi seet, d'Leit deemools hätte Gott vertraut. Gott géif dat wëssen an hien hätt d'Mënschen erschaf.

Sech vu senge Verlaangen e bësse befreien

Mä zum Ramadan géif och ee psychologesche Volet gehéieren. Nämlech, géint all méiglech Zorte vu Verlaangen ze kämpfen. Mat dat géif Übung verlaangen. Dat kéint een net vun haut op muer maachen, seet de Mondher Labidi. Et géif een ufänke géint d'Verlaange fir ze iessen ze kämpfen. "Am Fong ass een am Gaange sech ze entrainéieren. An ouni et ze mierke kann ee sech vu senge Verlaangen e bësse befreien."

De Mondher Labidi faascht och baussent dem Ramadan zwee Deeg an der Woch. Dat wier fir hie wéi een Training virun engem Futtballmatch. Während dem Ramadan fänkt säin Dag mat engem éischte Gebiet géint dräi Auer un, wann déi éischt Liichtstralen optauchen. D'Faaschte gëtt hei am Land während dem Ramadan um hallwer zéng owes gebrach. Dem reliéise Brauch no soll dat mat Dattelen a Waasser gemaach ginn. Den Zocker vun den Dattele géif ganz séier wierken a kéint a bannent zéng Minutten am Gehir ukommen. "Wann ee siwen Dattelen ësst, kann een e ganzen Dag auskommen ouni ze iessen", erzielt de Mondher Labidi.

Net jidderee muss faaschten

Dem Mondher seng Fra, d'Elena Poudova erkläert, datt wann ee moies opsteet a schwaarz Dattelen aus Saudi-Arabien ësst, da wier een de ganzen Dag iwwer protegéiert, dat hätt de Prophet Mohammed gesot. Geschützt wier een da géint Hexereien a géint dat schlecht A. D'Elena Poudova ass Russin. Ier si sech zum Islam convertéiert huet, war si Chrëschtin. Dëst Joer faascht si net, well si niert. Et wier nämlech ënner anerem schwangere Fraen an och Fraen no der Gebuert, Kranken a Leit déi reesen, verbuede fir ze faaschten. Fir d'Owesiesse fir d'Kanner huet si bosnesch Pita preparéiert.

Dattelen, déi am Ramadan vill giess ginn. Foto: Françoise Keller.

Am Hannergrond leeft op der Tëlee eng Liveiwwerdroung vum Gebiet zu Mecca, nodeems d'Faaschte fir deen Dag gebrach gouf. Zu Lëtzebuerg war dat deen Ament awer nach net de Fall. De Mondher Labidi sëtzt deen Dag beim Owesiessen nieft senger Famill, hëlt awer net drun Deel. Seng Duechter Maryam huet néng Joer a mécht och Ramadan, allerdéngs net all Dag. Et wier nämlech heiansdo schwéier, an der Nuecht opzestoe fir ze iessen.

Deele während dem Ramadan

A hirer Klass géifen dräi Kanner faaschten. No der Schoul geet dat jonkt Meedche freides heiansdo mat sengem Papp a senge Gesëschter an d'Moschee. Do iessen d'Leit während dem Ramadan dann och owes zesummen. Hei géif dann och gedeelt ginn, zielt de Mondher:

"Déi, déi hunn, ginn deenen, déi näischt hunn. Heiansdo sinn déi, déi näischt hu jalous, well si och eppes gi wëllen. Wa si kee Geld kënne ginn, da proposéiere si fir ze hëllefen d'Iessen ze preparéieren. An der Moschee gëtt et och een Deel mat enger Kichen. Do si vill Fraen, virun allem Flüchtlingen."

Net d'Faaschten ass ustrengend, mä de Schlofmangel

Am Ramadan wier net d'Faaschten ustrengend, seet de Mondher, mä de Schlofmangel. Nodeems d'Sonn ënnergaangen ass an déi lescht Liichtspueren aus dem Himmel verschwonne sinn, géif d'Bieden nämlech weidergoen. No den obligatoresche fënnef Gebieder iwwer den Dag fänkt owes, nodeems d'Faaschte gebrach gouf, ee gemeinsamt Gebiet un. Hei géif den Imam ufänken, de ganze Koran duerchzegoen. "Wann de Ramadan ufänkt, probéiert een all Dag een Deel vum Koran am Gebiet ze liesen. Et ass dat selwecht Gebiet, mä si widderhuelen et ëmmer erëm", zielt de Mondher.

Et wier een also am Dag an an der Nuecht op. De Mondher zielt weider, datt hien heiansdo géint Mëtternuecht oder eng Auer moies aus der Moschee géif kommen, an dann um dräi Auer erëm misst opstoe fir ze iessen an erëm an d'Moschee misst goe fir d'Moiesgebiet. Duerno géif en dann erëm heemkommen, fir bëssen ze schlofen. Dat wier net obligatoresch, mä hie wéilt dat esou maachen.

Faaschte soll keen Obstakel sinn, fir Leeschtung ze bréngen

A gréisstendeels muslemesche Staate géifen d'Leit bannent dem Ramadan dowéinst virun allem moies an owes schaffen a mëttes raschten, esou nach de Mondher Labidi. De Schlofrhythmus wier eng Ëmstellung seet d'Rashan Celik. Déi gebierteg Tierkin lieft hei am Land a beréit Familljenentreprisen. Si engagéiert sech awer och zanter leschtem Joer fir den interreliéisen Dialog bei der interreliéiser Federatioun fir Weltfridden. Am Beruff sollt d'Faaschten hirer Meenung no keen Obstakel sinn, fir Leeschtung ze bréngen. An et wier och een Zil fir sech zum Beispill am Alldag net iwwer Klengegkeeten opzereegen:

"Datt een net reagéiert, mä ganz bewosst agéiert. Datt een dat dann och am Alldag a sengen Handlungen ëmsetzt. An dat ass d'Erausfuerderung. Datt een trotzdeem schafft a senge Verflichtungen nokënnt an net seet 'Entschëllegt, ech faaschten, ech maachen elo näischt'. Et kann een dat Ganzt och ganz gesond kombinéieren."

Si géif bemierken, datt hir de Ramadan vu Joer zu Joer méi einfach géif falen, seet d'Rashan Celik. An datt si sech gewëss Virsätz géif setzen, zum Beispill, datt si mat hire Matmënschen anescht géif ëmgoen a wierklech ze soen: "Islam ass Fridden, Islam ass Léift", an datt een dat ganz bewosst mat senge Matmënschen auslieft. "Mat menge Wieder a mengen Handlungen, an datt ech dat no baussen droen, wat a mir ass."

Iwwer de Ramadan schwätzen

Si géif et begréissen, datt vill Leit Verständnis fir de Ramadan géifen opbréngen. Allerdéngs hätten och eng Partie Leit Viruerteeler. Si géifen net verstoen, datt méi zum Ramadan gehéiert, wéi de Verzicht op Iessen an Drénken dagsiwwer, seet d'Rashan Celik.

Et wier wichteg, datt d'Leit informéiert sinn, datt een driwwer schwätzt an datt een hinnen och d'Geleeënheet géif ginn, eppes unzezweiwelen, eventuell och unzeprangeren, "Si hunn d'Recht dat ze maachen, an och Froen ze stellen." Si géif sech doriwwer freeën, well dat eng Geleeënheet wier, wou ee villes erkläre kéint, an d'Leit eventuell kéint opklären. Dat misst net ëmmer negativ sinn, mä et géif dorop ukommen, wat een doraus mécht.