Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Two Door Cinema Club - Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et wor emol e Rechemeeschter

Mathematik

Et wor emol e Rechemeeschter

1 + 1 : no Adam Riese gëtt dat 2. Dat weess all Kand, mee wie vun Iech weess, wien den Adam Riese ass? De Riese war en däitsche Rechemeeschter, deen am 16. Joerhonnert als Beamten zu Erfurt Präisser fir Wueren ausgerechent an niewebäi eng Rei Rechebicher erausbruecht huet. Déi haten esou e Succès, datt se och an de Schoulen agesat goufen, esou datt déi Zäit tatsächlech all Kand den Adam Riese kannt huet, an esou de Sproch entstanen ass.

auto_stories

3 min

2019 minus 1559 ..." mécht no Adam Riese" 460. Dësen Abrëll sinn et 460 Joer hier, datt den Adam Riese gestuerwen ass. D'Zuel ass korrekt, mee beim Sproch "no Adam Riese" huet sech am Laf vun de Joren a Joerhonnerten e Feeler erageschlach.

Eventuell well de Mann fir en etlech e Gigant war, well him esou gutt wéi kee Feeler a senge Schrëften nogewise konnt ginn. Mee u sech steet a sämtleche Quellen "Adam Ries"; am Lëtzebuergesche si mir da jo nach ëmmer bei engem risege Mann.

Wie war den Adam Ries(e)?

Iwwer deen net ganz vill gewosst ass. Hien ass 1492 oder 1493 a Franken op d'Welt komm, d'Eltere ware Mëller. Iwwer déi éischt Joerzéngten no senger Gebuert gëtt et guer keng Dokumentatioun, onkloer ass, a wéi enger Schoul hie war, respektiv op hie studéiert huet.

1518 huet hie sech zu Erfurt niddergelooss, well an dëser wichteger Handelsstad Rechemeeschter gesicht goufe fir d'Präisser vun de Wueren auszerechnen, a si sollte sech mat verschiddene Wärungen auskennen. Fir de Ries eng liicht Aufgab. Esou datt hien nieft senger offizieller Aktivitéit och nach eng Recheschoul opgemaach huet a Léierbicher verfaasst huet. De Grond:

"Ein mensch dem zal verborgen ist/
Leichtlich der verfurt wird mit list.
Dis nym zu herzen/bit ich seer/
Vnd yeder sein Kind Rechen leer.
Wie es gegen Gott vnd welt sich halt/
So werden wir ynn Ehren alt."

De Rechemeeschter wollt seng Konscht net fir sech behalen. Engersäits well hien e sozial engagéierte Mënsch war, deemno iwwerzeegt war, datt de Gros vun de Leit - haaptsächlech déi net-Educéiert, déi Mëttellos - bedru géife ginn, wa si net rechne kéinten, mee doriwwer eraus huet hien doru gegleeft, datt déi gëttlech Uerdnung eng mathematesch wier:

"Inn zal/yann Maß/vnd ynn Gewicht/
All ding von Gott sein zugericht."

Modern Rechemethoden

Et gëtt ugeholl, datt den Adam Ries sech während senge Léier- a Wanderjore seng mathematesch Kompetenzen als Autodidakt ugëeegent huet, mee Latäin war him wuel enseignéiert ginn. An awer huet sech de Rechemeeschter géint säin Alphabet an haaptsächlech och seng Zifferen decidéiert. Hien huet realiséiert, datt komplizéiert Rechenexercicë mat réimeschen Zuelen nach méi komplizéiert géife ginn.

Wéi vill mécht zum Beispill XLVII mol XXXIII? Anscheinend MDLI. Mee ech rechne léiwer 47 mol 33 a komme séier an ouni Stress op 1.551. Och den Adam Ries huet sech fir den indesch-arabeschen Zuelesystem decidéiert, an hien huet Rechebicher - net op Latäin - mee op Däitsch erausbruecht, fir e Maximum vu senge Matbierger mat senger Passioun unzestiechen.

Freundschaft addiert, Neid subtrahiert, Haß dividiert, Liebe multipliziert.

Nei mathematesch Methoden oder Beweiser huet den Adam Ries iwweregens net entwéckelt. Hie wollt einfach just hëllefen a geet dowéinst als Ancêtre vun de Mathematiksenseignanten an d'Geschicht an. Esouguer seng eege Famill konnt hie matbegeeschteren: véier vu senge fënnef Bouwen hunn dee selwechte Beruff ergraff. Bis haut huet den Adam-Ries-Bund 23.000 direkt Nokomme vum Rechemeeschter fonnt. Mee de Sproch "no Adam Riese" konnten och si net verhënneren. Verschiddener ginn haut esouguer nach méi wäit a soen "nach Adam Riese und Eva Zwerg" oder "nach Adam Riesling".