Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - On Dit Que l'Argent Parle Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eugène Berger (Alpinist)

Invité am Moies-Magazin

Eugène Berger (Alpinist)

Den 20. Juli 1919 ass de Sir Edmund Hilary zu Auckland an Neuseeland gebuer. An dëser Deeg wäert bestëmmt op ville Plazen uechter Welt un den Edmund Hillary geduecht ginn, oder besser u säin Exploit. Dem Alpinist Edmund Hillary ass et nämlech zesumme mam nepalesesche Biergsteiger a Sherpa Tenzing Norgay gelongen, den 29. Mee 1953 als éischt Mënschen um Mount Everest ze stoen, deem mat 8.848 Meter héchste Buerg vun der Welt.

auto_stories

1 min

Mee och mat deem Exploit ass den Edmund Hillary ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen. Hien huet sech säi Liewe laang fir Natur, d'Bierger an och d'Lous vun de Sherpaen agesat. Hie gouf souguer Éierebierger vum Nepal.

Den Edmund Hillary a säi Sherpa vun deemools, den Tenzing Norgay, sinn 1999 op TIME Lëscht vun den 100 bedeitendste Perséinlechkeeten vum 20 Joerhonnert opgeholl ginn. Den Edmund Hillary ass den 11. Januar 2008 am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Säin Exploit vum Mount Everest ass an d'Geschicht agaangen.

Mee wat heescht et iwwerhaapt, op deem héchste Bierg vun der Welt ze stoen, wéi eng Gedanke ginn engem duerch de Kapp, oder wat kascht dat alles un Ustrengungen?

Invité ass den Eugène Berger, deen Dir vläicht éischter als Politiker an als Deputéierte kennt. Den Eugène Berger ass och mat Leif a Séil Alpinist. An hie stoung als éischte Lëtzebuerger 1992 um Sommet vum Mount Everest.