Uganks November waren 51 asiatesch an europäesch Ausseministeren um Kierchbierg fir den ASEM-Sommet zesumme komm. De Virsëtz vum Sommet haten zwee Europäer: d'EU Aussebeoptracht d'Federica Mogherini an den Ausseminister Jean Asselborn a senger Funktioun hei als EU-Rotspresident. Zwee Sujete hunn dominéiert, de Klimawandel an d'Vernetze vun den europäeschen an asiateschen Acteuren.
Konnektivitéit
Fir d'Federica Mogherini ass d'Konnektivitéit d'Schlësselwuert. D'Konnektivitéit hätt an Europa den Integratiounsprozess an deene leschte 60 Joer ënnerstëtzt. An Asie kéint een elo och ähnlech Initiative vu verschiddenen Acteure feststellen. Sech mat den asiateschen Acteuren ze verbanne wär och fir déi europäesch Unioun intressant, sou d'Federica Mogherini weider. Dowéinst hätt ee verschidde Projeten ofgeschwat fir d'Erfahrungen auszetauschen. Konnektivitéit huet verschidden Aspekter: Infrastrukturen opbauen am Transport oder Energieberäich, am digitale Marché oder och direkt vu Mënsch zu Mënsch.
Sécherheet
Weider wichteg Punkten, déi och um ASEM-Sommet zur Sprooch komm sinn, waren d'Sécherheet an d'Instabilitéit. Virun allem d'Kooperatioun an der Flüchtlings- a Migratiounspolitik, de Kampf géint den Terrorismus a Radikalismus.
Asie wär am Fokus vun der europäescher Aussen- a Sécherheetspolitik, seet d'Federica Mogherini. Am Kontext vum éischten Anniversaire vun der Juncker-Kommissioun constatéiert déi europäesch Beoptraagt fir d'Aussen- a Sécherheetspolitk, datt Asien dee Kontinent ass, dee si am meeschte besicht hätt. Ausser dem Noen Osten an Nordafrika.
De Bilan: Fënnef Visitten an der Regioun, a Korea, China., Japan, Singapur a Malaysia. Dat heescht, datt de Wëlle vun der neier EU-Kommissioun grouss ass, an d'Relatioune mat Asien ze investéieren. An den ASEM-Sommet wär ee ganz wichteg Deel vum Engagement, well ee gleeft, datt Europa an Asien vill Gemeinsamkeeten hu, sou d'Federica Mogherini.
Wat de Kampf géint den Terrorismus ubelaangt, gëtt et dem Jean Asselborn no kee Patentrezept. Et géif awer um Niveau vum ASEM e Konsens fir géint den Terrorismus virzegoen. Et wär ee sech eens, dass de Friddensprozess misst op eng aner Schinn gesat ginn.
Déi aktuell Situatioun géif den Extremisten an Terroristen ëmmer nees Waasser op d'Mille ginn. "Et wär ganz einfach, fir ewech ze komme vun deem Net-Friddensprozess, deen den Ament besteet." De Minister begréisst awer d'Solidaritéit am Kampf géint de sougenannten IS. Indonesien, dat gréisst moslemescht Land vun der Welt, op alle Konferenzen ee moderaten Islam géife propagéieren.
Klimasommet
Och wann et vill Gemeinsamkeete gëtt, sou war et dem Jean Asselborn senger Aschätzung no awer eng Sëtzung vun 51 Ausseministere mat ville sensibele Sujeten. Ee vun de sensibele Sujeten ass de Klima-Sommet Enn vun dësem Mount zu Paräis. De lëtzebuerger Ausseminister ënnersträicht virun allem d'Roll vu China an Indien am Prozess, fir zu Paräis eng Léisung ze fannen.
Haaptthema vum ASEM Sommet ass awer déi sougenannt Konnektivitéit, d'Zesummenaarbecht an esouguer d'Zesummeliewen. Datt de Wëllen do wär, hätt déi relativ staark Präsenz vun den europäeschen an asiateschen Ausseministere gewisen, sou de Jean Asselborn.
D'nächst Joer feiert den ASEM-Sommet säin 20ten Anniversaire zu Ulaanbaatar an der Mongolei. Hei wëllt ee festleeën, a wéi eng Richtung een déi nächst 10 Joer wëll goen.
De 17. November huet den André Dübbers den Asia-Europe-Meeting an der Emissioun Fokus Europa thematiséiert.