Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Betriber besser schützen

Betribsgeheimnis

Europäesch Betriber besser schützen

Betriber besser virum Vol vun Informatiounen an Industriespionage ze schützen. Dat ass d’Haaptzil vun der europäescher Direktiv "Betribsgeheimnis", iwwer déi zanter 2013 zu Bréissel diskutéiert gëtt. Den Text gouf schonn dacks vun europäeschen Deputéierten amendéiert. Am Mäerz kéint e vum Europaparlament gestëmmt ginn. Kritiker gesinn eng Gefor fir d’Informatiounsfräiheet. D’Betribsgeheimnis ass ee juristesche Begrëff mat enger komplexer Definitioun. Journalisten oder Whistleblowere kéinte vun enger Entreprise ugesicht ginn, wa si Informatioune géife verbreeden, déi der Entreprise kéinte schueden.

Kattalin Landaburu / ys

auto_stories

3 min

Eng vu véier Entreprisë soll schonn eng Kéier vertraulech Informatioune geklaut kritt hunn. D’Konsequenze kënne katastrophal sinn. Souwuel fir de Betrib, wéi och fir déi Beschäftegt.

De Fall Valbruna

De Massimo Amenduni ass Direkter vum italienesche Familljebetrib "Valbruna". Enn Januar huet hie virum Europa-Parlament iwwer seng Erfahrunge geschwat. "Ee vun eise fréieren Employéë gouf vun enger indescher Entreprise kontaktéiert. Déi hunn him deen dräifache Salaire an eng Zomm vun 180.000 Euro ugebueden. Als Géigeleeschtung wollte si Betribsgeheimnisser an all eis vertraulech Donnéeën."

D’Konsequenz? D’Entreprise huet eng Produktiounslinn fir stolen Drot mussen zoumaachen. 50 Mataarbechter goufen entlooss an d’Perte louche bei iwwer 235 Milliounen Euro. "Mir brauche gemeinsam Léisungen, fir Betriber aus Drëttlänner ze weisen, datt si sech u verschidde Regele mussen halen, wa si mat Europa wëlle schaffen", huet de Massimo Amenduni gefuerdert.

Grouss Majoritéit an der Komissioun

Dëse Message ass bei den Deputéierte vun der zoustänneger Komissioun ukomm. Den 28. Januar hu si mat grousser Majoritéit fir d’Direktiv vum Betribsgeheimnis gestëmmt. Mam Zil, dem juristesche Mosaik an Europa en Enn ze setzen. Fir d’éischt war et awer néideg, sech iwwer d’Definitioun vum Betribsgeheimnis eens ze ginn.

D’Europadeputéiert Constance Le Grip (PPE) ass Rapporteur vum Text am Parlament. "Meeschtens kënnt d’Betribsgeheimnis virum Depôt vun engem Patent. Rezepter fir d’Fabrikatioun, den Design, déi 'kleng Geheimnisser', déi fir eng Entreprise ee Virsprong par Rapport zur Konkurrenz bedeiten."

Kritik um Betribsgeheimnis

Dës Definitioun ass fir d’Géigner vum Text awer ze large. De franséischen Europadeputéierte Pascal Durant (EGP) kritiséiert, dass d’Direktiv groussen Entreprisen hir Obligatioun zur Transparenz kéint entzéien: "Ech wéilt net, datt Gruppe wéi Total oder Monsanto dësen Text géife benotzen, fir eis herno d’Zesummesetzung vun hire chemesche Produiten beim Fracking net ze ginn, andeems si soen: Nee, Nee, Nee, Betribsgeheimnis."

En aneren Aspekt vum Text huet d’Opmierksamkeet vun der Press op sech gezunn. Fir Journalisten oder Whistleblowere kéint d’Direktiv eng Ofschreckungs-Waff géint d’Informatiounsfräiheet ginn. D’Garantien, déi d’Europadeputéiert virgesinn hunn, sinn net wäit genuch gaange, fir d’Medien ze berouegen.

Dës Angscht wäert de Vote vum Text kaum bremsen. Deen ass bei där nächster Plenière vum Europaparlament am Mäerz virgesinn. Fir eng grouss Majoritéit vun den Europadeputéierte ginn d’Garantië wäit genuch. D’Zil vun der Direktiv ass et virun allem, fir d’Entreprisen an doduerch déi europäesch Kompetitivitéit ze verdeedegen.