Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserschutzdirektiv um Préifstand

Waasserschutz

Waasserschutzdirektiv um Préifstand

Déi wichtegst europäesch Waasserschutzdirektiv gëtt den Ament engem Fitness-Check ënnerzunn. Datt um Enn vun esou enger Iwwerpréiwung d'Ziler kënnen erofgeschrauft ginn, ass deene mannste Bierger bewosst.

auto_stories

1 min

Eng europawäit Petitioun soll hei sensibiliséieren an drop opmierksam maachen, datt d'Waasserqualitéit vun eise Flëss nach laang net den ugestrieften Normen entsprécht.

D'Associatioun Natur & Ëmwelt huet sech hei zu Lëtzebuerg dëser Petitioun ugeholl. Mir hunn eis mat der Laure Cales vun Natur & Ëmwelt iwwer déi europäesch Waasserschutz-Direktiv an d'Petitioun ënnerhalen, a wollte fir d'éischt vun hir wëssen, wéi eng Ziler mat dëser Waasserschutzdirektiv iwwerhaapt erreecht solle ginn.