Radioen

On air

Notturno  |  Between Shelves - Cornered

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Facebook antidemokratesch? Are you sure?

Gesellschaft

Facebook antidemokratesch? Are you sure?

Déi gréng Politikerin Renate Künast huet eng Plainte géint Facebook gemaach. Wéinst engem falschen Zitat. Dat geheit onbequem awer wesentlech Froen iwwer d'Verhältnis vu soziale Medien, Demokratie a Rechtsstaat op.

auto_stories

3 min

Renate Künast mat hirem Handy (Foto: picture alliance / Gregor Fischer)

"Postfaktisch" op Däitsch oder "posttruth" op Englesch ass also zum Wuert vum Joer 2016 gewielt ginn. Bei eist liquide Zäitalter passt, datt een et net richteg definéiere kann. Just ëmschreiwen als ee Wuert dat eis Welt beschreift, "wou et a politeschen a gesellschaftlechen Diskussiounen haut ëmmer méi em Emotiounen amplaz ëm Fakte geet". Et beschreift eng "Demokratie vum Nëtwëssewëllen".

D'Gesellschaft fir däitsch Sprooch huet d'Wuert erausgewielt, well et eng Entwécklung géif ginn "vun der Wourecht zur gefillter Wourecht" a well grouss Bevëlkerungsschichte bereet wieren "an hirem Protest géint 'déi do uewen', Tatsaachen z'ignoréieren a souguer offensichtlech Ligen z'akzeptéieren". Postfaktesch Politik, wéi déi vum zukünftegen amerikanesche President Donald Trump, dee carrement behaapt huet, deen aktuelle President Obama hätt d'Terrororganisatioun "Islamesche Staat" gegrënnt.

Postfaktesch fir sech dout ze laachen

Fir d'Wuert vum Joer ze feieren huet den CSV-Parteichef Marc Spautz d'lescht Woch dat postfaktescht Zäitalter och hei am Land agelaut. Wann och a senger kannereger Variant, mat senger falscher Nouvelle, de Kleeschen a Kleesercherslidder wieren an de Schoule vu verschiddene Gemenge verbuede ginn.

An Italien ass virun engem Mount ee Shitstorm entfacht ginn, opgrond vun enger fake News iwwert e Mann, dee schonn zéng Méint dout ass. Den Ermes Maiolica, och e Nom d'emprunt fir Facebook, hat sech als Umberto Eco ausginn a gepost, datt all déi, déi "Nee" géife wiele beim Referendum iwwer d'Verfassung an Italien Toperte wieren. An datt d'Supporter vum Beppo Grilli souwisou alleguerten "una legione d'imbecilli" wieren. Op Facebook gouf sech dunn dechaînéiert géint den Eco. Dee war awer schonn den 19. Februar dëst Joer gestuerwen, an hat ni sou eppes gesot. Postfaktesch fir sech dout ze laachen.

D'Souveränitéit vum Vollek am Internet

Dee ganz rezenten, postfakteschen Ugrëff op déi gréng Politikerin Renate Künast weist awer, datt fake News um Netz iwwer dat Anekdotescht an d'Satir erausginn, a Facebook zu enger Plattform vu Beleidegung, Verleumdung a Verbreedung vu Rassismus kënne maachen. D'Politikerin hätt gesot et misst een dem Flüchtling a presuméiert Studentinnemäerder vu Freiburg hëllefen, sou d'Falschnoriicht. An engem Interview am Tageblatt sot si, d'Meldung wier dausendfach gedeelt a weidergepost ginn. "Meist durch sehr rechtsorientierte Leute." Eréischt puer Deeg drop huet Facebook reagéiert. D'Künast huet dowéinst eng Plainte gemaach.

Ech wënsche mir natierlech wéi si, datt rietsradikalen Hetzer geriichtlech eng rout Linn gewise gëtt. Mee ech hunn e quokelegt Gefill, wann d'Renate Künast an Anerer vun "Zerstéierung vun der Demokratie" schwätzen. Facebook weist leider, datt Demokratie, d'Herrschaft vum Vollek, keen esou eendeitege Regime ass. Ass Facebook net grad Demokratie, den Zougank vu jidderengem zum Wuert, zur ëffentlecher Meenung? Sti sozial Medien net grad fir d'Weiderentwécklung vun der Demokratiséierung vu Kommunikatiounsmëttelen? Symboliséiert Facebook net grad d'Souveränitéit vum Vollek am Internet?

D'Haaptprinizipie vun der Demokratie

Vläicht wier et un der Zäit, iwwer d’Widerspréchlechkeet vun eiser léiwer Demokratie nozedenken. Ee Regime, an deem universell Wäerter a Mënscherechter deklaréiert ginn, mee an deem nationalistesch Iddien am populäerste sinn. De kontestéierte Verfassungsrechtler Carl Schmitt huet zu Recht drun erënnert - och wa mir dat net gär héieren - datt d'Haaptprinzipie vun der Demokratie d'Identitéit an d'Egalitéit sinn, mee net Fräiheet a Mënscherechter. Faschismus a Bolschewismus waren antiparlamentaresch, mee net antidemokratesch. Wa muer an den europäesche Länner ee Referendum driwwer organiséiert gëtt, also dat souveräänt Vollek em seng Meenung gefrot gëtt an däerf decidéieren, riskéiert d'Doudesstrof net nëmmen an der Tierkei nees agefouert ze ginn.

Op seng Aart a Weis ass Facebook Demokratie a senger rengster Form. Meenungen dausendfach, milliounefach ënner Séngesgläiche kënne verbreeden, seng Fotoe vun der leschter Vakanz oder säin Haass géint Politiker an Auslänner. Faktesch, a wann et muss sinn, postfaktesch.

Iwwer Facebook gëtt net d'Demokratie zersat. Iwwer Facebook gesi mir wéi Demokratie de Rechtsstaat kann zersetzen. Vläicht setze mer eis enges Daags wierklech mat dëser onbequemer Realitéit a Komplexitéit auserneen. Iert et nees ze spéit ass.