Fairtrade-Moud Just een Trend méi?

Ëmmer méi Mënsche wëllen net nëmme wësse vu wou hiert Iessen hirkënnt, mee setzen och bei de Kleeder op e fairen Handel. Mee ass Fairtrade an der Moud just een Trend? Mir hu mat Geschäftsleit geschwat, déi sech dorop spezialiséiert hunn.

Andy Eagle / nw / ckl

Kleederproduktioun.jpg
Kleederproduktioun an Asien: Och deier Marke sinn dobäi (Foto: Bigstock)

Ee fairen Handel ass – egal ob et ëm Iesswueren oder Textil geet – ee kontrolléierten Handel. Doduerch soll garantéiert ginn, datt d'Aarbechter ee Mindestloun ausbezuelt kréien.

Donieft heescht et awer och, datt de Produit ënnert ökologesche Critèrë produzéiert gëtt. Fair Kleedung muss och ëmweltschounend veraarbecht ginn. Domat gemengt ass, zum Beispill, de Verzicht op bleeche mat Chlor oder d’Benotze vu Chemikalien.

Keng Hippie-Kleeder méi

"Bio" a "Fair" ginn dacks Hand an Hand wat de Verkaf vu Fair-Textilien hei am Land betrëfft, seet de Besëtzer vun de "Naturwelten"-Butteker, Lucien Reger. 1985 huet hie säi Buttek opgemaach an 1992 huet hien ugefaange fair gehandelt Kleeder hei am Land ze verkafen.

Vun deemools bis haut huet déi fair Moud awer ee risege Wandel hannert sech. Mat Hippie-Kleeder hätt déi fair Moud wierklech näischt méi ze dinn, betount de Lucien Reger. Fréier wier d’Auswiel kleng gewiescht an et hätt ee bal nëmme Basic-Kleeder kritt, déi de Stempel bio a fair verdéngt haten.

Een Dschungel vu Labelen

De Karel Lambert ass de Besëtzer vum Akabo-Bus an dem Akabo-Buttek. 2015 huet hie fair gehandelt Streetwear an engem Bus op de Lëtzebuerger Marché bruecht, ee Joer méi spéit huet hien zesumme mat Naturwelten ee Buttek opgemaach. Hie seet, et wier och bei der fairer Moud net ëmmer einfach den Duerchbléck ze behalen. "Et gi souvill Labele wéi et Marke gëtt an dat ass e bëssen de Problem. Et ginn der esouvill dass verschidde grouss Marken hiren eegene Label kreéieren".

Virun allem bei de Labele vu grousse Geschäfter wier eng gutt Kontroll net garantéiert. "Label ass net gläich Label", gëtt och de Lucien Reger ze bedenken. Et géingen eng ganz Rei gudder ginn, mä och eng ganz Rëtsch déi net korrekt wieren. D'Cliente géifen duerch grouss ONGe wéi Greenpeace doriwwer opgekläert gi wéi eng Labele seriö schaffen a wéi eng net.

Déi schlëmm Katastroph an enger Textil-Fabréck zu Bangladesch am Joer 2013, déi iwwer dausend Mënschen d’Liewe kascht huet, hätt zu engem Ëmdenke bei de Leit gefouert, esou de Lucien Reger vun Naturwelten. Ville Leit wier et virdrun net wierklech bewosst gewiescht ënner wéi enge Konditiounen hir Kleeder produzéiert gi sinn.

Och deier Marke produzéieren an Asien

D'Critère fir d'Textil-Fabricke wieren zanterhier verschäerft ginn, de Problem wier doduerch awer nach laang net geléist an d'Kontrolle misste méi staark ginn. Duerch d'Katastroph wier d'Thema verschäerft ginn mee et wier awer ee Feeler wann ee géif unhuelen, dass nëmme bëlleg Kleeder-Marken hir Kleeder do produzéiere gelooss hätten.

Och deier Marke wieren involvéiert gewiescht an dofir wieren déi och keng Garantie dofir, dass ënner fairen an ökologesche Konditioune produzéiert gi wier, esou de Lucien Reger.

"Net nëmmen een Trend"

D’Fair-Moud wier sécher keen Trend, seet de Lucien Reger. Hie geet awer dovun aus, datt déi meescht Cliente, déi sech fir fair a bio Moud entscheeden, sech bewosst dofir entscheeden, an ebe kengem Trend no ginn.

Dem Karel Lambert no gi bei hie virun allem déi Leit akafen, déi méi bewosst akafe ginn. Et wier egal ob een eng déck Pai hätt oder eng kleng well een als bewossten Akeefer och fir seng Sue méi Qualitéit wéilt hunn an eng gutt Saach maache mat deene Produiten déi ee keeft.

Nach an de Kannerschong

Wat de Bekanntheetsgrad vun der Branche ugeet, esou wier dat Ganzt nach an de Kannerschong, seetde Lucien Reger. Si wieren ongeféier op deem Punkt, wou d'Bio-Alimentatioun virun 20 Joer war, fir hie wier nach enormt Potenzial do dat een awer ausnotze misst. Et misst een d'Leit dofir méi sensibiliséieren. An der Politik géif scho vill geschéien, wat de Lucien Reger begréisst. Hie géing sech iwwerdeems wënschen, datt méi Geschäftsleit de Wee op fair Moud géinge fannen.

Et wier nach ëmmer verbreete Feeler, dass verschidde Leit mengen, bio a fair Produite wieren net esou héichwäerteg ewéi aner Marken. Déi zwee Geschäftsleit kënne garantéieren, datt dës op mannst genau sou qualitativ héichwäerteg sinn, a ganz niewelaanscht wieren se och méi gesond well bei der Produktioun komplett op Chimie verzicht gëtt. Duerch déi gutt sozial Critèren, déi mussen agehale ginn, géif een och gutt Aarbechtskonditiounen ënnerstëtzen.

Méi zum Thema

Clothes and camera
Blogger zu Lëtzebuerg

Blogge gëtt ëmmer méi populär. An och d'Theme gi méi villfälteg. Zu Lëtzebuerg gëtt et och schonn eng grouss Blogger-Communautéit. Zwou Bloggerinnen erziele vun hirer Motivatioun fir ze schreiwen.

bio2-300x192.jpg

D'Bio-Baueren-Genosseschaft huet op den 31. Dezember d'Zesummenaarbecht mat der Luxlait gekënnegt. Dat well d'Luxlait net bereet war de Biobaueren ee bessere Präis fir hir Mëllech ze bezuelen

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Meenung

    Eng Selektioun vu Kommentaren an Analysen.

Communiquéen

Agenda

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen