Radioen

On air

De Weekend  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Féiwer

Ausbroch

Féiwer

Am Fréijoer 1940 hunn nach vill Lëtzebuerger an de franséischen a britteschen Arméien déi eenzeg Hoffnung gesi géint en däitschen Ausbroch. Dës Hoffnunge sinn awer nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich un der Westfront séier gestuerwen. Bannent just e puer Woche waren d'Nazien Här a Meeschter iwwer grouss Deeler vum westlechen Europa. Natioune wéi Lëtzebuerg, d'Belsch, Holland a Frankräich besat a Groussbritannien ugeschloen. An och zu Lëtzebuerg war d'Situatioun keng einfach.

De 7. Deel vum Vincent Artuso senger Serie "Ausbroch", an där den Historiker den Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg virun 80 Joer aus der Siicht vun enger Pandemie analyséiert.

auto_stories

8 min

Am Fréijoer 1940 hunn nach vill Lëtzebuerger an de franséischen a britteschen Arméien déi eenzeg Hoffnung gesi géint en däitschen Ausbroch, dee si geaant a gefaart hunn. Soubal dee lassgaange wier, hätt d'Regierung Paräis a London ëm Hëllef gebieden. Franséisch Truppen hätte kuerz no den däitsche Lëtzebuerg betratt. Regierung a Grande-Duchesse hätte sech hanner de franséische Linnen a Sécherheet bruecht, ouni d'Land onbedéngt verloossen ze mussen.

De Verlaf vun der Attack hat dee Plang platze gelooss. Däitsch Kommandoen hate mat Seegelfliger strategesch Positiounen am Minett erreecht an déi gehale bis de Gros vun der Trupp ukomm war. Franséisch Unitéite ware bis an Esch virgeréckt, hate sech awer séier erëm hanner der Ligne Maginot positionéiert. Noutgedrongen hu sech Regierung a Grande-Duchesse op Paräis zeréckgezunn.

Hei huet de Lëtzebuerger Chargé d'affaires, wéi virgesinn, gehandelt. Moies fréi, den 10. Mee, ass hien un d'franséisch Regierung erugetrueden an huet duerno déi däitsch Invasioun um Radio denoncéiert. An enger anerer Radiosusprooch huet de Premierminister Dupong spéider déi Däitsch als "barbares de l'Est" bezeechent an estiméiert, datt hir Aggressioun säi Land op d'Säit vun den Alliéierte gedriwwen hat.

Zu deem Zäitpunkt huet zu Paräis nach e raisonnabelen Optimismus geherrscht. Déi Däitsch haten d'Iwwerhand, mee déi hate si och 1914 an zum Schluss hat Frankräich gewonnen. Dës Kéier gouf et allerdéngs kee Wonner un der Marne, mee eng Katastroph an den Ardennen, wou d'Panzerdivisionen hir Attack konzentréiert hunn. Déi komplett iwwerraschte Westmuechten hunn d'Initiativ definitiv verluer. Den 20. Mee hunn déi Däitsch den Äermelkanal erreecht an de britteschen Expeditiounskorps agekesselt. De 9. Juni ware si un der Seine, de 14. zu Paräis an de 16. hu si d'Loire iwwerbréckt.

Den alliéierten Debakel huet d'groussherzoglech Famill an d'Ministeren an eng verzweiwelter Flucht gedriwwen. Wéi d'Fransousen hinnen den 18. Juni annoncéiert hunn, datt si hir Sécherheet net méi kéinte garantéieren, si si a Spuenie gaangen - de Bodson mat falsche Pabeieren, well hien dem Franco seng republikanesch Feinde jorelaang ënnerstëtzt hat.

Dës Anekdot weist scho wéi prekär hiren Openthalt war, an engem Land, wou de Regime zu de Nazie gehalen huet. Den 21. Juni hunn d'Spuenier hir onerwënscht Gäscht gebieden ze goen. D'Portugisen hu si schlussendlech opgeholl, mat der Bedéngung, datt si keng Politik géife maachen. D'Herrscherin an d'Ministere vun engem Land, dat vläicht net méi existéiert huet, ware just nach Flüchtlingen.

Duerchfall

De Kollaps vu Frankräich, no deem vun hirem Land, huet bei de Lëtzebuerger d'Gefill verschäerft, datt hir Welt amgaang war ënnerzegoen - besonnesch well ee Sechstel vun hinnen de jämmerleche Spektakel direkt materlieft hat, matgerass an der schrecklecher Vëlkerwanderung, déi déi rasant Progressioun vun der bronger Pescht verursaacht hat: 50.000 Lëtzebuerger matten an engem Stroum vun zéng Milliounen Hollänner, Belsch, Fransousen.

Ganz Dierfer, Stied si Richtung Südfrankräich gezunn, an dichte Kolonnen, déi d'Beweegung vun enger, sech opléisender, franséischer Arméi weider gestéiert hunn. De Lucien Rebatet, dee faschisteschen Onglécksapostel, huet eng markant Beschreiwung dovunner a sengem Roman "Les Décombres" ginn:

"Tous les aspects de la plus infâme panique se révélaient dans ces voitures, remplies jusqu'à rompre les essieux des chargements les plus hétéroclites, femelles hurlantes, aux tignasses jaunes échevelées se collant dans les trainées de fard fondu et de poussière, mâles en bras de chemise, en nage, exorbités, les nuques violettes, retombés en une heure à l'état de la brute néolithique, [...] belles-mères à demi-mortes d'épouvante et de fatigue, répandues parmi les chienchiens, les empilements de fourrures, d'édredons, de coffrets à bijoux, de cages à oiseaux, de boites de camemberts [...] Au beau milieu de cette folie, un char de combat, serré de toutes parts, toupillait sur ses chenilles, un lieutenant jailli de la tourelle gesticulait comme un sémaphore, jurant qu'il allait charger et tout défoncer. Quelqu'un cria: 'Des avions!'. Les écailles de tôle du monstrueux serpent s'entrechoquèrent dans un fracas accru: 'Mais avancez, avancez, sacré nom de Dieu! On va être mitraillés sur place'. Chacun était prêt dans l'instant à écraser les femmes, à réduire les enfants en bouillie, à déchiqueter sa propre mère pour s'échapper. L'orgueilleux Paris, tordu d'immondes coliques, fuyait au hasard en se conchiant."

No enger laanger Odyssee goufen d'Flüchtlingen aus dem Minett deels an der Bourgogne, deels ëm Montpellier ënnerbruecht, wou Zentere vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ageriicht goufen. D'Ministere Bodson a Krier koumen zu hinne fir hiren Openthalt ze organiséieren an hinnen en Zil ze ginn. D'Minettsdäpp sollte fir déi franséisch Krichsindustrie mobiliséiert ginn; jonk Männer sech an d'Friemelegioun mellen. Mee Mëtt Juni, wéi d'Situatioun am katastrophaalste war, sinn d'Ministeren ouni Erklärung gaangen. Ënner den Evakuéierten huet sech erëm d'Iddi verbreet, datt si am Stach gelooss gi waren.

Do Uawen

Den 10. Mee 1940 war den Eugène Weiss, vun Déifferdeng, knapp 18 Joer al. A sengem Tagebuch huet en seng Impressiounen notéiert iwwer de Flüchtlingsstroum deen, wéi hie schreift:

"das Luxemburger Volk in Aufregung und Tränen versetzte, der Familien auseinanderriss, die einen ins Frankreich, die anderen ins Ösling. Die ersten waren aber Industrielle, Politiker und Juden."

D'Meenung, datt déi dräi leschtgenannte Kategorien d'Vollek verroden haten, war deemools wäit verbreet.

Den Eugène war ënner den 3 bis 4.000 Déifferdenger, déi hir éischt Krichsnuecht an der Galerie Thillebierg verbruecht hate fir de Bommen ze entkommen. Bei dëser Geleeënheet ass hie sengem éischten däitschen Zaldot begéint:

"Beim oberen Galerieneingang steht er. Grasgrüne Uniform, Stahlhelm, in hohen Stiefeln, geschultertem Gewehr und Feldstecher. Schnell laufe ich hin um ihn mir näher anzusehen. Er ist gross und schlank. Auf seinem Gürtel steht 'Gott mit uns'. Er ist ganz zuversichtlich und ist von einem schnellen Sieg überzeugt."

Dem Eugène seng evident Bewonnerung kontrastéiert schaarf mat deem, wat seng Landsleit a Frankräich empfonnt hunn. Hien huet se e puer Deeg duerno nees ausgedréckt. Hien hat déi endlos Prozessioun observéiert vun den Truppen, déi a Richtung Weste marschéiert sinn:

"Viele Soldaten humpelten nur mehr mühselig weiter. Dabei wurde gesungen als ob eine Vergnügungspartie gelte. Da bemerkte ich auch einen Beweis des ungeheuren Drills und der Disziplin des deutschen Soldaten."

D'Verwaltungskommissioun war an d'Tëschenzäit aktiv ginn. Si huet dem Kapitän Aloyse Jacoby den Optrag gi sech ëm déi evakuéiert Minetter ze këmmeren. Seng Fräiwëllegekompanie huet d'Verloosse vun de südlechen Uertschaften ofgeséchert, huet d'Véi agesammelt, souwéi d'Iesswueren an d'Medikamenter, fir se der Bevëlkerung zur Verfügung ze stellen. Eng Institutioun huet also nach funktionéiert. De Kapitän Jacoby a seng Zaldote waren an deene Woche sécher déi populäerste Leit am Land.

Den Eugène a seng Famill goufen e puer Deeg laang an der Stater Handwierkerschoul ënnerbruecht. Duerno si si mat engem Deel vun den Déifferdenger op Ënsber, bei Esch-Sauer, ëmquartéiert ginn. D'Minetter hu bei den Awunner gelieft a sech mat enger Bedeelegung un der Feldaarbecht revanchéiert. Uertskommiteeë goufe gegrënnt fir d'Zesummeliewen ze organiséieren. "Do Uawen" huet de Kulturschock nämlech zu Spannunge geféiert huet, wéi een dat beim Eugène ka liesen:

"Bei unserer Ankunft sahen die Leute in uns eine Bande versoffener Habnichtse und Liederjane die durch Gottes Strafe aus dem Sündenbabel Minette vertrieben wurden und nun hierhin kamen, um sie arm zu essen [...] Diese Meinung hatten sie bekommen durch die Italiener die bei uns waren. Hier im Ösling waren keine Ausländer zu finden, deshalb verstanden sie unter Ausländer verkommene Luxemburger. [...] Wir oder ich sahen in Ihnen eine weltunerfahrene, geizige, klotzköpfige Bauernrasse, die nur sich kennen und dem Nachbar keinen Zipfel vergönnen. So missgönnten sie uns jeden Bissen den wir assen, sahen aber auch unsere Arbeit und schwankten in ihrer Meinung über unsere Brauchbarkeit hin und her."

Den éischten Dag no der Katastroph

De 25. Juni hunn d'Fransousen d'Waffen niddergeluecht. Dee selwechten Dag kruten den Eugène a seng Famill d'Erlabnis heem ze goen. De 25. Juni sinn d'Grande-Duchesse an d'Regierung och zu Lissabon ukomm, entmuecht, perspektivlos a verdaddert. D'Infektioun hat d'Immunsystemer iwwerrannt, mat akute Féiwerschube robust Natiounen a kierzter Zäit niddergeschloen: Lëtzebuerg an e puer Stonnen, Holland a fënnef Deeg, d'Belsch a ronn dräi Wochen, Frankräich a manner wéi zwee Méint.

Wéi d'Féiwer gefall ass, war ganz Westeuropa brong. D'Demokratie war dout, mee d'Vëlker hunn nach geotemt. D'Lëtzebuerger hunn elo manner un hir individuell Iwwerliewenschancë geduecht, wéi un déi vun hirem Land. War Lëtzebuerg nach ze retten? Vill hu sech och gefrot, op all déi dichteg Leit, déi si am Stach gelooss, si net och jorelaang ugelunn haten, wat den Nationalsozialismus ugeet. Eenzeler haten d'Urteel vun der Geschicht schonn akzeptéiert. Den Hitler war fir si net d'Krankheet, mee d'Heelmëttel.