Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat entsprécht d'Dräierkoalitioun dem Wielerwëllen?

Fräie Mikro

Firwat entsprécht d'Dräierkoalitioun dem Wielerwëllen?

D'Verloschter vun der CSV leien am Laangzäittrend vun der gesellschaftlecher Entwécklung an d'Dräierkoalitioun ass d'Resultat vun eisem Wahlsystem. D'Wahlresultat vun 2013 war awer keen Accident, a méi Wieler hunn d'Dräierkoalitioun gestäipt.

auto_stories

4 min

Nach ëmmer liest een an der CSV-noer Dageszeitung Lieserbréiwer vu Wieler, déi sech bedru fillen, well déi stäerkst Fraktioun am Parlament net vu vireran un der Regierung bedeelegt gëtt. Ofgesinn dovun, datt ee sech freet, firwat d'Redaktioun deene Leit net erkläert, firwat dat esou ass, weist dat, datt vill Leit eise Walsystem net verstanen hunn.

Mir wielen nämlech e Parlament, d'Chamber, an net eng Regierung. Dat ass zu Lëtzebuerg anescht wéi a Frankräich oder an den USA, wou mam Majorzsystem méi eendeiteg Majoritéiten an an der Reegel just zwou Fraktiounen am Parlament sëtzen, vun deenen déi majoritär d'Regierung stellt.

Proporz oder Majorz?

Wa mir dat wéilten, misste mir vum Proporzsystem op de Majorzsystem ëmstellen. Do ass an all Wahlbezierk dee Kandidat gewielt, deen d'Hallschecht plus eng Stëmm kritt huet. An anere Wierder: dee Kandidat oder Kandidatin, där eng Stëmm bis zur Hallschent feelt, ass net gewielt; ronn 50 Prozent vun de Wieler sinn dann net am Parlament vertrueden.

Am Proporzsystem, wéi bei eis, sinn awer och kleng Parteien, déi jee no Walbezierk nëmme véier oder zéng Prozent vun de Stëmme kritt hunn, mat engem oder deem aneren Deputéierten an der Chamber. Ech perséinlech fannen dat méi demokratesch.

An der Chamber mussen elo genuch Deputéiert sech zesummefannen, fir mat mindestens 31 vu 60 Stëmmen enger Regierung d'Vertrauen auszeschwätzen. Dat war 2013 a wuel och 2018 méiglech, ouni d'CSV un där Majoritéit ze bedeelegen.

Méi Wieler hunn d'Dräierkoalitioun gestäerkt

D'CSV selwer hat 2013 gemengt, dat wier en Accident, deen net zu lescht duerch hire Spëtzekandidat selwer verschëlt war, well deen eng Rei Warnsignaler net eescht geholl a besonnesch d'Sprengkraaft vun der SREL-Affär net erkannt hat. Si ware bis de Wahlsonndeg, op d'mannst no baussen, iwwerzeegt, datt engersäits déi Dräierkoalitioun géif fréizäiteg an d'Bréch goen an datt anersäits déi Wieler, déi d'CSV 2013 sëtze gelooss haten, erëmkéimen, well si mat där blo-rout-grénger Regierung net zefridde wieren.

Eng Majoritéit vu Wieler huet dat awer anescht gesinn: Haten 2013 45,2 Prozent fir déi dräi Parteie gestëmmt an 31,3 Prozent fir d'CSV, sou waren et der de 14. Oktober 2018 49,6 Prozent, also 4,4 Prozentpunkte méi, déi déi aktuell Regierungsparteien erëmgewielt hunn, an nëmmen 28,3 Prozent, déi fir d'CSV gestëmmt hunn. D'Fortsetzung vun der Dräierkoalitioun entsprécht also absolut dem Wielerwëllen.

2013 war keen Accident

Wann een d'Wahlresultater méi op d'laang Siicht kuckt, war d'Resultat vun 2013 net en eemolegen Accident, wéi am Editorial vun der neister forum-Nummer erkläert gëtt. Et entsprécht einfach enger gesellschaftlecher Entwécklung, opgrond vun där eng CSV net méi mat der automatescher Ënnerstëtzung vun enger konservativer, ländlecher, kathoulescher Wielerschaft ka rechnen, déi hir blannemännerches vertraut, datt si eleng weess, wat gutt ass fir d'Land.

Eng Majoritéit vu Wieler si manifestement frou iwwer déi gesellschaftlech Reforme wéi d'Trennung vu Kierch a Staat, dat gläichgeschlechtlech Bestietnes, déi weider Liberaliséierung vun der Ofdreiwung a sou weider, déi vun der Regierung an de leschte fënnef Joer realiséiert goufen, well keng CSV se konnt verhënneren.

Dat gesäit ee schonn dodrun, datt den Trend an alle véier Wahlbezierker dee selwechte war, datt zanter 2013 manner Wieler iwwer e puer Lëschten ewech panachéieren, an datt och innerhalb vun der CSV éischter nei Leit vill Stëmme kruten, wéi déi traditionell Parteiexponenten.

CSV an LSAP lafen d'Wieler fort

Den Trend weist iwwregens schonn zanter Joerzéngte bei der CSV wéi bei der LSAP no ënnen. Déi meescht Lëtzebuerger gewanne bei der ekonomescher Globaliséierung a falen dofir och net op nationalistesch Parolen eran. Theme wéi Wunnengsnout oder Aarmut si fir si net relevant. Dofir kënnen och weder d'LSAP nach déi Lénk vun den CSV-Verloschter profitéieren. Déi Leit, déi vun deene soziale Froe staark betraff sinn, hunn nämlech kee Wahlrecht, well dat gouf hinnen 2015 beim Referendum refuséiert.

Am forum-Editorial gëtt sech zum Schluss d'Fro gestallt, ob d'CSV net vläicht geschwë mierkt, datt se dach besser hätt, fir e Wahlrecht fir all Awunner anzetrieden. 2019 ginn et honnert Joer, datt der Rietspartei an de Sozialisten de Verdéngscht zoukënnt, d'Wahlrecht fir all Bierger inklusiv fir d'Fraen duerchgesat ze hunn. Mat Hëllef vu Wieler ouni Lëtzebuerger Pass hätt och d'CSV vläicht nees eng Chance an d'Regierung ze kommen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.