Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fort vun de Schreckenszeenarien

Digitaliséierung

Fort vun de Schreckenszeenarien

De Rifkin-Rapport hätt de Fokus virun allem op déi wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg geluecht. Dat sot de Michel Wurth, President vun der Chambre de Commerce den 22. Mäerz d'lescht Joer virun der Press. Wéinst dem Fokus op déi wirtschaftlech Entwécklung wiere verschidde - fir Lëtzebuerg wichteg Entwécklungen - ze kuerz komm.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Den Aarbechtsministère, d'Chambre de Commerce an d'Chambre des Salariés hunn d'lescht Joer eng Etude an Opdrag ginn, déi Erklärungen iwwer déi sozial Konsequenze vun der Digitaliséierung op d'Lëtzebuerger Aarbechtswelt soll ginn. D'Etude gëtt vum Europäeschen Zentrum fir Wirtschaftsfuerschung aus Däitschland duerchgefouert. Et géing drëm goen, fir déi grouss Trends, d'Chancen an d'Risiken fir Lëtzebuerg erauszeschaffen. Wéi eng Aarbechtsplazen an Zukunft verluer wäerte goen a wéi eng net, ass eng vun den zentrale Froen, mat där sech esou Etudë befaassen.

D'lescht Joer hat et geheescht, datt dës Etude - déi den Europäeschen Zentrum fir Wirtschaftsfuerschung duerchféiert - Enn 2017 sollt verëffentlecht ginn. Elo fält d'Publikatioun matzen an de Virwahlkampf vun de Chamberwahlen 2018.

Meeschtens géifen dann awer Schreckenszeenarien dobäi erauskommen, mengt den Terry Gregory vum ZEW. Etuden iwwert méiglech Konsequenze vun der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt op d'Aarbechtsplazunzuel gëtt et - op internationalem Plang - mëttlerweil scho vill.

Déi meescht Etudë vun dëser Zort wiere vu Fuerscher verfaasst, déi éischter Robotikexperte wieren an net reng Wirtschaftsfuerscher, kritiséiert den Terry Gregory, Fuerscher vum Europäeschen Zentrum fir Wirtschaftsfuerschung. Dat ass awer nëmmen eng vu senge Kritiken.