Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Frae bezuele Mikro-Prête méi zouverlässeg zeréck"

Mikrofinanzéierung

"Frae bezuele Mikro-Prête méi zouverlässeg zeréck"

Bal 80 Prozent vun de Leit, déi vu Mikro-Prête vun der ADA profitéieren, si Fraen. A si géifen am Schnëtt déi geléinte Sue besser zeréckbezuele wéi Männer, seet d'Laura Foschi. Si huet zanter Juni d'Direktioun vun der ADA iwwerholl - eng ONG, déi Microfinanzéierungs-Instituter an Zillänner vun der Entwécklungshëllef finanzéiert a begleet.

auto_stories

2 min

Mikro-Prête sollen de Betraffenen d'Méiglechkeet ginn, hir Aktivitéit zum Beispill ze erweideren an doduerch hir Liewensverhältnisser ze verbesseren. Frae mat esou finanzielle Servicer ze viséiere géif hinne méi Selbstvertrauen an Autonomie ginn an hir Roll bannent der Famill an der Gesellschaft veränneren, esou d'Laura Foschi vun der ONG Ënnerstëtzung fir autonom Entwécklung, kuerz ADA.

Datt Fraen d'Prête besser zeréckbezuele géife wéi d'Männer, wier ënner anerem op eng méi responsabel Budgetsgestioun zeréckzeféieren. Si hätten nämlech e bessert Verständnis vun de Besoine bannent der Famill. Fir Frae wier dat een alldeegleche Besoin, fir Ernährung, Gesondheet an Ausbildung. "Dat heescht si wëssen, wéi si dat zousätzlecht Akommes duerch e Mikro-Prêt bannent der Famill verdeele mussen."

Iwwerschëldung vermeiden

D'ADA an de Lëtzebuerger Fong fir Mikro-Finanzéierungen an Entwécklung wielen déi potentiell Partner-Institutiounen no universelle Standarden aus. Et hätt een och scho schlecht Erfarunge mat enger Institutioun gemaach, an där Bedruch bedriwwe gouf.

Fir Iwwerschëldung duerch Mikro-Prêten ze verhënneren, leet d'Organisatioun Wäert dorop, datt d'Clienten d'Sue gutt geréiert kréien. D'lescht Joer wiere Prête fir d'Wunnsituatioun ze verbessere vill gefrot gewiescht. Dës generéieren allerdéngs kee méi e grousst Akommes fir de Client, wat de Risiko vun Iwwerschëldung ka mat sech bréngen.

Wa Persounen esou ee Prêt géifen ufroen, géif gutt dorop opgepasst ginn, datt d'Persoun de Prêt och zeréckbezuele kann, ouni datt dat en Impakt op d'Liewensqualitéit vun hirem Alldag huet. "Mir hu vill mat esou Prête fir d'Wunnsituatioun an Zentralamerika experimentéiert. Si sinn un d'Akommes vun der Famill ugepasst a gestaffelt a Funktioun vun den Aarbechten, déi d'Famill an hire Raimlechkeete maache léisst", seet d'Laura Foschi.

Digital Instrumenter hëllefe Käschten ze reduzéieren

Eng Prioritéit vun ADA wier et den Zougank zu finanzielle Servicer duerch de sougenannten "digital banking" ze verbesseren. Méi wéi annerhallef Milliard Leit hätten nämlech weltwäit keen Zougank zu engem Bankkonto. Et wier also nach Loft no uewen, seet d'Laura Foschi.

Digital Instrumenter kéinten hëllefe fir virun allem d'Käschte vun Transaktiounen ze reduzéieren, souwuel fir d'Mikrofinanzéierungs-Instituter, mee virun allem och fir Leit ze erreechen, déi virun allem a ländleche Géigende wunnen.

D'ADA geréiert e Budget pro Joer vu ronn zéng Milliounen Euro - dee gréissten Deel leeft iwwer eng Konventioun mat der Direction de la Coopération. Déi Rezentst geet iwwer véier Joer an huet eng Enveloppe vun 28 Milliounen Euro.