D'Emissioun Abu Taxi ass ënner den Nolauschterer vun Radio One FM immens beléift: Eng Stonn laang kënne Bierger de Presentateur uruffen an op der Antenn fräi iwwer hir Alldagsproblemer schwätzen. Dat kéngt vläicht banal, mee dëst war während dräi Joer ënner dem IS streng verbueden.
D'Gefill, een Impakt ze hunn
De Gharib Ahmed ass ënner deene sechs Journalisten, déi ufangs 2018, also e puer Méint no der Liberatioun vu Mosul, d'Radiostatioun gegrënnt hunn. Hie war an Däitschland geflücht, mee huet decidéiert fir dëse Projet zeréckzekommen.
"De Mënsch ass op zwou verschidden Aart a Weisen un eng Plaz gebonnen. Fir d'alleréischt duerch seng sozial Relatiounen, mat senger Famill a senge Frënn. Oder duerch seng Erënnerungen. An dann ass de Mënsch och duerch seng perséinlech Ambitioune mat enger Plaz verbonnen. An ech mengen, datt e Journalist ëmmer d'Gefill wëllt hunn, datt hien eppes mécht, datt hien en Impakt huet. An dofir weess ech ganz genee, datt meng Plaz net an Europa ass, mee hei."
Journalistesch onofhängeg sinn
De Projet huet kleng ugefaangen, mee ass an engem Joer gutt gewuess. An hirem neie Gebai huet d'Equipe vu Radio One FM nieft dem Studio e Café opgemaach. Dëst, fir finanziell selbstänneg ze sinn, eng Necessitéit fir onofhängege Journalismus ze garantéieren, mengt de Gharib Ahmed.
"Eis éischt Zil war et, eis Onofhängegkeet ze sécheren. Am Irak gehéieren déi meeschte Medien enger politescher Partei oder soss engem Mënsch, deen en Afloss op d'Politik wëllt hunn. Mir wëllen awer onofhängeg bleiwe fir d'Fräiheet ze hunn, eis eegen Iddien ze entwéckelen."
E geféierlechen Job, och nom IS
Mee gläichzäiteg ass dëst net esou einfach zu Mosul, och nom IS. Och wann d'Journaliste vill méi fräi si wéi virdrun, musse si weiderhin ënner Contraintë schaffen, wa si politesch Sujete behandelen.
"Alles wat politesch ass, ass schonn eng aner Saach. Wa mir iwwer déi lokal Politik berichte wëllen, musse mir oppassen. Mir maachen also ëmmer erëm ganz kleng Schrëtt no vir a bleiwe virsiichteg."
D'Gesellschaft am Fokus
Dem Gharib Ahmed no géif dëst awer net ausschléissen, datt si als Radio en Impakt op d'Leit hunn. Si hu sech als Radio dofir entscheet, un der Verbesserung vum gesellschaftlechen Zesummenhalt ze schaffen.
"Mir hu politesch Sujeten also net als eis Prioritéit festgeluecht. Mir versichen éischter, e ganz breede Publikum unzeschwätzen, och déi jonk. Mir schwätzen iwwer hir Alldagsproblemer, an dat geet vun de Salairë bis hin zu den Relatiounen tëschent de verschidde Communautéiten. A mir versichen, en Afloss op d'Attitüden ze hunn, déi déi Jonk zu Mosul deelweis nach hunn. Vill Jugendlecher ginn eng Rei radikal Iddien aus den IS-Zäiten net lass, a mir wëllen si dozou bréngen, aner Denkschemaen unzehuelen. Dofir schwätze mir doriwwer, datt et och aner Saache ginn am Liewen an aner Stied wéi Mosul, datt si sollen hir eegen Iddien iwwer d'Welt d'forméieren, datt d'Welt grouss ass an immens divers. An datt et Hoffnung gëtt fir d'Zukunft."