Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frësche Wand fir déi erneierbar Energien?

Mäin Europa

Frësche Wand fir déi erneierbar Energien?

Fir 2020 wëllt d'Europäesch Unioun säin Undeel un erneierbaren Energien op 20 Prozent bréngen. 2030 sollen et 32 Prozent sinn. Fir dës Ziler ze erreechen, musse Solar- a Wandenergie staark ausgebaut ginn - och zu Lëtzebuerg. D'Gemeng Wëntger gehéiert hei am Land zu deene Plaze, wou am meeschten Wandrieder gebaut ginn. An den nächste Woche soll hei dee bis ewell gréisste Wandpark säi Betrib ophuelen. De Stephan Polet war op d'Plaz kucken.

auto_stories

5 min

De Claude Boever ass Entrepreneur am Beräich vun der Wandenergie. Zanter gutt 20 Joer entwéckelt a bedreift hie Wandparken. Dat souwuel hei am Land, an der Belsch an a Polen. Fréier hätte Leit gemengt, datt de Claude Boever geckeg wier, zielt hien. "Si hunn de Kapp gerëselt." Mëttlerweil wiere Wandparken e richtege Secteur ginn, "wou net méi gelaacht gëtt".

23,1 Megawatt duerch Wandkraaft

A sengem Heemechtsduerf Déierbech, an der Gemeng Wëntger, huet de Claude Boever elo en neie Wandpark baue gelooss. Enn Februar soll en a Betrib goen. Wat de produzéierte Stroum ugeet, ass et déi bis ewell gréissten Anlag hei am Land.

Siwe Wandmille kommen dohinner stoen, de Rotor huet en Duerchmiesser vun 131 Meter an de Mast ass 134 Meter héich. D'Wandrieder sollen eng Puissance initiale vun 3,3 Megawatt hunn. "Dat gëtt am Ganzen 23,1 Megawatt". De Stroum, deen an der neier Anlag produzéiert gëtt, géif dem Verbrauch vu ronn 17.500 Stéit entspriechen, seet de Claude Boever.

Méi grouss Wandmillen

Am Beräich vun de Wandmillen hätt et mat der Zäit grouss technesch Entwécklunge ginn. 1999 wieren zu Déierbech Wandmille mat 600 Kilowatt gebaut gi mat engem Rotor, deen en Duerchmiesser vun 48 Meter hat. "Dat waren deemools riseg Millen. Hautdesdaags, 2020, hu mer lo Mille mat 100 Meter Rotor, mat 100 Meter Stoltuerm."

Den Trend géif a Richtung méi grouss Mille goen, well een de Präis pro produzéiert Kilowatt misst erofkréien. Dat géif am beschte mat manner Unitéite goen, déi awer méi grouss sinn. D'Transportkäschte wieren ëmmer déi selwecht, egal, ob een e Rotor vu 50, 70 oder 80 Meter wéilt opriichten.

Staatlech Hëllefen

D'Rentabilitéit vun de Wandrieder hänkt awer och staark vum Präis of, dee fir déi produzéiert Energie bezuelt gëtt. "Duerch d'Aktivitéite vun den Amerikaner am Schifergas an de Russe mat dem konventionelle Gas hu mer historesch déif Energiepräisser." 2010 hätt een tëschent 120 an 150 Euro pro Megawatt bezuelt, haut wieren et just nach 35 Euro. "Dat heescht de Stroum ass historesch gesi bëlleg."

Et wier dohier net méiglech Wandenergie ouni staatlech Hëllef hierzestellen. An anere Länner wéi Schottland wier et méiglech ouni Subventioune Wandmillen ze bauen. "Mee do sinn d'Contrainte bal null." Och an de skandinavesche Länner géife Wandmille gebaut ginn, déi zum Deel ouni Subventioune gebaut ginn.

Ureizer vun der Politik

Mat enger Direktiv aus dem Joer 2009 hat d'EU sech d'Zil gesat fir d'erneierbar Energië bis 2020 op 20 Prozent ze hiewen. Och fir déi eenzel Memberstaate goufen hei Ziler festgehalen. Lëtzebuerg muss den Undeel bis dëst Joer op 11 Prozent hiewen - vun 0,9 Prozent am Joer 2004.

Well d'Profitabilitéit vun den erneierbaren Energien net grouss genuch ass, muss d'Politik Ureizer ginn, seet de gréngen Energieminister vu Lëtzebuerg, de Claude Turmes.

"Mir hunn dat lo jorelaang exklusiv gemaach, iwwer sougenannt garantéiert Aspeisepräisser. Ech hu meng Solaranlag bei mir um Daach, an ech kréie quasi e gesetzlech festgeluechte Präis fir all Kilowatt Stonn u gréngem Stroum, deen ech do aspeisen."

Politesche Widderstand

Wéi staark den Afloss vun der Politik op den Ausbau vun den erneierbaren Energien ass, dat huet den Entrepreneur Claude Boever selwer misse mierken, bei engem Projet, deen hien a Pole wollt ëmsetzen.

"Dat war ee gréissere Projet mat 40 Millen an dat war an der Geneemegungsprozedur scho wäit fortgeschratt. Dunn huet a Polen d'Regierung gewiesselt. Virdru waren déi Liberal um Pouvoir. An lo koum déi PiS, déi méi Konservativ sinn. Déi hunn déi Saach aus verschiddene Grënn gebremst. Zanter dem 1. Januar ass lo erëm en Ëmdenken, wou erëm déi Saach réckgängeg gemaach gouf, an ech dann ebe lo meng Männer erëm aktivéieren, fir datt si lo virumaachen, wou mir opgehalen hunn."

Widderstänn vun der Bevëlkerung

Nieft politesche Widderstänn stousse Wandparken och mol op de Widderstand vun der lokaler Populatioun. Bei deem neie Wandpark an der Gemeng Wëntger wier dat awer net de Fall gewiescht, seet de Buergermeeschter vun der Gemeng, de Marcel Thommes. D'Leit hätte sech am Ufank natierlech Suerge gemaach, wat d'Visibilitéit vun de Wandmillen ugeet.

"Déi éischt Jore war dat méi däitlech, datt een do net onbedéngt déi ganz Landschaft wollt gesi mat vill Wandmillen. Ech mengen awer, datt dat mat de Joren awer anescht ugesi gëtt, datt d'Noutwendegkeet vun erneierbaren Energien erkannt gëtt. En anert Theema ass de Kaméidi, an do ass et wichteg, datt ee wäit genuch ewech ass vun den Dierfer."

Eng Méiglechkeet fir d'Bierger mat an d'Boot ze huele wier et, si finanziell un esou engem Projet deelhuelen ze loossen. Bei engem anere Wandpark an der Gemeng, zu Weiler, konnten d'Bewunner vu Wëntger Aktien am Wäert vun am Ganzen enger Millioun Euro kafen a sech esou um Benefice vum Wandpark bedeelegen.

Donieft kann et och fir eng Gemeng vun Interesse si fir esou Parken um eegenen Terrain ze hunn. Am Klimapakt, wou Gemengen dra sinn, géifen et Punkte ginn, wou d'Gemenge besser Bewäertunge kréie kënnen, oder well d'Gemeng Suen iwwer d'Gewerbesteier kéint kréien. De Wëntger Buergermeeschter Marcel Thommes seet awer och, datt een zu Wëntger elo esou direkt keng gréisser Wandparke méi wéilt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.